Gefëllten Paprika

Gefëllt Paprika “à la ratatouille”, gebaasch op crémigem Gromperenpürée, vereent d’Aromen van der mediterraner Këchen an engem harmonischen Ässen. Dës vegetarisch, bont Mëschung aus Paprika gefëllt mat enger delikater Ratatouille aus frëschem Geméiss, jëtt dësem Ässen net nëmmen een attraktiven visuellen Effekt, mais o eng Geschmaaschexplosioun. Datt Ganzt jëtt durich deen crémigen Grompernpürée aafgeronnt, deen die perfekt Basis fir die vill Aromen béid. Eng kulinarisch Delikatesse déi den Summer zereck op dein Teller brengt.

Zutaten

  • gruuss Paprika, verschidden Faarwen
  • Courgette
  • Aubergine
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Zitrounensaaft
  • Tomaten
  • gedrëchent Krégder aus der Provence
  • Salz & Peffer
  • Olivenualeg fir ze brooden
  • frësch geriwene Parmesan
  • frësch geriwene Gruyère

Fir den Gromperenpürée

  • Gromperen
  • Botter
  • Mëllich
  • Salz & Muskot

Zoubereedung

Gromperen jänn geschiällt, gewürfelt an mat kaalem Salzwaasser opgesatt, su lang kooschen loossen bis Gromperen mëll sen.

Iwerdeems Gromperen kooschen han ech de Paprika gewäsch an Deckel raaf geschnidden, Kären an die wäiss Membran raus gehollt.

D’Ënnen an den Knuawéck han ech fein gehackt. D’Auberginen, Courgette an Tomaten han ech fein gewürfelt. Ausserdeem han ech rester vam Deckel van der Paprika o mat verschafft an kleng gewürfelt.

De Schiäffchen op 200 °C virwiärmen.

An enger waarmer Pann han ech bëssen Olivenualeg erhëtzt an d’Ënnen do dran op mëttel Hëtzt aangebrooden bis se aafänken Faaref ze kreien an liit gesalzt. Dann han ech den Knuawléck drënner gemëscht an kuurz mat aangebrooden.

Als nächst han ech Courgetten, d’Auberginen an de Paprika ënnergemëscht an mat gebrooden, datt han ech ongeféier fir 10 Min. op mëttel Hëtzt brooden loossen.

Zitrounensaaft drop schëdden an komplett ankooschen loossen, dann Tomatenwürfel ënnermëschen, kuurz opkooschen loossen, dann Hëtzt rëm raaf driien an mat Salz, Peffer an Krégder aus der Provence würzen, schmaaschen.

Plaque aus driien an den Parmesan ënnermëschen, su lang réiren bis den Kiiss ganz geschmolz as, dës Fëllung ant Paprika fëllen, an eng feierfest Form setzen an am waarmen Schiäffchen ongeféier 20 Min. baaschen.

Iwerdeems de Paprika am Schiäffchen steht, den Pürée färdig maan, datt heescht eng Casserolle mat der Botter an der Mëlich op eng Plaque setzen an op mëttel Hëtzt su lang wiärmen bis den Botter geschmolz as. Gromperen aafschëdden an zeréck ant Dëppen schëdden an mam Püréestampfer püréiren, Mëlich-Botter-Mëschung ënnerréiren an mat Salz an Muskot würzen. De Pürée an eng feierfest Form fëllen.

Paprika aus dem Schiäffchen hualen an, an den Pürée setzen, Gruyère-Kiiss op der Paprika verdeelen an na eng kéier fir 15 Min. am Schiäffchen baaschen bis den Kiiss geschmolz as.

Tipps:

  1. Hual frëscht Geméiss, datt garantéiert dir deen besten Geschmaasch.
  2. Pass do drop op datt Geméiss mi oder winiger gläichmässig geschnidden as, fir datt alles gläichmässig gart.
  3. Virsichtig sen mam Salzen, die 2 Kiiszorten sen o gesalzen.
  4. Befirs du Geméissmëschung ant Paprika fëlls, schmaasch se, fir datt se dengem Geschmaasch entsprëcht.
  5. Kuck datt den Pürée net ze flëssig jëtt, en soll crémig sen an äwer eng fest Konsistenz han.
  6. Behal Paprika während dem iwerbaaschen am Au, net datt den Kiiss dir verbrennt.

