Gurken, Paprika, Tomaten, Kräuter, Zwiebeln, Schalotten, Dressing

Cornichon-Paprika-Zaloot

Cornichon-Paprika-Zaloot as eng knackig Mëschung aus dënn geschniddene Cornichon an Paprika, déi an enger würziger Vinägrette oder Joghurtzooss marinéiert jëtt. Cornichon suargen fir eng erfrëschend Textur, während de Paprika een liiten séissen an herzhaften Geschmaasch mat brengt. Dachs jiänn Ënnen oder Schalotten an Dill oder anner frësch Krégder ënnergemëscht, fir den Geschmaasch ze verstiärken. Dës Zaloot as eng fantastisch Beilaag bei gergrilltem Fësch, Flesch oder einfasch als liiten Summerzaloot. Kombinatioun van Geméiss an Dressing mëcht dës Zaloot zu enger gesonder Beilaag fir all Ässen.

Watt mëcht dës Zaloot aus?

Et jiänn vill verschidden Tomaten- Cornichon- Zalooten, ech han der o selwer hei op mengem Blog wie Pico de gallo an Shirazizaloot, Su eng Zalooten sollen ëmmer su zoubereed jiänn, datt eent datt frëscht schmëscht, sie soll net iwerlaaden sen mat engem schwéiren Dressing. Den Dressing soll dofir do sen sämtlich Aromen ze ënnerstetzen. Datt erwaard dech bei dësem Zaloot:

  • Dës Zaloot as siier zoubereed, et as zwar bëssen Schnibbelaarbicht mais déi hällt sech an Grenzen an iwerfuadert keen.
  • Beim Dressing kann een näist falsch maan, well en nëmmen aus winigen Zutaten besteht déi een iwerall ze koofen krëtt.
  • Dës Zaloot as een richtigt Powerfood voll wiärtvoll Vitaminen, eent liit Ässen mat wineg Kalorien.
  • Dës Zaloot passt bei gebroodend oder gegrilltent Fleesch an Fësch. Oder ganz vegetarisch bei Brootgromperen oder Gromperen aus dem Schiäffchen.
  • Wanns du alles kleng Würfels kanns du dës Zaloot wonnerbaar als Bruschetta verschaffen an bei den Apéritifs reechen.
  • Mat verschidden mediterran Krégder krëtt dës Zaloot na zousätzlichen mi Aroma

Fir dëst Rezept brausch ech?

  • Geméisscornichon, natiirlech ëmmer op Qualitéit oppassen, ech koofen meng om Frëschmaart zu Dikrich
  • Tomaten, Tomaten sollen goud zégdig sen, am besten sën natiirlech déi aus dem eegene Gaart.
  • rugden Paprika, an o den Paprika kënnt vam Maart.
  • Schalotten
  • Olivenualg
  • Zitrounensaaft
  • Salz
  • Peffer
  • Basilikum
  • Fenchelkrogt, ech haat leider keent do, an han Fenchelsoom am Mörser zerriwen.
  • Mënz, durich Mënz krëtt dës Zaloot na een wegderen Frëschenkick
  • Péitersilich

Zoubereedung

Cornichon wanns du se net schiälls, grëndlich wäschen an op der Mandoline an dënn Scheiwen huwelen. Du kanns Cornichon allerdings o kleng Würfelen, oder an Halefronselen schnégden, du kanns se entkären oder o net. Wann se bis geschnidden sen op eng Sei leen an Salz driwer streien, mëschen an su eng goud halef Stonn stoen loossen, su zéiht Waasser raus an o evtl. enthaalen Batterstoffer.

Als nächst schnégden ech Tomaten an graff Würfelen an déi loossen ech o mat bëssen Salz aafdrëppsen.

De Paprika wäschen ech dann jëtt en entkärt an ech schnégden deen dann an dënn Streifen.

Schalotten han ech an dënn Ronselen geschnidden, du kanns se äwer o hacken.

Krégder hacken ech fein. Du kanns vam Fenchel Krogt hualen an datt mat kleng hacken, ech haat leider keen do an han su nëmmen bëssen Fenchelsoom gehollt deen ech am Mörser zerriwen han.

Fir Zooss mëschen ech den Olivenualeg, Zitrounensaaft an Peffer, mam Salz waarden ech na bis den Zaloot vermëscht as.

Cornichon an Tomaten wäschen ech ënner kaalem Waasser aaf, an mësch alles mam Paprika an enger Schossel, dann schëdden ech Zooss driwer an vermëschen alles goud mateneen. Am Frigo eng halef Stonn durich zéien lossen, schmaaschen an evtl. na bëssen Salzen.

Zaloot lisst sech goud een Daag am viraus virbereeden, et jëtt besser watt en mi lang durich zéiht. Et as äwer keng Zaloot déi een ze lang am Frigo opbewahren soll, ënnerhaltb van 48 Stonnen soll en verziärt sen.

Dës Zaloot kanns du na verfeineren mat Rugdewéngessig oder Balsamico, mat anneren Medtierrane Krégder an mat Feta, Oliven, Artichaud, Mozzarella…

Cornichon-Paprika-Zaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 2 an dënn Scheiwen Geschnidden Geméisscornichon

  • 2-3 an graff Würfel geschnidden Tomaten

  • 2 an dënn Streifen geschnidden rugd Paprika

  • 2 an dënn Ronslen geschnidden Schalotten

  • 6 EL Olivenualeg

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 4 EL gehackten Péitersilich

  • 1 EL gehackten frëschen Basilikum

  • 1 EL gehackt Fenchelkrogt

  • 1 EL gehackten Mënz

  • Peffer & Salz

Zoubereedung

  • Cornichon an Tomaten an eng Sei leen, salzen an su ongeféier 30 Min. aafdrëpsen loossen. Dono grëndlich ënner kaalem Waasser aafwäschen.
  • An enger Schossel, Cornichon, Tomaten, de Paprika an Schalotten mëschen.
  • Sämtlich gehackten Krégder ënnermëschen.
  • Fir Zooss Olivenualeg, Zitrounensaaft an bëssen Peffer mateneen vermëschen an iwert Zaloot schëdden.
  • Alles goud mëschen an am Frigo eng halef Stonn durichzéihen lossen. Schmaaschen an evtl. na bëssen salzen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*