Gnocchi di patate

Gnocchi sen an der italienischer Këchen kleng “Kniäddelen” aus gekooschten Gromperen, “Hartweizen”-miähl oder Weesenmiähl, je no Rezept mat Ei oder geraspelten Parmesan.

Gnocchi kommen aus deen norditalienischen Regiounen, Lombardei, Piemont an Veneto. An wi bei deen meesten intalienischen Rezepter sen se an den Familjen viraanveriäreft jiänn, su datt Rezepter van Regioun zu Regioun verschidden sen.

Entstannen…

Wahrscheinlich sen Kniäddelen, net nëmmen an Italien, mais Weltwegt aus der Nugd entstannen. Bedingt durich dat aaremt Liäwen woren Bauren gezwongen déi Liäwensmëttel ze notzen déi den Hof aafgeworf hat, an datt watt am eegene Gaard gewaas as.

Su hann vill Länner hir eegen Kniäddelzorten.

  • Gnocchi an Italien
  • An Däitschland an Eisträich fënd een der iwerall an all Bundeland schwört op datt eegent Rezept.
  • Jiaozi aus China, heeschen o Peking-Ravioli oder Chinesisch Ravioli. Sen äwer net ze verwiässelen mam Wantang. Den Deeg van den Jiaozi besteht aus Weesenmiähl, Salz an Waasser an as mi deck. Sie sen meestens mat Schwengefleesch, Bratzelen an goud rauschende Kooschlen gefëllt.
  • Banku sen Kniäddelen aus Gahna, déi aus enger Mëschung van fermentéiertem Maïs an Maniok bestinn.
  • Kniedlach, am englischen o Matze Balles genannt, bestinn aus ongesäiertem Brugdgriess gemëscht mat Waasser an Fett wie Ualeg, Margarin oder Houhnerfett. Kniedlach as jiddisch an sie kommen aus Israel.
  • An mir han natiirlech o eis Kniäddel

D’Kniäddel, eent aaremt Ässen, reich am Geschmaasch.

Et as ëmmer rëm interessant nooséichen ze goen an Rezepter ze vergläichen. Wie eppes entstannen as. An wi sech die verschidden Këchen ënnerscheeden. Während deen fransiischen Koosch mat vill Botter an Rahm exellent Zoossen kooscht, konzentréirert den Italiener sech op datt Wesentlich. Heen setzt mat vill Iwerleeung genau su vill oder wineg Aroma an wie en brausch.

Su jëtt datt fransiischt Gnocchirezept z.B. mat Gromperen, Botter, ganzen Eier an Eijiäll, Miähl, Salz, Peffer & Muskot gemaat.

Kuckt een äwer enger italienischer Nonna op Fanger. An du wees jo wie et as, datt watt eng Nonna oder bei eis d’Bomi seet as Gesetz. 😉

Kommen an Gnocchi just Gromperen, meestens sugar na déi vam Daag virdran, an Miähl.

Gnocchi di patate

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Watt brausch ech?

  • 650 kg Gromperen

  • 200 g Miähl

  • 100 g gewürfelte Guanciale

  • 250 g an dënn Scheiwen geschnidden Kooschelen

  • 50 ml Kooschwaasser van den Gnocchi oder Geméissbréit

  • 1 gehackten Ënnen

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 100 g Parmesan oder Peccorino

Wie jëtt gekooscht

  • Gromperen kooschen an püréiren. (Ech han se an der Schal gekooscht)
  • Miähl ënnerkniädden äwer just su lang bis alles angeschafft as.
  • Wuuschten rullen an a Stecker van ongeféier 2-3 cm schnegden. Mat enger Forschette andrecken oder iwert den Reck van der Forschette aafrullen su datt die typisch Form entsteht,
  • Eent gruust Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op setzen an Gnocchi do dran kooschen bis se schwammen. Raus hualen an waarem halen.
  • Eng Pann op Plaque setzen, wann se waarem as, den Guanciale op mëttler Hëtzt brooden, su datt Fett rauszéien kann.
  • Ënnen an den Knuawléck ënnermëschen an alles op mëttler Hëtzt liit aanbrooden.
  • Als nächst kooschelen ënnermëschen an déi mat brooden bis se mël sen.
  • Hëtzt ropp driien an Gnocchi ënnermëschen, Kooschwaasser oder Bréit drop schëdden an ankooschen loossen
  • Schmaaschen, evtl. bëssen Salzen, ech han op datt alles net mol 0,5 TL Salz gemaat.
  • Dann den Parmesan oder Peccorino ënnerréiren, Pann dobäi goud schwenken fir datt eng crémig Zooss entsteht.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*