…Italienisch Kregdermëschung

Ech muss jiät beichten. Joerlang han ech o ëmmer die sching faarwig Gläser „italiensich Kregder“ kooft. Déi, déi’s du am Gewürzstänner am Buttik zwëchen Curry an Paprika fënns. An ëmmer han ech mech gewonnert, firwatt meng Tomatenzoss trotzdem fad schmëcht. Irgendwann han ech dann mol eent opgeschrauft an dran geroosch. Do wor näist mi, keen Doft, keng Schiäreft, nëmmen drëchent Gras mat engem liiten Doft „datt wor mol eng kéier Krogt“. Datt wor een van deen Momenter, wu ech aagefongen han een Deel van mengen Kreger selwer ze drëchnen an ze mëschen. An éierlich gesoot, et ass eng van deen einfaschsten Saaschen, déi’s du an denger Këchen selwer maan kanns.

Wurëm jieet et hei? Du hëlls Oregnao, Basilikum, Thymian, Rosmarin, Salbei, wanns du wells en bëssen Lavendel, drëchens se richtig, an du mëchs deng eegen Versioun van dëser Kregermëschung, ob déi’s du dann ëmmer rem zereckgräifen kanns. Et ass keent Hexenwiärik, äwer paar Saaschen solls du äwer wossen, fir datt am Enn wirklich jiätt aromatiches dobäi raus kënnt.

Firwatt iwerhaupt selwer drëchnen?

Loss mëch kuurz erklären, watt während dem Drëchnen eigentlich passéiert, datt erklärt den Rest van mengem ganzen Text. Kregder kreien hiren Goût an Doft durich ätherisch Ualiger, déi an winzigen Ualigdrüsen op de Bläder setzen, beim Basilikum an Oregano gesegs su se sugar Deelweiss, wanns du d’Blaad geent Sonn hälls an dodurich kucks. Kleng blänkig Punkten. Dës Ualiger sen flüchtig, sie verdonsten bei Hëtzt an bei Luut relativ siier. Industriell gedrëchent Kregder jiän dachs bei hiien Temperaturen an bei greller Luut durich Produktioun gejooscht, well „Zekt ass Suen“. D’Resultat: D’Bläder gesehen na gréin aus, äwer een gruussen Deel van den ätherischen Ualiger ass fort, an datt befir d’Glas iwerhaupt am Buttik steht.

Drëchens du selwer, kanns du et besser maan, ganz einfasch, wells du net ënner Zektdrock stehs. Du drëchens gemellig, mat winig Hëtzt an villäicht net driekt am Däisteren äwer vill manner Luut wie an der Industrie. An genau datt ass den Ënnerscheed zwëschen „et schmëcht no Hei“ an et „schmëcht tatsächlich na no Kregder“.

D’Kregder an hir Eegenschaften

Befir ech aan drëchnen kommen, kuurz na eent Wuort zu mengen fënnef (oder sechs) Hautdarsteller, well sie sech während dem Drëchnen ënnerscheedlich verhaalen.

Oregano an Thymian sen die Easy-Kregder hei. Hier Bläder sen van Natur aus ischter kleng, liäderig an waasseraarem, sie han also well eng Gewëss Robustheet angebaut. Sie verléiren während dem drëchnen ischter manner van hirer Intensitéit. Vill soen sugar datt den Oregano noom drëchnen mi aromatisch an konzentréiert ass wie deen Frëschen, well d’Waasser fort ass an just an die ätherisch Ualiger bleiwen.

Rosmarin an Salbei sen ähnlich cool. Hir Bläder han eng fest bal liäderartig Struktur, heinsod mat enger liit wachsaartiger Uawerfläch. Du spirrs et wanns du d’Bläder féihls, sie sen net ganz mëll, sugar am frëschen Zoustand. Dës Struktur hällt während dem Drëchnen goud zesaammen, den Aroma bleift stabil.

De Basilikum ass Zicke an dëser Grupp. Seng Bläder sen dënn, waasserräich an empfindlich, an genau dës hii Waasserkonzentratioun maan si aanfällig während dem Drëchnen. Drëchnen sie ze gemellig oder ze fiit, fänkten sie ischter aan ze schammelen. Drëchnen sie ze siier oder ze waarem, verbrennen die ätherisch Ualiger an du krëss, donkel, bal schwarz Bläder, déi no gar näist mi schmaaschen. Basilikum as deen Grond, bei deem während dem Drëchnen bëssen opgepasst soll/muss jiän, net well et komplziéiert ass, mee well en manner verzeiht wie die anner Kregder.

