Geméisslasagne

Eng gelongen Lasagne as wie eent klengt Konstwiärik, Schischt fir Schischt, mat Nudelen, cremig Zooss an knusprigem Kiiss.

An dann deen herrlichen Geroosch deen aus dem Schiäffchen kennt. Datt Best aan der Lasagne: Jidfereen kann Sischten su gestalten wie een et jiären hat. Mat gréine Nudelen, mat Fleesch, mat Fësch, nëmmen Geméiss…

Geschicht

Zoubereedung van gruusen Deegfladen hat an eng Geschicht déi bis ant 4. Joerhonnert zereck reecht. Et sen mi die geformten Nudelen wu net genau noogewiesen jiän kann wini datt se entstannen sën. An mëttelalterlichen Kooschbéicher as beschriwen wie Fladen aus Hefendeeg an enger Bréit oder Mandelmëlich gekooscht jiän.

Die älst Beschreiwung van der Lasagne as aus engem englischen Kooschbousch aus dem 14te Joerhonnert, wu dran steht “Die gekochten Schichten werden in eine feuerfest Form gelegt und mit Gewürzen und geriebenem Käse bestreut”

O wann den Italiener dovan näist wossen wëll, eent as op alle Fall sëcher, Lasagne mat Bologense kann rischt no 1500 entstannen sen. Well rischt do, den Christopher Kolumbus Tomate mat an Europa breit hat.

Variatiounen

Wie all italienischt Rezept as o Lasagne Regional. Die bekannst bei eis as “alla bolognese” oder “Lasagne al forno”. Sie hat hiren Ursprong an der Emilia-Romagna, wu all Mamma natiirlich hirrt eegent Geheimrezept fir die best Lasagne ënner Verschloss hällt.

Et jiänn äwer ganz ënnerscheedlich Formen van der Lasgane, su jiänn am Süden z.B. Kicheriärbessen mat dran gemaat. An Mailand jëtt jiären Gorgonzola an Kooschelen gehollt, an am Piemont Trüffel. An dann jiänn et na Variatiounen mat Wuuscht, Ricotta an Mozzarella.

Mat der Zékt han sech o ganz raffinéiert Variatiounen entweckelt, wie z.B. Vincisgrassi déi aus Kaleffleesch, Kalefshiren oder Kalefsbries, Kalefsliäwer ersatzweis Houhnerliäwer besteht. Ganz raffinéiert as hei Zoubereedung vam Nuddeldeeg, an deem een Dessertwéng mat angeschafft jëtt an enger Zooss verfeinert mat Cannelle.

Ech maan äwer lo eng Geméisslasagne

Ech han well verschidden Geméisslasagne probéiert an han ëmmer rëm mussen feststellen datt se einfasch iwerlaaden sen mat zevill verschidden Geméisszorten. Datt Béchamel einfasch nëmmen pappig as an datt Tomatenzooss fehlt.

Noom liäsen van geféihlten 100 Rezepter an vill schreiwen han ech selwer jett beineen gefriemelt.

  • Lasagnenuddeln, ech maan meestens meng Nuddelen selwer , han des kéier äwer déi aus dem Pack gehollt an déi erfëllen o hiren Déinst.
  • Chouxfleurs
  • Broccoli
  • Muurten
  • Stangenzellerie
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Tomatenzooss
  • Geméissvelouté
  • bëssen Zitrounensaaft
  • Mozzarella
  • Peffer an Salz
  • Peccorino oder Parmesan

Virbereedung

Ech fänken aan mat der Tomatenzooss. Dofir schnegden ech frësch Tomaten an graff Würfeln, Ënn an Knuawléck graff gehackt. Datt maan ech alles an eng feierfest Form, gemëscht mat italienischen Krégder an bëssen Olivenualeg an setzen déi bei 180°C Grad vir 45 Min. an deen virgewiäremten Schiäffchen.

(Iwerdeems maan ech mein Nuddeldeeg, ech maan mein Nuddeldeeg ganz ouni Salz. Well ech déi virkooschen muss, maan ech dann genou Salz ant Waasser.)

Dann heescht et Geméiss schnibbelen, ech probéiren Russen vam Broccoli an Choufleur su kleng wie miilech ze schnegden. Muurten schnegden ech an dënn Ronselen. Den Zellerie schnegden ech o ganz kleng.

