Broccoli, Blumenkohl suppe

Broccoli-Chouxfleurs-Zopp

Well ech gar keent Geméiss mi an der Truh haat, wor ech op den Maart, noodeems ech mengt Geméiss verschafft haat, woren na Strénk an Bläder vam Chouxfleurs an Broccoli iwerig. Hei weisen ech dir eng wonnerbar Miilechkeet fir wirklich alles van dësem Geméiss ze verschaffen. An zwar an enger crémiger herzhafter Zopp. Eng Zopp déi aan kaalen Deeg van bannen wiäremt.

D’Verwendung van Broccoli an Chouxfleurs reecht wégt zeréck. Die 2 Geméisszorten han hirren Ursprong am Mëttelmiärraum an jänn van deene verschiddensten Kulturen geschätzt. Die Iddi su eng Zopp mat Mëlich ze kooschen, kënnt aus deen traditionellen Këchen viller Regiounen, wo Mëlich net nëmmen als Basis fir eng crémig Zopp déint mais o dozou datt se een eventuell batteren Geschmaasch ausgläicht.

Fir dës Zopp ze kooschen brausch ech:

  • eent gruusst Dëppen
  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett
  • een Püréierstaaf
  • eng Pasette

Zoubereedung

Strénk ant Bläder vam Chouxfleurs an vam Broccoli han ech graff gewürfelt, grëndlich gewäsch an am kooschenden Salzwaasser ongeféier 5 Min. blanchéiert. Gromperen han ech geschiällt an gewürfelt. Die ganz baussegt Bläder vam Chouxfleurs han ech entsuarigt, déi woren ze wiällig, mais déi die Bannescht kannst du mat verschaffen.

Als nächst han ech alles an engem Dëppen vermëscht an Mëlich drop geschott, datt han ech gemellig erhëtzt an opkooschen geloss, dobäi äwer stännig dran réiren, well Mëlich siier aanbrennt.

Dann han ech Hëtzt raaf gedrigt an alles op niddriger Hëtzt mëll gekooscht. Strénk brauschen natiirlech bëssen mi lang bis se durich mëll sen. Denk draan ëmmer mol rëm an der Zopp ze réiren.

Subal alles mëll ass, han ech Zopp mam Stabmixer crémig püréiert, schmaaschen an würzen. Well Strénk mol mi faserig kanne sen han ech Zopp durich eng Pasette geschott.

Sollt Zopp ze deckflëssig sen, kanns du se mat Mëlich, Waasser oder Bréit bis op die gewënschten Konsitenz längen.

Schmaaschen an evtl. nowürzen.

Viraam zervéiren han ech na bëssen gehackten Péitersilich driwer getreit an frësch Baguette dobäi gereecht.

Zutaten

  • Broccolistronk
  • Chouxfleursstronk
  • Chouxfleursbläder
  • Mëlich
  • Geméisspast
  • Cayennepeffer
  • Salz

Varianten

Du kanns aus allen verschiddene Rester van Geméiss su eng Zopp kooschen, sie muss o net met Mëlich gekooscht jänn, du kanns se o mat Bréit oder Waasser kooschen.

Fir mi eng indisch Variant kanns du z. B. Kokosmëlich an die typisch Gewürzer, wie Cumin, Kurkuma an Garam Masala hualen. Wanns du Gewürzer viraam kooschen bëssen anréisters jëtt den Geschmaasch na mi intensiv.

Broccoli-Chouxfleurs-Zopp

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 2 Broccolistrénk, gewürfelt

  • 1 Chouxfleursstronk, gewürfelt

  • die bannëscht Chouxfleursbläder, graff gehackt

  • – alles zesaammen hat ech ongeféier 800 g

  • 400 g Gromperen, gewürfelt

  • 1,5 L Mëlich

  • 2 EL Geméisspast

  • Cayennpeffer, no Geschmaasch

  • bëssen Salz

  • gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • De Broccoli an den Chouxfleurs blanchéiren ech ongeféier 5 Min. am kooschenden Salzwaasser. aafschëdden an aafdrëpsen loossen.
  • Geméiss mat den Gromperen an eent Dëppen leen an Mëlich drop schëdden.
  • Gemellig erhëtzen an ënner stännigem réiren opkooschen loossen.
  • Op niddriger Hëtzt datt Ganzt mëll kooschen, dobäi ëmmer mol rëm dran réiren.
  • Subal alles mëll ass, mam Puréierstaaf crémig püréiren, Schmaaschen an würzen.
  • Well Strénk mol mi faserig kanne sen, han ech Zopp na durich eng Pasette geschott.
  • Sollt Zopp ze deckflëssig sen, mat bëssen Mëlich, Waasser oder Bréit längen.
  • Schmaaschen an evtl. nowürzen.
  • Mat gehacktem Péitersilich garnéiren an frëscher Baguette zervéiren.
  • Gouden Appetit!

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*