Lavendel, falls du deen mat dobäi hëlls brengt eng ganz anner Aromarichtung, bloumig, liit séiss, bal parfüméiert. Et ass keent klassicht italienischt Krogt, ischter geklaut aus der Provence, äwer als kleng Beimëschung kann et een interssanten Aroma liweren, besonnig wanns du deng Mëschung fir Schoff, Lamm oder gegrillten Geméiss notz. D’Betounung legt op „bëssen“. Lavendel ass intensiv, an zevill dovaan, an deng Zooss oder Pizza schmëcht no Seef. Datt ass keng Iwerdreiwung, datt passéiert wirklich, well die gläich aromatisch Verbindungen, déi dem Lavendel sen Doft jiët, fënnt een an villen Seefen an Botzmëttel. Dengt Gehirre mëcht do eng Assoziatioun, déi’s du net wëlls.

Deen ischten Schratt, wini plecken ech d’Kregder

Has du deng Kregder am Gaart oder op denger Terrasse, fängt die eigentlich Aarbicht well viraam drëchnen aan, nämlich beim zupfen. Deen besten Zektpunkt fir Kregder ze plecken ass deen spéiden Virmëttig, noodeems den Tau gedrëchent ass, äwer befir d’Mëttigsonn hir voll Kraft entweckelt hat.

De Grond, die ätherich Ualiger sen muajies am intensivsten. Durich d’Sonn verbraucht Planz déi iwert deen ganzen Daag. Du plecks also am besten Fall, genau an deem Zektfënster, wu den Aroma am stäriksten an den Bläder setzt. Keefs du frësch Kregder am Buttik oder om Maart dann zällt natiirlich, datt d’Bläder knackig sen an net well labberig oder brong Ränner han.

Deen zweiten Schratt, wäschen äwer richtig

Hei jiët et sech jiären onnigdig schwiier gemaat oder onnigdig liit. Du wëlls deng Kregder wäschen, äwer se dono o wirklich drëchen kreien, befir et aan Drëchnen jieet. Soss fängt de Basilikum well vriaam drëchnen aan ze schammelen.

Ech tauchen meng Kregder kuurz an kaalt Waasser, schwenken sie gemellig an leen se dann op eent Këchendousch oder Këchenpapaier. Datt rullen ech dann viirsichtig an an drecken ganz liit die Rest Fiitegkeet raus, Net pressen wie bei engem Schwamm, nëmmen liit drecken. Dono loossen ech se na bëssen auserneen om Dousch leien, bis sech d’Bläder drëchen aanféihlen, keen fiiten Glanz mi, keng Drëpsen. Datt kann bei dir Doheem 10 Min, daueren, oder sugar 1 Stonn

Deen drëtten Schratt, drëchnen, die 3 Miilischkeeten

Lo kommen mir zum eigentlichen Drëchnen. Et jian 3 Miilischkeeten, an ech erklären se allen 3, well all Methoud hir Berechtigung hat, je noodeems watts du Doheem has an wivill Gedold datts du matbrengs.

1. Loftdrëchnen

Die klassisch, gemellig Methoud. Du bënns deng Kregder mat Këchenschnouer zu klengen Sträiss, wriklich kleng, net mi deck wie deen klengen Fanger, soss drëchent Mëtt net an sie fänken aan mat schammelen. Dann hängs du sie op, eng waarem drëchen, an viraan allem donkel Platz. Donkel ass hei Stëchwuort, die meest iwersehen, datt direkt Luut genau déi ätherisch Ualiger zersetzt déi ech erhaalen well. Een Schaaf, eng Spënnchen, een donklen Raum, datt fonktionéiert alles.

Je no Krogt an Loftfiitegkeet dauert et zwëchen 1 bis 3 Wooschen. Du miäriks, datt se fiärdig sen, wann d’Bläder sech drëchen an knackig aanféihlen, wann se beim zesammendrecken ischter zerbröselen wie datt se sech béjien.

Datt ass déi Methoud déi den Aroma am besten erhällt, et jiët näist erhëtzt, et brausch allerdings o die meesten Zekt an die passend donkel Platz.

2. Am Schiäfchien

Fir all die ongedëllig ënner eech, ass de Schiäffchien eng kontolléierbar Methoud. Wëlls du net Wooschenlang waarden, oder du has einfasch keng donkel Platz, kanns du deng Kregder am Schiäffchien drëchnen. Äwer bei wirklich niddirger Temperatur, su ëm 40 °C bis 50 °C, mat liit oppener Dir, fir datt Fiitegkeet auszéihen kann. D’Bläder breet op Blecher auserneen leen, ouni datt se openeen leien. No paar Stonnen, deemno watt fir eent Krogt datts du has sugar well ischter misst alles drëchen sen. Zerdreck d’Bläder, wann se zerbröselen misst alles fiärdig sen.