D’Ënnen an den Knuawléck jiän fein gehackt.

Wann Tomaten dann färdeg sen fëllen ech se an eent Dëppen an loossen se opkooschen, evtl, na bëssen Geméissbréit oder Waasser dobäi schëdden. Ech maan keen Zocker an meng Tomatenzooss. Durich Caramelsiéiren am Schiäffchen entsteht Zocker deen Saier an der Tomat ausbalancéiert. As Zooss äwer na ze säierlich, dann kooschen ech eng kleng Muurt mat. Datt Ganzt jëtt dann püréiert, geschmaascht an gewürzt.

Als nächst kooschen ech een Geméissvelouté, eng Béchamel just am Platz van der Mëlich, Geméissbréit hualen. Du kanns äwer o eng einfasch Béchamel maan.

Lo haat ech well baal datt wichtigst vergees, Geméiss. Firtischt brooden ech die gehackten Ënnen mam Knuawléck aan, mëschen dann Muurten drënner an loossen datt bëssen brooden. Dann mëschen ech den Zellerie, Chouxfleurs an Broccoli drënner, würzen alles an ech loossen et ongeféier 20 Min. op mëttler Hëtzt durich zéien. Geméiss soll na bëssfest sen. Wann Geméiss färdeg as, schëdden ech die wäiss Zooss drop an mëschen alles goud.

An dann fänken ech aan mat Schischten. Ech botteren eng feierfest Form an maan bëssen wäiss Zooss ënnendrann. Dann leen ech Nuddelen drop, Geméiss an Tomatenzoss. Eng normal Lasagne hat normal 5 Schischten, et kënnt äwer net op all Schischt Kiss. Ech han hei op die 3 Schischt den Mozzarrella geleit, dann färdeg Geschischt an uawen drop den Rest Mozzarella an vill Peccorino oder Parmesan oder die 2 Zorten 😉

Am waarmen Schiäffchen bei 180°C Grad 30-35 Min. baaschen. Dono raus hualen an 5-10 Min. ruhen loossen.

An watt soll ech soen sie as baal perfekt jiänn.

Geméisslasagne

Geméisslasagne

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

6

Virbereeungszéckt

1

Stunde 
Kooschzéckt

45

Minuten

Watt brausch ech?

  • 1,5 L Tomatenzooss

  • 1,5 L Geméissvelouté oder Béchamel

  • 2 gehackten Ënnen

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 100 g kleng Chouxfleursruusen

  • 100 g kleng Broccoliruusen

  • 100 g an Ronselen geschnidden Muurten

  • 2 Stangen kleng geschnidden Zellerie

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • Peffer & Salz

  • 15 Nuddelen fir Lasagne (datt hängt ëmmer van der Form aaf an van den Schischten)

  • 2-3 Mozzarellabullen

  • frësch geraspelten Peccorino oder Parmesan

Wie jëtt gekooscht

  • An enger waarmer Pann Olivenualeg erhëtzen, Ënnen an den Knuawléck do dran op mëttler Hetzt aanbrooden.
  • Muurten ënnermëschen an mat aandënsten paar Min. durich zéien loossen.
  • Als nächst, den Zellerie, Chouxfleurs an Broccoli drënner mëschen, würzen. Ongeféier 20 Min. op mëttler Hëtzt brooden loossen. 5 Min. viraan Schluss Zitrounensaaft drënner mëschen.
  • Iwerdeems den Schäffchen op 180°C grad virwiärmen. Tomatenzoss an die wäiss Zooss wiärmen. An eng feierfest Form botteren.
  • Wann Geméiss färdeg as die wäiss Zooss drop schëdden. Haal dir just eeng Lousch, déi kënnt ënnen an die feierfest Form.
  • Nuddelen ant Form leen, dann bëssen van der Geméisszooss driwer verdeelen, dann Tomatenzooss, dann rem Nuddelen, Geméisszooss, Tomatenzooss…
  • Eng normal Lasagne hat 5 Schischten op déi kënnt äwer net iwerall Kiiss, ech han hei op der 3ter Schischt den Mozzarella verdeelt, dann han ech fädeg geschischt, deen Rest Mozzarella an vill Peccorino oder Parmesan oder die 2 Zorten driwer verdeelt.
  • Am waarmen Schiäffchen ongeféier 30-35 Min. baaschen. Dono raus hualen an 5-10 Min. ruhen loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*