Varianten:

Du kanns ant Ratouillemëschung gekooschten Reis, Bulgur, Quinoa, Lënsen oder Kicheriärbessen ënnermëschen an Paprika mat enger Tomatenzooss am Schiäffchen schmoren.

Expermentéier mat verschiddene Kiiszorten, wie z.B. Mozzarella, Feta oder Cheddar, fir ënnerschëdlich Geschmaaschrichtungen ze kreien. Richtig goud schmëscht dësen Menü bestëmmt o mat würzigem Raclette-Kiiss.

Wanns du et jären mi scharef has, kanns du o Jalapeños oder Cayennepeffer ënnert Ratatouille mëschen.

Ersetz den Pürée durich een Séissgromperenpürée oder een Chouxfleurspürée.

Du kanns natiirlech o Fleesch wie kleng gewürfelten Poulet, gebroodend Gehacktes oder würzig Salsiccia ënnermëschen.

Dës Variatiounen béiden dir d’Miilechkeet, d’Rezept ganz dengem Geschmaasch aanzepassen. Experimentéier an entdeck watt fir eng Kombinatioun dir am besten schmëscht.

Gefëllten Paprika

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 4 gruuss Paprika, opgeschnidden an entkärt

  • 1 Courgette, kleng gewürfelt

  • 1 Aubergine, kleng gewürfelt

  • 1 Ënn, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 4 Tomaten, gewürfelt

  • 1-2 TL gedrëchent Krégder aus der Provence

  • Salz & Peffer, no Geschmaasch

  • 150 g frësch gerriwene Paremsan

  • 100 g frësch gerriwene Gruyère

  • Olivenualeg fir ze brooden

  • Fir den Gromperenpürée
  • 800 g Gromperen, geschiält an gewürfelt

  • 100 g Botter

  • 150 ml Mëllich

  • Salz an Muskot, no Geschmaasch

Zoubereedung

  • Gromperen mat kaalem Salzwaasser opsetzen an mëll kooschen.
  • De Schiäffchen op 200°C virwiärmen.
  • An enger waarmer Pann op mëttel Hëtzt den Olivenualeg erhëtzen. D’Ënnen do dran aanbrooden bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann de Knuawléck ënnermëschen an kuurz mat brooden.
  • Courgetten, an d’Auberginen ënnermëschen. Ech han d’Rester van den Decklen vam Paprika o kleng gewürfelt an mat verschafft. Ongeféier 10 Min. op mëttel Hëtzt brooden loossen.
  • Zitrounensaaft ënnermëschen an komplett ankooschen loossen.
  • Als nächst Tomaten ënnermëschen, kuurz opkooschen loossen, dann Hëtzt rëm raaf driien, mat Salz, Peffer an Krégder aus der Provence würzen, schmaaschen.
  • Plaque ausdriien, dann den gerriwene Parmesan ënnermëschen an su lang réiren bis en komplett geschmolz as.
  • Paprika mat dëser Mëschung fëllen an am waarmen Schiäffchen fir ongeféier 20 Min. baaschen.
  • Fir den Gromperenpurée
  • An enger Casserolle Mëllich mam Botter op mëttel Hëtzt erwiärmen bis den Botter ganz geschmolz as.
  • Gromperen aafschëdden zereck ant Dëppen fëllen an mam Püréestampfer püréieren. Botter-Mëllich-Mëschung ënnerréiren an mat Salz an Muskot würzen.
  • De Pürée an eng feierfest Form fëllen, die gebaaschen Paprika drop setzen an deen geriiwene Gruyère driwer verdeelen.
  • Na eng kéier fir 15 Min. an deen waarmen Schiäffchen stellen an iwerbaaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*