Rëcht et dobäi beemol mi intensiv, oder sugar liit verbrannt, am Platz frësch an aromatisch, wor et ze waarem oder ze lang, dann ass leider näist mi ze retten, ausser datts du fir dein nächsten Versousch jiät geliiert has.

3. Am Dörrautomat

Den Dörrautomat ass die entspannst Variant, falls du een has. Een Dehydrator mëcht am Fong datt, watt een Schiäffchien o mëcht, just mi kontrolléiert. Den Dörrautomat hällt konstant eng niddrig Temperatur an eng gläichmässige Belëftung. Bei ronn 35 °C bis 40 °C an je no Krogt kann et zwëschen 3 an 8 Stonnen dauren bis d’Krogt drëchen ass. De Verbennungsrisiko ass praktisch eliminéiert.

Egal watt fir eng Methoud, de Baslikum behällt een besser am Au. Et ass datt empfindlichst Krogt.

Schratt 4, Zerklengeren äwer net ze fein

Subal alles durich gedrëchent ass, jieet et aan zerbröselen. Hei een klengen Tipp, deen een Ënnerscheed mëcht. Zergrimmel deng Bläder rischt kuurz vriaam mëschen oder viraan der Verwendung, net well Wooschen virdraan. Su lang d’Bläder na ganz oder graff sen, ass net su vill Fläch do wu Aromen entfléihen kanne. Pulveriséiers du deng Kregder, vergriisers du domat d’Fläch iwert déi d’Arome auszéihen kanne. Ech zerreiwen se mat de Fanger oder zerbröselen se nëmmen graff.

Stiller sollen grondsätzlich net mat verschafft jiän, viraan allem beim Rosmarin an Thymain, déi sen holzig an faserig an schmaaschen net wirklich no vill ausserdeem féihlen déi sech beim Ässen onangenehm am Mond aan.

Schratt 5, Mëschen

Lo kënnt deen Deel, wu’s du deng eegen Mëschung zoubereeden kanns, an éierlich hei jiët eet keen „Falsch“. Eng klassich italienisch Basis besteht aus gläichen Deeler Basilikum an Oregano, evtl, na Thymian, bei mir ass es äwer bëssen manner dran. Dann bëssen manner Rosmarin an Salbei, die 2 han een intensiven, holzigen Goût an kannen deng Mëschung jiären dominéiren, een Grond firwatt ech manner Salbei dran maan wie Rosmarin. Falls du Lavendel drënner mëchen wëlls, wirklich nëmmen een Hauch.

Porbéier et aus. Hual all Krogd an rausch draan. Wëlls du mi fir Pizza an Tomatenzooss notzen dann duraef den Oregano jiären d’Hauptroll iwerhualen. Jieet et ischter an Richtung gebroodend Fleesch oder Grillgeméiss duaref Rosmarin an Salbei mi starik vertrodden sen. Et ass deng Mëschung net eng aus dem Buttik.

Schratt 6, Lagerung

Fëll di fiärdig Mëschung an een donkelt, loftdicht verschléisstbart Glas. Stell et net direkt niäwent Kooschmaschin oder an eng Fenster. Wiäremt an Luut sen wegderhin die 2 griist Feinden van dengen mat vill Aarbicht erhaalenen Aromen. Een Schaaf oder een Tirang net aan enger Hëtzquell, ass deen idealen Platz. Su bleift deng Mëschung iwert Meent däitlich mi frësch an aromatisch, wie datt watts du am Buttik keefs.

An wanns du bei denger nächster Pizza oder Tomatenzooss, deng Naass an d’Glas stëchs an du rëchs deng Kregder, am platz nëmmen „gréin“ dann has du alles richtig gemaat.

Italienisch Kregdermëschung

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • 4 EL Oregano

  • 4 EL Basilikum

  • 2 EL Thymian

  • 2 EL Rosmarin

  • 2 TL Salbei

  • optional: 0,5 TL Lavendel

Zoubereedung

  • Sämtlich Kregder mateneen vermëschen, an engem Loftdicht zouene Dëppchen op enger kéiler drëchener Platz lageren.
  • Du kanns dës Mëschung o mat frëschen Kregder zoubereeden an deems du gehackten-Oregano, -Basilikum, -Rosmarin an -Thymian zu gleichen Deeler an een halwen Deel Salbei mateneen vermëchs.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*