Geméissbréit

Eng goud Bréit as wiärmend, liit verdaulich an beléift bei Gruus an Kleng.

Fir datt eng Bréit goud schmëscht jëtt messtens Gewürzer gehollt wie Cube, eng Past oder Polwer. Sie brengen deen vollen Geschmaasch. Sen einfasch ze verschaffen an et geht siier. An die Gewürzer kann een o bei anneren Saaschen ansetzen. Wie z.B. een Eintopf, Zoossen oder Zalootendressing.

Bei all deen gouden Eegenschaften die eng hausgemaaten Bréit mat sech brengt, soll op paar Saaschen opgepasst jiänn. Fir datt aus enger leckerer, liiter an gesonder Bréit net, durich Geschmacksverstärker, Zocker oder Glukosesirup, Verdeckungsmëttel oder einfasch zevill Salz, eng ongesonden Zopp jëtt.

glas, brett, läffel
gedrëchent Geméissbréit

An dobäi kann een eng Geméissbréit ganz einfasch selwer maan. Mat einfaschen Produkter, wie Muurten, Poretten, Zellerie, Ënnen, Péitersilichwuurzel, Krégder, etc. … Alles an der Këschenmaschin kleng schnegden, am Schiäffchen oder Dörrautomat drëchnen. Dono na eng kéier an Këschenmaschin fir wirklich alles kleng ze kreien, (bëssen Salz) ënnermëschen an et hat een eng polwerähnlich Geméissbréit, déi o na zimlech lang haltbar as, an datt ouni Zousätz.

Meng gedrëchent Bréit as ganz ouni Salz.

Allerdings hat Hogt keen mi Zeckt, oder Zeckt jëtt sech net gehollt fir su eppes selwer ze maan. Et as jo mi einfasch een Cube auszepacken an deen ant Waasser ze schmäissen. Leider as et o su, datt de Lekt hir Geschmaaschsnerven well su aan deen salzigen Goût van deene industriell produzéirten Cuben gewiännt as, datt sie eng Geméissbréit die komplett natriilech as, net mi ässen well se net schmëscht.

An meng Geméissbréit maan ech:

  • Poretten
  • Muurten
  • Knollenzellerie
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • weiss Navet
  • Pastinaken
  • Péitersilichstengel
  • Salz (optional)
  • Lorbeerblaad an Neelcheskäpp

Gekooscht han ech se:

Geméiss han ech virtischt mol grëndlich gewäsch. Ech han o just den Zellerie geschiällt, all datt annert han ech su geloss an a graff Stecker geschnidden.

Ënnen halbéiert an den Knuawléck liit zerdreckt.

Als nächst han ech alles mat den Krégder an eent gruust Dëppen geleit, 6-7 Liter Waasser drop an ech han alles opkooschen gelooss.

Dann han ech Salz dobäi gemaat, Hëtzt raaf gedrigt an Bréit su 4 Stonnen kooschen geloss. 4 Stonnen as villäicht bëssen ze lang, mais ech wollt datt ganzt Geméiss su richtig dugd kooschen, datt deen ganzen Aroma an der Bréit as.

Bréit han ech dann durich eng Passette geschott an se dono na bis op halschent ankooschen geloss, su datt se richtig konzentréiert as. Van 7 L Waasser am Aafank han ech der na 2,5 L. Sie schmëscht su natiirlech extrem salzig.

Salz muss een net ant Bréit maan, ech maan es dran, well ech dës Bréit griistendeels fir würzen van mengen Zoossen hualen, an su han ech direkt genou Salz an menger Zooss.

Die kaal Bréit han ech an Eiswürfelformen aafgefëllt an su angefruaren, su han ech meng natiirlech “Cuben” ëmmer grëffbereet an der Truh stoen.

Geméissbréit

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

4

Stunden 

Watt brausch ech?

  • 4 Muurten

  • 1 Pastinake

  • 2 wäiss Navet

  • 1 Porette

  • van 1 Bott Péitersilich just Stengel

  • 2 Ënnen

  • 2 Ziiwen Knuawléck

  • 200 g Knollenzellerie

  • 1 Lorbeerblaad an 1 Neelcheskapp

  • 30 g Salz (optional)

  • 7 L Waasser

Wie jëtt gekooscht

  • Geméiss grëndlich wäschen an graff hacken, bis op den Zellerie han ech näist geschiällt.
  • ënnen halbéiren, de Knuawléck liit zerdrecken.
  • Geméiss mat den Krégder an eent gruust Dëppen leen, Waasser drop schëdden an opkooschen loossen.
  • Salz dobäi maan, Hëtzt raaf driien an su 3-4 Stonnen kooschen loossen.
  • Durich eng Passette schëdden an viraan verschaffen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*