Et jiän Ässen, déi schmaaschen no Doheem, an dann jiän et Ässen, déi dech op eng kulinarisch Réis mat hualen. Genau su ass et mat dësem Ässen. Pouletbouletten an enger crèmiger Curryzooss mat Poretten. Herzhaft Bouletten träffen op die aromatisch Würzigkeet aus der asiatischer Këchen.
Watt ass su goud an dësem Ässen ?
Van baussen goldbrong gebrooden Bouletten aus Pouletfleesch, déi an enger crèmiger Zooss aus Kokosmëlich, Poretten an engem Hauch Curry gekooscht jiän.
- Einfasch an siier, perfekt fir eent gemütlicht Ässen während der Woosch.
- Liit an gesond, Pouletgehacktes ass fettaarem, an d’Poretten brengen vill gesond Nährstoffer.
- Perfekt fir virzebreeden, d’Bouletten loossen sech zoubereet goud anfréiren oder mathualen.
Zutaten an Zoubereedung
Pouletgehacktes, dëst Gehacktes ass moojer an hat een mëllen Goût, deen sech goud mat Gewürzer kombinéiren lisst. D’Pouletfleesch enthällt vill Eiwäiss, ass liit verdaulich an eng goud Optioun fir jidfereen, deen mi eng liit Alternativ zur klassischer Boulette séicht.
TIPP: Net all Metzler mëcht Poueltgehacktes, datt legt do draan, datt Gefligel an Hinsicht op Salmonellen ganz empfindlich ass. Jiët Gefligel durich den Wolef gedrigt vergriissert sech d’Oberfläch massiv an béid su vill mi Fläsch fir evtl. enthaalen Salmonellen. Ausserdeem verdiäreft gewoleft Fleesch vill mi siier. Du kanns dir do äwer selwer hëlefen andeems du de Poulet doheem am Mixer zerklengers, allerdings dann siier verschaffen an brooden.
Datt am Mixer zerklengert Pouletfleesch leen ech an eng Schossel an mëschen et mat Ei, d’Ei déint als natiirlicht Bindemëttel, an suarigt dofir datt d’Bouletten während dem Brooden net auserneenfällen. Ausserdeem jiän d’Eier dem Fleesch eng „fluffig“ Konsistenz.
Dann mëschen ech na Panéiermiähl oder Haferflocken drënner, datt suarigt dofir, datt d’Boulett eng angehem Textur krëtt an net ze fest an drëchen jiët. D’Panéiermiähl hëllt iwerschëssig Flëssigkeet op, während d’Haferflocken die mi rustikal, ballaststoffräich Variant ass.
Gewürzt jiët mengt Gehacktes mat fein gehacktem Knuawelek, fein gehackten Ënnen, bëssen Mostert, Paprikapolwer, Salz an Peffer, die klassisch Gewürzer fir d’Bouletten ze würzen.
Dann formen ech Bouletten, maan dofir den Hänn liit naas, d’Fleesch pëscht dann net su an den Fanger fest. An enger waarmer Pann erhëtzen ech dann bëssen Botterschmalz an brooden d’Bouletten do dran bis se durich gar sen.
TIPP: Wanns du dengt Gefligel doheem am Mixer zoubereets ass dëst Gehacktes extreem mëll an lisst sech ganz schlecht Formen. Ech han meng Bouletten mat engem Glaceläffel gefromt, an mat Hëlef van engem Läffel an d’Pann geleit. Loss den Bouletten Zékt beim brooden sie sollen eng goldbrong Krust kreien, sie lossen sech dann o vill besser driien.
Curry-Poretten-Zooss
Fir Zooss brausch ech Poretten, déi halbéiren ech längs an wäschen se grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser, déi schnégden ech dann an dënn Halefronselen. Eng goud Handvoll vam Porettengréin leen ech separat an eng Schossel, déi se fir Garnitur zum Schluss. D’Poretten gehiiren zu der Familjien van den Ënnen, sie han äwer mi een mëllen Goût, während dem Brooden entfaalen sie eng fein Würzigkeet déi wonnerbar zu der crèmiger Zooss passt.
Ghee (Botterschmalz) an der selwischter Pann an der ech d’Bouletten gebrooden han erhëtzen ech evtl. na bëssen Botterschmalz an brooden do dran op mëttel Hëtzt d’Poretten bis se mëll sen äwer ouni datt se zevill Faaref kreien, würzen se liit mat Salz an Peffer. De Botterschmalz suarigt fir eng angenehm Textur an verstiärikt de Goût van der Curryzooss durich die liit nossig Nuancen.
