Hogt sen ech an der griechischer Këchen ënnerweech an bereeden een köstlichen Gyros zou. Eent Ässen datt dachs mat Döner Kebab oder Shawarma verglasch jëtt.
Watt ass den Ënnerscheed zwëschen Döner Kebab, Gyros an Shawarma?
Et sen alles Zoubereedungen déi op Grillfleesch baséiren an aus dem Orient, der Türkei oder Griechenland kommen.
Gyros
Anwanderer aus der Türkei an dem Nohen Osten han an de 50er Joeren den Gyros mat an Griechenland breit. De Begrëff “Gyros” kënnt äwer aus dem griechischen an bedeit “Kreisel” oder “Runde” watt sech dorop bezéiht wie d’Fleesch zoubereet jëtt. Beim Gyros jëtt traditionell Schwéng- oder Lamm- an hogt o Houhnerfleesch gehollt. Ursprünglich ass d’Fleesch horizontal gegrillt an a mi gruuss Stécker geschnidden jänn. D’Methoude vam vertikalen Grillen jëtt et well lang hat sech äwer beim Gyros erjänn, well net genou Platz wor.
Hogt jëtt den Gyros weltwégt genoss an ass eent Symbol van der griechischer Këchen. An der Regel jëtt Schwéngefleesch gehollt, fir sech dem Tourismus aanzepassen fënnt een hogt o vill Houhnerfleesch. An verschidden Regiounen van Griechenland jëtt o hogt na Lammfleesch gehollt. Zoubereedung an marinéieren vam Fleesch dauert op mannst 2-3 Stonnen, D’Fleesch jëtt dann opgespiesst an vertikal gegrillt, dovaan jänn dann dënn Streifen raaf geschnidden.
Döner Kebab
Döner Kebab ass eng am 19ten Joerhonnert am Osmanischen Räich entstannen Kebabzort, déi vertikal gegrillt jëtt. Traditionell besteht den Döner Kebab aus Hammel- oder Lammfleesch, hogt o Rand, Kalef Houhn oder Dinde. D’Fleesch jëtt mat vill verschidden Gewürzer an Krégder am Joghurt marinéiert, opgespiesst an vertikal gegrillt. Fir mi Geschmaasch jëtt heinsdo Hammelfett zwëschent d’Fleeschschichten mat opgespiesst. Beilaagen sen dachs Tomaten, Ënnen an verschidden Zoossen.
Den Döner su wie mir en Hogt kennen, ass van engem Türk an Däitschland erfond jänn. Deen gouden Mann hat an den 70er Joeren op den Hype van den Fastfoodketten reagéiert an su seng eegen Versioun van “Fastfood” entwéckelt.
Shawarma
Shawarma kënnt aus den arabischen Länner, an jëtt traditionell aus Lamm-. äwer o Rand an Houhn gemaat. D’Fleesch jëtt an enger Marinade aus Zitrounensaaft an die typisch arabisch Gewürzer angeleit, dann opgespiesst an gegrillt. Zervéiert jëtt dëst Fleesch an engem Wrap mat Geméiss, dachs mat enger Knuawléckscrème oder Tahini-Zooss.
Obwohl, die 3 Zorten sech den Prinzip vam driienden, gegrillten Fleesch deelen, sen et d’Fleeschzorten, Gewürzer an d’Beilaagen déi die jeweilig Tarditiounen spéijelen. All Menü béid een anneren Geschmaasch, eng anner Erfahrung, déi van der jeweiliger Regioun inspiréiert ass aus der sie stammt. Ausserdeem ass et ëmmer interessant, wie sech verschidden Ässen veränneren an viraan entwéckelen.
Zutaten fir den Gyros
Fir mein Gyros hualen ech Pouletfleesch, hei kann ech dir den Tip jänn, ausgebeente Strempelen ze hualen déi bleiwen o bei kräftigem brooden saaftig an verdrëchnen net. Dann brausch ech na Olivenauleg, Zitrounensaaft, Thymian, Oregano, Salz an Peffer. An natiirlech duraref Fladenbrugt net fehlen.
Fir datt alles gelengt brausch ech na eent Schnégdbrett, eent schareft Messer, eng Schossel an eng Pann.
Zoubereedung
D’Fleesch schnégden ech an dënn Streifen.
An enger Schossel mëschen ech Olivenualeg, Zitrounesaaft, Thymian, Oregano, Salz an Peffer. Do dran leen ech d’Fleesch an setzen et op mannst 2 Stonnen zougedeckt an den Frigo, am besten iwert Nait.
Iwerdeems schiälen ech d’Ënnen an schnégden se an dënn Streifen.
Tomaten wäschen ech an schnégden se an véirel, deemno wie déck datt se sen an aaschtel.
Als nächst wiärmen ech eng Pann, wann wie goud gléidisch ass, brooden, ech ënner stännigem réiren, d’Fleesch kräftig aan. Ech maan keent zousätzlicht Fett dobäi, d’Marinade brengt genou Fett mat.
Dann réiren ech d’Ënnen aan an brooden déi mat bis se brong sen.
Zum Schluss mëschen ech na Tomaten drënner an do brooden ech ënner stännigem réiren kräftig aan. Hëtzt driien ech dann raaf.
Fladenburgt schnégden ech op an leen et opgeklappt mat der bannëschter Ségt op d’Fleesch, su datt den Brootsaaft vam Brugd opgehollt an Brugd waarem jëtt.
Op datt waaremt Flaadenbrugd schmiären ech dann eng Zooss, wie z.B. Tzatziki, Schooffskiiscrème oder Ranchzooss, leen dann Fleesch drop. Ech haat gedënsten Paprika dobäi gemaat, du kanns äwer o an dënn Scheiwen geschnidden Cornichons dirwer verdeelen.
Gyros – Schawarma – Döner Kebap
Schwierigkeit: mëttel4
Portionen30
Minuten40
MinutenZutaten
800 g Fleesch (Rand, Kalef, Schwéng, Poulet oder Pute)
1 EL gedrëchenten Thymian
1 EL gedrëchenten Oregano
Salz
Peffer
Saaft van 1 Zitroun
150 ml Olivenualeg
2 Ënn, an dënn Streifen geschnidden
3-4 Tomaten, gevéirelt oder geaaschtelt
Zoubereedung
- Flesch schnégden an dënn Streifen schnégden.
- An enger Schossel, den Olivenualeg, Thymian, Oregano, Salz, Peffer an Zitrounensaaft goud mateneen vermëschen.
- D’Fleesch dran leen an am besten iwert Nait am Frigo durichzéien loossen. Op Mannst äwer 2 Stonnen zougedeckt an den Frigo stellen.
- Eng Pann op Plaque setzen an kräftig erhëtzen.
- Fleesch do dran, ënner stännigem réiren, kräftig aanbrooden.
- No paar Min. brooden d’Ënnen drënner mëschen an su lang brooden bis se goldbrong sen.
- Dann Tomaten drënner mëschen an kräftig mat brooden bis se waarem sen. Hëtzt raaf driien.
- Fladenbrugt opschnégden an mat der bannëschter Ségt op d’Fleesch an der Pann leen an su erhëtzen, mat Tzatziki, Schoofskiisscréme oder Ranchzooss bestreichen an Fleesch drann leen.
- Oder ganz einfasch mat Fritten an der gewënschter Zooss zervéiren.