Et muss net ëmmer Pasta sen wann et ëm Italien geht. Hei as een deftigen Eintopf mat würziger Salsiccia-Wuuscht, Geméiss an Gromperen an watt net fehlen duaref Italienisch Gewürzer.
Dofir hualen ech:
- Salsiccia
- Olivenualeg
- Poretten
- Muurten
- Gromperen
- Ënnen
- Knuawléck
- Tomatenpürée
- Bréit
- Pelati
- Italienisch Gewürzmëschung
- Salz & Peffer
- Péitersilich
Gekooscht jëtt:
Ech fänken aan mam Geméiss, watt gewäsch muss jiänn wäschen ech. Muurten schiälen ech an schnegden se kleng, Poretten schnegden ech o kleng.
Ënnen an den Knuawléck hacken ech fein.
Gromperen hualen ech klenger, schiälen se an loossen se ganz.
Wuuschten schnegden ech an ongeféier 1 cm déck Daaleren.
An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech Olivenualeg, do brooden ech Ënnen dann aan, sual déi glasig sen, mëschen ech Poretten, Muurten an den Knuawléck drënner. Hëtzt driien ech dann raaf an loossen daat Ganzt ongeféier 30 Min. brooden.
Mëschen dann den Tomtenpürée drënner an brooden deen o mat aan.
Als nächst schëdden ech Bréit drop, loossen déi opkooschen an loossen déi ongeféier bis op Halschent ankooschen.
An dann kënnt den Pelati dobäi. Wann deen bis gekooscht hat leen ech Gromperen dran, maan den Deckel drop an loossen datt Ganzt op niddreger Hëtzt kooschen bis Gromperen mëll sen.
Wuuscht broodden ech an enger anner Pann kräftig aan. Salsiccia as eng italienisch zimlech graff Wuusscht meestens aus Schwengefleesch, et hängt allerdings van der Regioun aaf wu se gemaat jëtt. Wuort Salsiccia bezeechent all Art van Wuuscht an Itailen. Wuuscht as wirklich würzig dofir beim Eintopf bëssen mam würzen oppassen.
Subal Wuuscht aangebrooden as mëschen ech se ënnert den Eintopf. Würzen an schmaaschen.
Fir d’Show streien ech dann bëssen gehackten Péitersilich drop.
Eintopf mat Salsiccia an Gromperen
Schwierigkeit: einfasch4
20
Minuten40
MinutenZutaten
8 Salsiccia-Wuuschten
Olivenualeg
1 kleng geschnidden Porette
1 gehackten Ënnen
2 kleng geschnidden Muurten
2 gehackten Ziiwen Knuawléck
2 EL Tomatenpürée
250 ml Bréit
400 ml Pelati
500 g Gromperen
Salz & Peffer
bëssen gehackte Péitersilich
Zoubereedung
- An engem waarmen Dëppen Olivenualg erhëtzen. Ënnen aanbrooden bis se glasig sen.
- Dann Poretten, Muurten an den Knuawléck ënnermëschen, datt Ganzt op niddreger Hëtzt ongeféier 30 Min. brooden loossen.
- Tomatenpürée ënnermëschen an mat aanbrooden. Hëtzt ropp drien an mat der Bréit aafläschen an déi ongeféier bis op Halschent ankooschen loossen.
- Den Pelati drop schëdden, Gromperen an den Eintopf leen, opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an mat Deckel kooschen loossen bis Gromperen mëll sen. Einfasch heinsdo dran picken fir ze kontrolléiren.
- Wuuscht an Daaleren van ongeféier 1 cm Déckt schnegden, déi an enger annerer Pann kräftig aanbrooden, an kuurz viran Schluss an den Eintopf mëschen. Würzen an schmaaschen.
- Viraam zervéieren na deen gehackte Péitersilich driwer streien.
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Poulet Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten