Kohlsteak mit Hack

Kappesteak mat Gehacktes

Kappessteak mat Gehacktes sen eent herzhaft Ässen an voller Geschmaasch, datt traditionell Aromen mat Kreatitivéit verbënnt. Dofir hualen ech Kappesscheiwen, déi mat Ënnen an mat Gewürzer an Krégder verfeinert Gehacktes beleit jiänn. Am waarmen Schiäffchen jëtt datt Ganzt dann gebrooden bis den Kappes durich mëll as. Dësen Menü as net nëmmen köstlich mais en as gesond an en mëcht satt. Kombinatioun aus deem mëllen Kappesgeschmaasch an deem herzhaften Gehacktes maan dësen Menü zu engem perfekten Ässen datt all Honger zefriddenstellt.

De Kappes virbereeden:

Die bausecht Bläder vam Kappes raaf hualen, an de Kapp dann an Schweiwen von ongeféier 1-1,5 cm Déckt schnégden. Dës Scheiwen op een mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech leen an van deen 2 Ségten mat Salz an Peffer würzen.

Gehacktes virbereeden

Fir Gehacktes do has du wiäll, Rand, Schwéng, gemëcht oder Gefligel datt kanns du ganz dengem perséinlichen Geschmaasch aanpassen. Bei mir as et ëmmer ongewürztent Randsgehacktes, datt ech o ganz dachs selwer maan. Datt mëschen ech mat engem harden Brigdchen, datt ech an Mëlich opgeweecht han. Gewürzt jëtt dës Mëschung mat schwarzem Peffer, Salz, Oregano, bëssen Muskot, gehackten Ënnen an Knuawléck. Watt ech na ganz jiären an Gehacktes maan as 1/4 bis 1/2 TL Canelle. Well ech nëmmen mat Rangsgehacktes schaffen mëchen ech o na ëmmer 1-2 El Olivenualeg oder neutralen Ualeg drënner. De Ualeg verbënnt sëch mam Brugd an d’Fleesch bleift dodurich mi saaftig wann et gebrooden jëtt, datt klappt o mat Botter oder Botterschmalz. Du kanns natiirlech déi Gewürzer hualen déi dengem Geschmaasch entsprechen. Dann Gehacktes zu decken Bouletten formen an op dem Kappesteak platt drecken.

Virbereedung an brooden

De Schiäffchen op 180°C virwiärmen.

Ënnen schnégden ech op der Mandoline an dënn Scheiwen.

Op all Kappesscheif, d’Ënnen verdeelen an Gehacktes drop leen. Hei kanns du lo eng Zooss drop maan, wie z.B. eng goud angekooschten Tomatenzooss an dann bëssen Kiiss oder Mozzarella, oder eng Zooss aus Joghurt, Ketchup, Dill an Frühlingszwibbelen. Oder einfasch nëmmen Kiiss. Am waarmen Schiäffchen ongeféier 35 Min. brooden.

Varianten

  1. Vegetarisch/Vegan: Anstatt van Gehacktes kanns du Geméiss, Reis, Quinoa oder Tofu verwenden. Gewürzer an Krégder kannen d’Aromen verstiäriken.
  2. Orientalisch: Am platz datt Tradtionellt Gehacktes, hual Lammhack, gewürzt mat deen typischen Gewürzer wie, Kurkuma, Neelcheskäpp, Muskoot, Koriander, Cumin, Kardamom, Canelle, Sumach, Mënz, Paprikapolwer… Zervéiert mat engem erfrëschendem Joghurt-Zitrounen-Dipp oder enger Taztziki.
  3. Asiatisch: Fleesch mat Sojazooss, Ingwer an Knuawléck würzen. Mat enger séiss-sauerer oder enger Chili-Zooss
  4. Kiiss: Du kanns Gehacktes mat Kiiss mëschen, oder du fëlls den Patti mat Kiiss oder Ham an Kiiss.
  5. Tomatenzooss: Tomatenzoss kanns du o direkt op Kappesscheiwen verdeelen ärs du deen Rest drop verdeels. Gewürzt mat Krégder, krëtt dëst Ässen een mediterranen Touch.
  6. Scharef Variant: Dann jëtt et na die scharef Variant, mësch dengt Gehacktes mat frëschem Chili oder Cayennepeffer. Op den Kappesscheiwen kanns du bëssen Cayennepeffer verdeelen.

Varianten sen endlos, du kanns Gehacktes an Gewürzer ganz dengem perséinlichen Geschmaasch aanpassen. Experimentéier an maan deng ganz eegen Variatioun van dësen Kappessteaken mat Gehacktes.

Beilaagen:

  • Gromperen, an allen Variatiounen op am Schiäffchen gebaasch, Fritten, Pürée oder die ganze einfasch Salzgromper, sie passen ëmmer bei dësen Menü
  • Reis, deen klassische gekooschten Pilawreis oder o Türkischen Reis as eng ganz klassisch Beilaag bei dësem Menü.
  • Geméiss, gedënst oder gegrilltent Geméiss wie Muurten, gréin Bungen oder Muurten mat Iärbessen sen eng wonnerbar Beilaag bei dësem Menü.
  • Zalooten, een liiten Bläderzaloot mat engem einfaschen Dressing kann eng erfrëschend Beilaag sën.
  • Brugd, frëscht Brugd, Baguette oder een würzigen Focaccia eegnen sech goud fir eventuell Zoossen opzehualen.
  • Kompott, een fruuchtigen Kompott aus Äppel oder Preiselbeeren, kann een séissen Kontrast zum Kappes béiden.
  • Zoossen, van enger deftiger Brootzooss bis zu Tomatenzooss, oder engem erfrëschenden Dip, passt alles bei dëst Ässen.

D’Wiäll van den Beilaagen hängt van denger perséinlicher Virléift an deem regionalen Afloss aaf. Du kanns o verschidden Beilaagen kombinéiren, fir eent aafwiässlungsräicht Ässen ze kooschen.

Kappesteak mat Gehacktes

Rezept von Josiane
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • De Kappes
  • 1 wäissen Kappes an Scheiwen van 1-1,5 cm geschnidden.

  • Salz

  • schwarze Peffer

  • 2 an dënn Scheiwen geschnidden Ënnen

  • Gehacktes
  • 800 g Gehacktes (Rand, Schwéng oder gemëscht)

  • 1 gehackten Ënn

  • 1 fein gehackten Ziif Knuawléck

  • 1 aalt Brigdchen an bëssen Mëlich ageweecht an goud ausgedreckt

  • 2 TL Salz

  • 1 TL schwarze Peffer

  • 1 TL Oregano

  • bëssen Muskot

  • 2 EL Olivenualeg oder neutralen Ualeg (hualen ech just beim Rands- oder Gefligelgehacktes)

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 180°C virwiärmen.
  • Kappesscheiwen op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blesch leen. Mat Salz an Peffer van 2 Ségten würzen
  • D’Ënnenscheiwen op dem Kappes verdeelen.
  • Sämtlich Zutaten fir Gehacktes goud mateneen vermëschen an Bouletten formen.
  • Op dem Kappessteak auserneen drecken.
  • Am waarmen Schiäffchen fir ongeféier 35 Min. brooden.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*