Laugenstangen mol annecht

Ech han des läst Laugenstangen aus der Truh geholt, se entdiien gelooss an han bei mir gedeit, firwatt net mol jiät annëcht domatt maan. Et kann een se jo einfasch platt drecken an mat jiät beleen an dan baaschen. D0Iddi jiët et natiilrich, sie kënnt net van mir. Ech wollt sie äwer selwer durich denken an net noomaan. an genau do drëm jieet et an dësem Artikel. Een Laugendeeg net ganz platt ausgerullt, mee mat den Fanger auserneengedreckt, dann beleit mat deem wat de Frigo am Angebot hat, mat dësem liit batteren, déif-brongen Goût van Laugengebäck, deen een soss nëmmen van de Brätzelen kennt.

De Reiz do draan, Een normalen Pizza- oder Flammkuchenbuadem schmëcht no Deeg, no Hefe, villäicht no Salz. Een Laugendeeg schmëcht no Röstung, befir en iwerhaupt am Schiäffchien wor. Datt legt aan deem Laugenbad, durich deen dësen Deeg muss befir en gebaasch jiët. Mëchs du den Deeg fir dengt Laugengebäck selwer ass datt die eenzig wichtig Aufgab van dësem Rezept, deen Rest ass nëmmen Hefendeeg

à la Flammkuchen

Dofir brausch ech Sauer Rahm evtl. na bëssen Schmand, Ënnen, Speck an dënn Sträifen geschnidden, Päffer, Muskot, evtl. bessen salz an fir bëssen Frëscheet kann o na eng Sprutz Zitrounensaaft mat drënner gemëscht jiän.

am Pizzastyle

Dofir hualen ech Kiischtentomaten, hual keng Tomaten aus der Bechs. Eng frësch Tomat brengt dir genau dës wässerig Séissheet, déi perfekt zu dëser Krust passt.

fir den Deeg

Wëlls du den Deeg selwer maan, dofir brauschst du Miähl (type 550 oder 405) Waasser, bëssen Hefe, Salz an optional mëllen Botter, datt mëcht de Rand mi mëll, ass äwer keen muss. Laugenbad besteht aus Wasser an Natron an zum Schluss na Salz fir driwer ze streien.

Den Deeg, an friwatt en hei annëcht behandelt jiët wie soss

Hefe, Waasser, Miähl, Salz, du kenns d’Spill. Hefe am Waasser liiesen, kuurz stoen loossen bis sech een liiten Schaum bild, datt weisst die datt Hefe liäft. Datt mëschen ech dann ënner Miähl, vermëschen alles an dann kënnt d’Salz dobäi. Alles zesaammen zu engem glatten Deeg verkniädden, op mannst 8 bis 10 Min. durich kniädden, den Deeg soll sech elastisch an glatt aanféihlen an net mi pëschig aan den Fanger hänken. An enger Schossel bessen Ualig verdeelen, den Deeg dran leen mat engem properen Dousch zoudecken an goen loosen, bis en sech verduabelt hat. Dreck eng kéier mam Fanger dran, bleift eng Dell, ass en fiärdig.

D’Lauge, sie ass den eigentlichen Star van dësem Rezept

Die richtig Natronlauge, wie se an Bäckereien genotz jiët, ass Ätznatron, geféiherlich am Emjiang, an net wirklich wie die normal Haushaltskëchen gedeit, ausser du has die richtig Schutzkléider. Doheem kann een en anneren Trick notzen, deen bal graad su goud fonktionéiert: Natron jiët beim erhëtzen am Waasser zu Natriumcarbonat datt däitlich mi alkalisch ass wie de Natron selwer. De Natron jiët mam Waasser opgekooscht, dobäi verfléiht CO2 an datt watt zereck bleift, ass genau die basisch Verbindung, déi een well.

Firwatt iwerhaupt een Laugenbad? Om Deeg passéiert dobäi jiät, datt een beim normeln Baaschen net fiärdig krëtt. Deen mi hiihen pH-Wiärt liisst Maillard-Reaktioun mi siier an bei mi niddirger Temperatur aafloofen. Dofir jiët d’Krust donkelbrong, an de Spëtzen baal schwarz-brong befir datt Bannëcht iwerhaut durich ass. Datt ass de Laugen-Goût, net séiss, net neutral, mee déif geréistert, bal malzig, mat enger liiter Batterheet, déi dech beim ischten Maufel iwerraschen kann, wanns du et net kenns.

Rulls du den Deeg lo mi dënn aus, dann tauchs du en kuurz an datt waaremt Natronbad nëmmen 20 bis 30 Sekonnen. Du gesegs dann direkt wie sech d’Fläch verännert, sie jiët liit glasig, bal sefig blänkig. Datt ass d’Verseefung vam Fett uawen driwer, een Niäweneffekt deen een o bei den echten Brätzelen gesegt. Dono aafdrëpsen loossen an op aan Baaschblech leen an mat grawem Salz bestreien.

Datt wor eng kleng Erklärung zum Deeg, ech koofen meesten gefruarent Laugengebäck, lossen et endiien an drecken et dann mat de Fanger platt. Den Deeg muss net su dënn se wie bei enger Pizza.

Beleen an baaschen

Hei trennen sech d’Iddien, je noodems op watts du Lost has.

