Gebroodene Poulet an enger Kooschel-Geméiss-Zooss

Hogt sen ech an der fransiischer Këchen ënnerweech mat engem klassischen Menü – Gebroodene Poulet an enger Kooschel-Geméiss-Zooss! Genausu kanns du äwer o Kalefsfleesch oder Schwéngefleesch fir dësen Menü hualen. Dëst Rezept baséiert op der Zoubereedung van Sautée de Veau aux Champignons.

Die fransiisch Këchen ass bekannt fir hir Eleganz an hiren aussergewéinlichen Geschmaasch. Dësen Menü mëcht do keng Ausnahm. Een Menü deen seng Wuurzelen an der klassisch fransiischer Këchen hat an sech iwert Joeren aan die regional Zutaten aangepasst hat. D’Kombinatioun aus zartem Fleesch an Kooschelen , dachs an enger crémiger Zooss ass een zécktlosen Klassiker, deen nie aus der Moud kënnt.

Zutaten fir mein Menü

Aus dem Buttik brengen ech mir Pouletfilet, Schmand, Muurten, Zellerie, Zitrounen an Kooschelen mat. An menger Reserve han ech Ënnen, Knuawléck, Bréit oder Fond, Krégder, Botterschmalz fir ze brooden, Miähl, Salz an Peffer, an fir ze Garnéiren han ech ëmmer gehackten Péitersilich an der Truh.

Dann brausch ech na eeng Gossenpann, eent Schnégdbrett an eent schareft Messer, evtl. eng Passette wanns du Zooss passéiren wëlls.

Zoubereedung

D’Fleesch schnégden ech an mondgerecht Stécker, salzen et an vermëschen et mat bëssen Miähl.

D’Kooschelen botzen ech an schnégden se an dënn Scheiwen.

D’Muurten schiälen ech, den Zellerie botzen an wäschen ech an schnégden alles an kleng Würfelen.

D’Ënnen schiälen ech halbéiren se an schnégden se an dënn Streifen.

De Knuawléck jëtt geschiällt an fein gehackt.

An enger waarmer Gossenpann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden d’Fleesch all rondrëm kräftig aan, datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.

Als nächst brooden ech Kooschelen aan, hualen se raus an stellen se op Ségt.

An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen, Muurten an den Zellerie goldbrong. Mëschen den Knuawléck drënner an subal deen aafänkt mat rauschen läschen ech datt Ganzt mat bëssen Zitrounensaaft aaf an loossen deen ganz ankooschen.

Als nächst schëdden ech Bréit oder den Fond drop, loossen datt Ganzt opkooschen driien Hëtzt dann raaf an lossen Bréit bis op Halschent ankooschen. Schmaaschen an würzen mat Salz an Peffer.

Zooss loossen ech paar Minuten kooschen, sollt se ze dënnflëssig sen kanns du se mat bësse Maizena dëchsen. Wanns du keent Geméiss an denger Zooss han wëlls kanns du se durich eng Passette schëdden.

Geméiss déint als Aromabasis, et kann an der Zooss bleiwen oder o net. Ech han et léiwer et bleift dran.

Dann schëdden ech den Schmand ant Zooss, verréiren alles goud an leen d’Fleesch an d’Kooschelen rëm dran. Datt Ganzt loossen ech dann ongeféier 10 Min. durichzéien.

Mat Péitersilich garnéiert zervéiren.

Wanns du dir lo Froosch stells watts du dobäi kooschen kanns , han ech paar Iddien fir dech, een würzigen Pilawreis, die einfasch Salzgromper, gebrooden Gromperen. Natiirlech Pasta an allen Formen, die einfasch Fritten schmaaschen ëmmer bei su engem Menü. Een Komb Zaloot mat frëscher Baguette.

Tipps

  1. Pass do drop op d’Fleesch all rondrëm grëndlich aanzebrooden.
  2. Du kanns am Platz vam Zitrounensaaft o bëssen wäissen Wéng hualen.
  3. Experimentéier mat Gewürzer an Krégder, fir su dein eegene Geschmaasch raus ze fannen.
  4. Muurten, Zellerie an Ënnen am Botterschmalz gebrooden sen Aromabasis an der fransiischer Këchen, jëtt datt Ganzt am Olivenualeg gebrooden han mir Arombasis van der italienischer Këchen. Ersetzt du den Zellerie an d’Muurten durich Ingwer an Knuawléck, bas du an der indischer Këchen. Mat Frühlingszwibbelen, Ingwer an Knuawkléck sen mir an Asien ënnerweech.

Gebroodene Poulet an enger Kooschel-Geméiss-Zooss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 700 g Pouletfilet, an mondgerecht Stécker geschnidden

  • 2 EL Miähl

  • 500 g Kooschelen, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 1 Muurt, kleng gewürfelt

  • 1 Stang Zellerie, kleng gewürfelt

  • 2 Ënnen, an dënn Streifen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawkléck, fein gehackt

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 300 ml Bréit oder Fond

  • 150 ml Schmand

  • Salz

  • Peffer

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • D’Fleesch salzen an mam Miähl vermëschen.
  • An enger waarmer Gossenpann bëssen Botterschmalz erhëtzen an d’Fleesch all rondrëm kräftig aanbrooden, raus hualen an op Ségt stellen.
  • Als nächst Kooschelen kräftig aanbrooden, raus hualen an op Ségt stellen.
  • An de selwischter Pann op mëttel Hëtzt d’Ënnen, Muurten an den Zellerie goldbrong brooden.
  • De Knuawléck ënnermëschen an subal deen aafänkt mat rauschen mam Zitrounensaaft aafläschen an ganz ankooschen loossen.
  • D’Bréit drop schëdden, opkooschen loossen, schmaaschen an würzen. Bis op Halschent ankooschen loossen.
  • Sollt Zooss ze flëssig sen mat bëssen Maizena dëchsen.
  • De Schmand drop schëdden, alles goud vermëschen dann d’Fleesch an d’Kooschelen ant Zooss leen. Ongeféier 10 Min. op niddriger Hëtzt kooschen loossen, su datt Fleesch ganz durichzéiht an durich waarem ass.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*