Tomatenrisotto

Risotto as eng Réductioun van Reis, deen an enger Bréit gekooscht jëtt. Deen bekannsten as den “Risotto alla milanese“. Et jiän äwer 100te verschidden Rezepter, ween dëst Ässen allerdings erfond hat as net wirklich nozeséichen.

Fir een gouden Risotto as et natiirlech net egal watt fir een Reis datt een hëllt. Et soll een sen deen vill Stärke hat an net “parboiled” as. Beim Kooschen sollen Kären deelweis fest beliwen, an sie sollen d’Aromen van der Bréit besser ophualen. Deen bekannsten as den “Carnaroli”.

“Parboiled” bedeit an der Schaal virgekooscht. Et jänn 3 Stuufen vam “parboiling” datt as wässeren, dämpen an drëchnen. Aus deem Grond krëtt een Zorten Reis, déi an 10 Min. gekooscht sen.

Fir dësen Risotto brausch ech:

  • Reis
  • Tomaten
  • Tomtenpürée
  • Bréit
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Parmesan
  • italienisch Gewürzer
  • Botter
  • Peffer & Salz

Gekooscht jët:

Ënnen an den Knuawléck hacken ech kleng.

Tomaten leen ech kuurz an kooschend Waasser, schiälen se, entkären an schnegden se an kleng Würfelen.

Bréit kooschen ech op, an liesen den Tomatenpürée do dran op. Et as egal waat fir eng Bréit datts du hëlls, bei enger Fleeschbréit krëss du mi Goût an den Reis.

An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech Botter an brooden do Ënnen an den Knuawléck aan. Ech han hei lo Tomatenwürfelen dobäi gemaat. Die nächst Kéier wann ech dësen Risotto kooschen maan ech Tomatenstécker rischt zum Schluss dran, su daat o Tomatenstécker dran sen. Am Rezept as et o su beschriwen datt Tomatenstécker mi spéit dran kommen.

Dann schëdden ech den Reis drop an loossen deen glasig aanbrooden. Mam wäisse Wéng läschen ech datt Ganzt aaf, an loossen deen komplett ankooschen.

Dann schëdden ech no an no Bréit drop, ëmmer su datt den Reis just bedeckt as. Ëmmer rëm dran réiren soss brennt die den Reis aan. An su Bréit anschaffen. Normal su no 18 Min. misst den Reis dann al dente sen.

Dann mëschen ech Gewürzer drënner, an een decke Schnatt Botter, driien Plaque aus, loossen Dëppen äwer drop stoen, an réiren den frësch geraspelten Parmesan drënner su datt eng cremig Zooss entsteht.

Dëppen zéihen ech dann van der Plaque raaf an loossen et mat Deckel 2-3 Min. stoen. Dono direkt zervéiren.

Steht den Risotto mi lang bënd Stärke am Reis viraan, an en jëtt pappig, en soll äwer schlotzig bleiwen.

Tomatenrisotto

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 300 g Reis

  • 250 g Tomaten

  • 1 gehackten Ënn

  • 1 gehackten Ziif Knuawléck

  • Botter

  • 100 ml wäisse Wéng

  • 1 TL italienische Gewürzmëschung

  • 1 L Bréit

  • 2 EL Tomatenpürée

  • 60 g frësch geraspelten Parmesan

Zoubereedung

  • Tomaten iwerbréihen an schiälen, entkären an kleng Würfelen schnegden.
  • Bréit opkooschen loossen, an där liesen ech den Tomatenpürée op.
  • An engem waarmen Dëppen Botter erhëtzen, Ënnen an den Knuawléck glasig aanbrooden.
  • De Reis ënnermëschen an glasig aanbrooden.
  • Mam Wéng aafläschen an deen ganz ankooschen loossen.
  • No an no ëmmer rëm bëssen Bréit drop schëdden, su datt den Reis just bedeckt as. Déi ankooschen loossen, dobäi äwer oppassen datt dir den Reis net verbrennt.
  • Subaal den Reis al dente as, datt misst no ongeféier 18 Min. sen mëschen ech Gewürzer, Tomatenwürflen an een goude Schnatt Botter drënner, driien Plaque dann aus, loossen Dëppen äwer op der Plaque stoen.
  • Als nächst réiren ech deen frësch geraspelten Parmesan drënner, su datt eng cremig Zooss entsteht.
  • Dëppen van der Plaque raaf zéihen an mat Deckel 2-3 Min. stoen loossen an dann direkt zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*