Eng ganz einfasch Rommel-Zaloot. Die eng han en jiären, die anner gar net. Verschiddener han vläicht o een Kandheets-Trauma. Rugd Rommle mat hirem eerdigen Aroma as fir mech eng Delikatesse. Et as äwer wie bei allem ech ässen nëmmen deen Zaloot, deen o selwer gemaat as. Jo, et duaref een o kriddlech sen 😉 .
Firtischt muss Rommel äwer virbereed jiänn. Datt heescht se jëtt gekooscht. Ob am Waasser mat bëssen Zitrounensaaft oder Essig, kann een o na Kümmel oder 1 Lorbeerblaad mat ant Waasser maan. Oder et gaart een se am Schiäffchen. Rommlen sollen vridran net geschiällt oder angepickt jiänn, sie „blouden“ dodurich aus an verléiren Faaref an wiärtvoll Inhaltsstoffer. Rommel as gar wann Schaal baal vam selwen looss geht. Sie kooschen ongeféier eng goud Stonn.
Dann Rommel schiälen, wiis du se lo schnegs as baal egal, Rommel mëscht ëmmer eng goud Figur. Wann die rugd Fanger dech zevill stiieren, dann doen Händschen aan. Du kanns die klassisch Rommelszaloot mat Essig, Ualeg an bëssen Hunneg maan oder als Dressing kanns du äwer o Joghurt oder sauer Rahm hualen. Krégder an Gewürzer duarfen o net fehlen. Bëssen Kümmel kann den Goût van der Rommel na verfeineren.
Rugd-Rommel Zaloot mat Äppel
Schwierigkeit: einfasch4
30
Minuten10
MinutenZutaten
4 gekooschte an geschiält rugd Rommelen
150 ml Äppelessig
90 ml Olivenualeg oder een anneren neutralen Ualeg
1 TL lëtzebuerger Mostert
0,5 TL Salz
0,5 TL Peffer
1 gehackten Ënn
1 kleng gewürfelten Appel (Boskop)
Zoubereedung
- Fir mengt Rezept han ech d’Rommeln well den Daag virdraan gekooscht an se komplett auskéilen gelooss, geschiält an kleng geschnidden.
- Dann han ech eng Zooss aus Äppelessig, Olivenualeg, Mostert, Salz, Peffer, d’Ënn an den Appel an eent Dëppen gemaat an opkooschen gelooss. Die Zooss han ech kooschend op d’Rommelen geschott, an alles goud vermëscht. Schmaaschen evtl. noowürzen.
- Du kanns des Zaloot o genausu mat rii geraspelten Rommeln maan. D’Rommel hat wirklich vill ze béiden, sie schmëscht net nëmmen goud, sie as o räich an Vitaminen an Mineralstoffer.
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten