Coleslaw oder Kappeszaloot

An dësem Blogartikel beschreiwen ech dir wie ech mein Coleslaw zoubereeden. Dës einfasch an köstlich Beilaag ass een beléiften Begleeder bei villen Menüer, besonnëch zu Grillfester an Picknick’s.

Van wu genau den Kappeszaloot stammt ass net genau no ze séichen. Sëcher ass, datt well d’Réimerinnen an d’Réimer Kappeszaloot gäss han. Den Begrëff “Coleslaw” kënnt wahrscheinlich vam hollännischen Wuort “Koolsla”. Et jëtt aanghollt, datt die hollännisch Grënner van New York dës Zaloot mat iwert den Antlantik breit han. Rezepter van Coleslaw fënnt een well an Opzeechnungen aus dem 18ten Joerhonnert.

D’Erfannung van enger Zutat hat Zoubereedung van dëser Zaloot an den USA vir all Zéckt verännert: d’Mayonnaise! D’Mayonnaise ass ségtdeem een onverzichtbaren Bestanddeel van den Rezepter.

Coleslaw kann eng goud Quell fir Ballasstoffer an Vitaminen sen, besonnech wann frëscht Geméiss verschafft jëtt. Allerdings sollt een op den Fettgehalt vam Dressing oppassen, vill Rezepter enthalen vill Mayonnaise. Fir mi eng Gesond Versioun zouzebereeden kann een op Joghurt zereckgreifen oder den Joghurt mat Mayonnaise mëschen.

Fir Coleslaw zouzebreeden brausch ech:

  • eent Schnégdbrett
  • eent Messer
  • eng Mandoline
  • eng Raspel
  • Läffelsgeschiier fir Zaloot ze mëschen

Zoubereedung:

Den Kappes halbéiren ech an schnégden den Stronk raus. Op der Mandoline huwelen ech die 2 Zorten Kappes an fein Streifen. Ech loossen die 2 Zorten äwer na getrennt. Op all Zort maan ech 1 TL Salz an kniädden en kräftig durich, bis aafänk Flëssigkeet auszetrëdden.

D’Muurten schiälen ech, an raspelen se op fein. An o déi mëschen ech mat bëssen Salz an kniädden se goud durich.

D’Ënnen schiälen ech an hacken se fein.

De Knuawléck jëtt geschiällt an fein zerriwen. Knuawléck ass keen typischen Bestanddeel vam Coleslaw, mir schmëscht datt äwwr goud.

An enger Schossel mëschen ech d’Mayonnaise, den Wäissewéngessig, den Zitrounensaaft, Salz an Peffer.

Deen rugden Kappes schëdden ech op eng Passette, an wäschen en ënner fléissendem kaalen Waasser aaf, dann knuttschen ech en kräftig aus, su datt die meest Flëssigkeet rausgepresst jëtt. Deen leen ech dann an eng gruuss Schossel.

Deen wäissen Kappes wäschen ech net aaf, deen knuttschen ech just kräftig aus an leen bei deen rugde Kappes ant Schossel.

Genausu maan ech et mat den Muurten, o déi wäschen ech net aaf, knuttschen se just aus an leen se bei den Kappes.

Ech maan datt su, well den Kappes zéiht ganz vill Waasser, ausserdeem wann ech deen rugden Kappes net aafwäschen hëllt die ganz Zaloot die rugd Faaref aan an alles ass rugd. Dodurich, datt ech den rugde Kappes aafwäschen an alles goud auspressen jëtt Zooss zwar liit rosa, mais sämtlich Zutaten behalen grisstendeels hir Faaref. Et ass also mi fir d’Au firwatt ech datt maan, et ännert äwer näist aan deem gouden Geschmaasch.

Als nächst schëdden ech Zooss drop, an mëschen die gehackten Ënnen an den Knuawléck mat drënner. Alles goud mateneen vermëschen, schmaaschen, an evtl, na nowürzen. Kann o sen datt na bëssen Essig dran muss, datt hänkt äwer dofaan aaf wie sauer datts du en wëlls han.

Zutaten

  • rugden Kappes
  • wäissen Kappes
  • Muurten
  • Ënnen
  • optional: Knuawléck
  • Mayonnais, oder Joghurt mat Mayonnaise gemëscht
  • Dijon Mostert
  • Wäissewéngessig
  • Zitrounensaaft
  • Salz & Peffer

Tipps

  1. Wanns du Zéckt sparen wëlls, kanns du well die färdig gschnidden Muurten an Kappes am Buttik koofen. Hei rooden ech dir äwer alles grëndlich ze wäschen befirs du mat der Zoubereedung aafänks.
  2. Variiéier mat den Zutaten, du kanns z.B. na bëssen Zellerie ënnermëschen, oder mat Äppelssig an Äppel Zaloot zoubereeden.
  3. Coleslaw schmëscht am besten wann en frësch zoubereed ass. Du kanns en äwer o well een Daag am viraus zoubereeden, schmaasch en äwer viraam zervéiren an würz en evtl. na bëssen no.

Varianten

Amerikanisch: Die amerikanisch Variant jëtt typischerweis mat Mayonnaise gemaat. Du kanns se äwer o nëmmen mat natur Joghurt oder eng Mëschung aus Joghurt an Mayonnaise maan.

Europäisch: Die Europäisch Variant jëtt dachs mat enger Essig-Ualeg-Vinägrette gemaat. Fir den Kappes na mi mëll ze kreien kanns du o eng waarem Vinägrette driwer schëdden.

Coleslaw

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

25

Minuten

Zutaten

  • 0,5 rugde Kappes, op der Mandolin gehuwelt

  • 0,5 wäissen Kappes, op der Mandoline gehuwelt

  • 2-3 mëttlegruus Muurten, fein geraspelt

  • Salz

  • 1 Ënn, gehackt

  • optional: 1 Ziif Knuawléck, fein zerriwen

  • Fir Zooss
  • 3-4 EL Mayonnaise oder Joghurt

  • 2-3 El Wäissewéngessig

  • 1 TL Dijon Mostert

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • Salz & Peffer

Zoubereedung

  • Deen rugde Kappes mat 1 TL Salz mëschen an goud durich kniädden, bis aafänkt Flëssigkeet auszetrëdden
  • Deen wäisse Kappes mat 1 Tl Salz vermëschen an goud durich kniädden, bis aafänkt Flëssigkeet auszetrëdden.
  • Muurten o mat bëssen Salz mëschen an goud durich Kniädden.
  • Deen rugden Kappes op eng Passette schëdden an ënner kaalem Waasser aafwäschen, goud auspressen, an eng gruuss Schossel leen.
  • Deen wäissen Kappes an d’Muurten, net aafwäschen! Goud auspressen an bei deen rugden Kappes ant Schossel leen
  • Fir Zooss
  • Mayonnaise, Mostert, Zitrouensaaft, Gewürzer an den Essig mëschen.
  • Iwert den Kappes schëdden, an mat den Ënnen an dem Knuawléck goud vermëschen.
  • Viraam zervéiren na eng kéier schmaaschen an evtl. noowürzen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*