Muurtenzaloot

Dofir hualen ech:

  • Muurten
  • Frühlingszwibbelen
  • Knuawléck
  • wäisse Wéngessig
  • Olivenualeg
  • Zitrounensaaft
  • Dill
  • Salz & Peffer

Zoubereedung

as gar nët su schwéier. Muurten han ech geschiällt, an dann mam Sparschiäller, mir han ëmmer Muurtenschappert dozou gesoot, dënn lang Scheiwen raaf geschnidden. Du kanns äwer o ganz einfasch nëmmen Ronselen oder Würfelen schnegden.

Déi han ech dann ganz kuurz am kooschende Salzwaasser blanchéiert. Aafgeschott an auskéilen gelooss, einfasch bëssen auserneen leen dann geht datt mi siier, su mussen o net äiskaal sen.

Als nächst han ech Frühlingszwibbelen an fein Ronselen geschnidden, den Knuawléck mat bëssen Salz fein zerriwen an den Dill gehackt.

Fir Zooss han ech den Essig, Olivenualeg an den Zitrounensaaft goud mateneen vermëscht, dann han ech Frühlingszwibblen, den Dill an den Knuawléck ënnergemëscht. Alles mat Salz an Peffer aafgeschmaascht an iwert Muurten geschott.

Goud vermëschen an 15 Min. durich zéien loossen.

Muurtenzaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

15

Minuten

Watt brausch ech?

  • 700 g Muurten

  • Saaft van enger Zitroun

  • 4 EL Olivenualeg

  • 2 EL wäisse Wéngessig

  • 4 an fein Ronselen geschnidden Frühlingszwibbelen

  • 1 gehackten Ziif Knuawléck

  • 0,5 Botte gehackten Dill

  • Salz & Peffer

Wie jëtt gekooscht

  • Muurten schiälen an mam Sparschiäller an dënn lang Scheiwen schnegden, oder einfasch an Ronselen schnegden.
  • Am kooschende Salzwaasser kuurz blanchéieren an aafkéilen loossen.
  • Fir Zoss, Olivenualeg, Zitrounensaaft an Wéngessig mateneen verréiren.
  • Frühlingszwibbelen, Knuawléck an den Dill ënnermëschen, würzen an schmaaschen.
  • Iwert Muurten schëdden an 15 Min. durich zéien loossen.

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fleesch Gefligel Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Krégder Muurten Olivenualeg Paprika Pasta Peffer Pesto Pizza Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Spargelen Speck Tomaten Wuuscht Zaloot Zocker Zooss Zoossenfond Zopp

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*