Fir de Flammkousch, loossen ech de Speck an der Pann aus, datt maan ech op niddirg bis mëttel Hëtzt, su datt d’Fett richtig auszéihen kann, do drënner mëschen ech dann Ënnen an loossen alles su lang op mëttel Hëtzt brooden bis sie brong karameliséiert sen. Pann zéihen ech dann van der Plaque an mëschen d’Sauerrahm drënner, sollt datt Ganzt dir net flëssig genou sen, kanns du na eng Schlupp Schmand dobäi schëdden. Datt würzen ech dann mat bëssen Päffer an Muskot. Salz brausch ech normalerweis keent. Dës Mëschung verdeelen ech dann iwert mengem Laugengebäck.

Fir Pizza, wäschen ech Kiischtentomaten an halbéiren se. De Burrate oder Mozzarella schnegden ech an Scheiwen an verdeelen deen op dem Laugengebäck, do driwer leen ech Tomaten, an würzen datt Ganzt mat Basilikum oder italienischen Kregder, evtl. verdelen ech na bëssen Olivenualig uawen drop.

De Schiäffchien han ech well op 250 °C Iäwischt- an Ënnischhëtzt virgewiäremt an su setzen ech datt Ganzt op die ënnischt Schinn fir ongeféier 12 bis 15 Min. an deen waarmen Schiäffchien. Ech setzen datt ënnen an de Schiäffchien, well de Baudem van ënnen knusperig jiän soll. Ech han zwar hei lo Minuten aanjiän wie lang se ongeféier brauschen, et ass äwer ëmmer am besten du behälls datt Ganzt am Au. Subal d’Ränner déifbrong sen an wanns du drop klapps, hual klengen sen se fiärdig, net wann en glaichmässig brong ass, datt jiët dësen Deeg nie ganz.

Raus aus dem Uawen, kuurz, 2 bis 3 Min, ruhen loossen, de Buadem ass direkt aus dem Schiäffchien na liit mëll en verfestigt sech dann äwer wann en liit afkéihlt. Iwert dem Flammkousch verdeelen ech dann paar Drëpsen Zitrouensaaft, datt hëllt datt Séisst van den Ënn no vir an et schnegd durich d’Fettigkeet vam Speck

Fir dran ze bäissen

Watt dech beim ischten Maufel iwerrascht, ass de Kontrast, de Belaag schmëcht wie ëmmer vertraut, äwer de Buadem brengt liit batter, geréistert Nuancen, déi een nëmmen aus enger Brätzeltuut kennt. Et ass keent Rezept datt de Belaag nei erfënnt mee d’Basis tauscht, an dobäi miäriks du richt, wivill su een Buadem eigentlich zum Ganzen bäidrigt.

Ween keng Lost op d’Laugenbad hat, kann sech den Natron o einfasch mat Waasser mëschen an d’Gebäck anpinselen am platz ze tauchen. Den Effekt ass mi schwaasch en jiët äwer ëmmer na m donkel an mi würzig wie deen normalen Buadem.

Laugenstangen mol annecht

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • Fir den Deeg
  • 500 g Miähl (type 550 oder 405)

  • 300 ml Waasser

  • 10 g Hefe

  • 1 TL Salz

  • optional: 30 g mëllen Botter

  • Laugenbad
  • 1,5 L Waasser

  • 3 EL Natron

  • grafft Salz fir ze bestreien

  • à la Flammkousch
  • 200 g sauer Rahm

  • 100 g Speck, an dënn Sträifen geschnidden

  • Päffer

  • Muskot

  • bëssen Zitrounensaaft

  • Fir Pizza
  • 250 g Kiischtentomaten, halbéier

  • 1 Mozzarella oder Burrata

  • Basilikum oder italienisch Kregder

  • bëssen Olivenualig

Zoubereedung

  • fir den Deeg
  • Hefe, Waasser, Miähl, Salz, du kenns d’Spill. Hefe am Waasser liiesen, kuurz stoen loossen bis sech een liiten Schaum bild, datt weisst die datt Hefe liäft. Datt mëschen ech dann ënner Miähl, vermëschen alles an dann kënnt d’Salz dobäi. Alles zesaammen zu engem glatten Deeg verkniädden, op mannst 8 bis 10 Min. durich kniädden, den Deeg soll sech elastisch an glatt aanféihlen an net mi pëschig aan den Fanger hänken. An enger Schossel bessen Ualig verdeelen, den Deeg dran leen mat engem properen Dousch zoudecken an goen loosen, bis en sech verduabelt hat.
  • Laugenbad
  • Natron mam Waasser opkooschen an deen ausgerullten Deeg dran zoppen, 20 bis 30 Sekonnen zéihen loossen, dann raus hualen an goud aadrëpsen loossen.
  • Oder deen ausgerullten Deeg einfasch anpinselen an net zoppen.
  • Mam Salz bestreien
  • à la Flammkousch
  • De Speck op niddirger Hëtzt ausloossen subald datt meest Fett ausgetrodden ass, d’Ënnen drënner mëschen an su lang op niddirger Hëtzt brooden bis se sching karameliséiert sen.
  • D’Pann van der Plaque zéihen an d’Sauer Rahm drënner mëschen, mat Päffer an Muskot würzen.
  • De Belaag om Deeg verdeelen
  • Fir Pizza
  • De Mozzarelle oder Burratta an dënn Scheiwen schnegden am om Deeg verdeelen, do driwer die halbéiert Kiischtentomaten verdeelen, Mat Basilikum oder italiensichen Kregder evtl. bëssen Päffer würzen an bëssen Olivenualig driwer verdeelen.
  • Baaschen
  • De Schiäffchien op 250 °C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen. De Flammkousch an Pizza op die ënnischt Schinn setzen an fir ongeféier 12 bis 15 Min. baaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*