Hei mëschen ech dann den Currypolwer drënner, de Star van dëser Zooss! Currypolwer ass eng Gewürzmëschung, déi meestens aus Kurkuma, Koriander, Cumin Ingwer an annere Gewürzer besteht. Durich datt liit aanréisteren vam Currypolwer entfaalt sech een ganz besonnig intensiven Aroma.
Datt läschen ech dann mat Bréit aaf an lossen déi ongeféier bis op d’Halschent reduzéiren. Hei béid sech natiirlech eng Houhnerbréit aan, sie brengt een angenehmen herzhaften Aroma an verstiäikt den Goût.
Als nächst schëdden ech Kokosmëlich drop, sie jiët der Zooss een liiten tropischen, séissen Aroma an suarigt fir eng crèmig Konsistenz. Has du et léiwer klassisch, dann hual Schmand am Platz van der Kokosmëlich.
Dann leen ech d’Bouletten an d’Zooss an loossen Zooss bis op die gewënschten Konsitenz reduzéiren. Déi Zékt kanns du verkiirzen, an deems du bëssen Maizeena am kaalen Waasser opliess an deen drënner mëchs. De Maizeena ëmmer firtischt am kaalen Waasser liesen, fir datt’s du keng Klëmpercher an deng Zooss krëss.
Zooss schmaaschen ech dann na mat Salz an Peffer aaf an mëschen d’Porttengréin drënner.
Watt passt zu mengen Pouletbouletten?
Dës Bouletten schmaaschen besonnig goud mat:
- Räis, wie een einfaschen Pilawräis oder Basmatiräis, deen hëllt die créimg Zooss goud op
- Een Gromperenpürée, deen een crèmigen Kontrast zu der würziger Zooss bild.
- Frësch Baguette oder Naan, perfekt fir ze dippen an Zooss opzehualen.
Varianten
Du has et jiären mit scharef? Schnég eng frësch Chilischot an broot déi mat den Poretten aan.
Du wëlls mi Geméiss? Probéier et mat Paprika, Iärbessen oder Courgetten.
Würzig Gefligelbouletten an enger Curry-Poretten-Zooss
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
Minuten30
MinutenZutaten
- Fir d’Bouletten
500 g Pouletfilet, gewoleft oder am Mixer zerklengert
1 Ei
50 g Panéiermiähl oder Haferflocken
1 Ziif Knuawelek, fein gehackt
1 Ënn, fein gehackt
1 TL Moster
1 TL Paprikapolwer
1 TL Salz
1 TL schwarze Peffer
- Fir d’Zooss
1 Porette, an dënn Halefronselen geschnidden
1 EL Botterschmalz
Salz & Peffer, no Goût
1 EL Currypolwer
250 ml Houhnerbréit, alternativ Geméissbréit
200 ml Kokosmëlich
Optional 1 EL Maizeena am kaalen Waasser opgeliisst
eng goud handvoll Porettengréin fir Garnitur
Zoubereedung
- Net all Metzler hat Gefligelgehacktes, du kanns datt äwer ganz einfasch Doheem am Mixer zerklengeren.
- An enger Schossel mëschen ech mengt Pouletgehacktes mam Ei, Panéiermiähl, Mostert, Knauwelek, Ënnen, Paprikapolwer, Salz an Peffer. Mat liit naasen Hänn formen ech Bouletten aus dëser Mass.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Bouletten durich gar. Déi hualen ech raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch.
- An der selwischter Pann erhëtzen ech evtl. na bëssen Botterschmalz an brooden op mëttel Hëtzt Poretten bis se mëll sen, äwer ouni datt se zevill Faaref kreien. Déi würzen ech liit mat Salz an Peffer.
- Als nächst mëschen ech d’Currypolwer drënner an réisteren datt kuurz mat aan.
- Do drop schëdden ech d’Bréit an déi loossen ech bis op d’Halschent reduzéiren.
- Dann schëdden ech d’Kokosmëlich drop erhëtzen alles an leen d’Bouletten rem dran. Su loossen ech Zooss kooschen an bis op die gewënschten Konsistenz reduzéiren.
- Dës Zékt kanns du reduzéiren, andeems du den Zooss mat bëssen am kaalen Waasser opgeliisten Maizeena bënns.
- Mëschen dann na Porettengréin drënner an schmaaschen Zooss mat Peffer an Salz aaf
- Mat der gewënschter Bäilaag zervéiren.