De Genoss van Brootgromperen fängt domatt aan datt et knistert an zischt wann sei an d’Pann kommen De Goût as herzhaft an liit würzige, durich Gewürzer wie Salz, Peffer, evtl. Paprikapolwer. Fir deen richtigen Aroma suarigen frësch oder gedrëchent Krégder, wie Rosmarin, Thymian, Majoran, Krégder aus der Provence, oder Kümmel. Heinsdo jëtt o na Speck, Ënnen, Schalotten oder Knuawelek drënner gemëscht. Brootgromperen sen variabel an passen goud zu verschiddene Menüer. Sie kannen als Beilaag bei engem saaftigen Steak, bei Spéijeleier oder sugar als Hauptplat mat engem Komp Zaloot zervéiert jiänn. Hirren onverwiässelbaren Goût maan sie zu engem Genoss fir all Sënner.

Hogt ass d’Brootgromper den Hauptdarsteller:
An mengem Kooschkur woren d’Gromperen deen Hit. Hei ass dann lo Rezept van der Brootgromper alleng an wie een se variéiren kann.
D’Gromper kënnt eigentlich ganz onopfällig ëm den Eck, sie ass wie eng wäiss Leinwand déi een an baal alles verwandelen kann. D’Iddi fir d’Gromper rii ze brooden han ech aus enger Kooschsendung. Dofir schiälen ech se an schnegden se an Würfel oder an Ronselen, net ze deck an net ze dënn, su bëssen no Geféihl. Ech wäschen se kuurz aaf, fir datt iwerschëssig Stärke aafgespéilt jiët, dann tuppen ech se mat Këchenpapeir liit drëchen.
Firtischt erhëtzen ech Pann, wann déi goud waarem ass, loossen ech Botterschmalz dran schmëlzen, du kanns äwer o een neutralen Ualig hualen. An dann schëdden ech d’Gromperen an d’Pann.

An lo passéirert jiät datt een net erzwengen kann. Du liss se einfasch mat Ruh. Net lokter dran réihren, keent nervöst Schwenken. Et zischt an et brutzelt an du waards op deen Moment wann sech gemellig eng brong Krust bild. Eng no der annerer. Datt ass de Punkt, do jiët een jiären ongedellig, äwer genau hei kënnt de Goût.
Rischt, wanns du die brong Krust däitlich gesegs an deen onverkennbaren Geroosch van Gebroodenem an deng Naas klëmmt, jiët dran geréihert. Ech loossen se na wegder brooden, dann salzen ech se.

Kuurz är se durich gar sen, driien ech d’Hëtzt raaf an et kënnt een goude Schnatt Botter dobäi an gewürfelt Schalotten oder Ënnen. De Botter schmëlzt direkt an verbënnt sech mat deem watt sech om Buadem van der Pann gebild hat, dësen goldigen Aansatz deen een net gesegt äwer schmëcht. An der fransiischer Këchen jiff gesoot jiän, du schaffs mam Fond, mat deem watt sech om Buadem van der Pann bild. Vill ënnerschätzen datt, an genau domat ensteht deen besten Goût.

D’Schalotten jiän mëll, liit séisslich, keent verbrennen, keen Stress nëmmen gemelligt glasig jiän.
An natiirlich… Knuawelek, well se mir mol éierlich, mat Knuawelek schmëscht alles einfasch besser. Deen mëschen ech rischt ganz zum Schluss drënner, net ze lang mat brooden, just su lang bis dir deen gouden Doft an d’Naas klëmmt.
Fir bëssen Faaref suarigt dann na bëssen gehackten Péitersilich.

An dann passéiert genau datt, watt een net plangen kann. O wann om Menü eigentlich een anneren den Hauptdarsteller sen sollt, hat d’Brootgromper d’Show geklaut.
Datt sen su Rezepter wu et eigentlich keent jiët, nëmmen paar Regelen
- Natiirlich kanns du bei deng Gromperen een frëschen Rosmarinast oder/an Thymian dobäi leen, an mat am Botter schwenken, zesammen mam Knuawelek, datt mëcht datt Ganzt mi herb ass äwer richtig goud mat de Gromperen.
- Has du Iddi op Speck dobäi, broot deen firtischt, an notz datt Fett fir d’Gromper ze brooden
- Bëssen Paprikapolwer maan deng Gromperen na mi herzhaft.
Gebrooden Gromperen
Schwierigkeit: einfasch2
10
Minuten40
MinutenZutaten
600 g Gromperen
Botterschmalz oder neutralen Ualig fir ze brooden
1 EL Botter
Salz
2 bis 3 Schalotten
1 bis 2 Ziiwen Knuawlek
Péitersilich fir Garnitur
Zoubereedung
- Virbereedung
- Gromperen schiälen ech an schnegden se an Würfel oder an Scheiwen, net ze deck. Déi wäschen ech eng kéier grëndlich aaf an tuppen se dann mat Këchenpapeier liit drëchen.
- D’Schalotten an de Knuawelek schiälen ech, d’Schalotten schnegden ech an kleng Würfelen an den Knuawelek hacken ech fein.
- Kooschen
- Firtischt erhëtzen ech meng Pann, su datt se goud waarem ass, do dran loossen ech dann de Botterschmalz schmëlzen oder erhëtzen den Ualig.
- Als nächst schëdden ech d’Gromperen dran, kucken datt se goud verdeelt sen an net zevill openeen leien, an loossen déi mol mat Ruh brooden, bis se eng goldbrong Krust kreien.
- Rischt dann schwenken ech meng Pann, oder réihren dran an hualen mir die Zekt an loossen se mol na brooden.
- Gromperen salzen ech.
- Kuurz är se durich gar sen, driien ech d’Hëtzt bëssen raaf an dann kënnt een gouden Schnatt Botter an d’Schalotten dobäi. Lo verbënnt sech alles mateneen, de Botter schmëlzt, liist datt watt sech om Buadem van der Pann gebild hat. D’Schalotten jiän glasig mëll ouni datt se verbrennen.
- Ganz zum Schluss mëschen ech dann de Knuawelek drënner an subal deen afänkt mat rauschen sen d’Gromperen fiärdig.
- Fir bëssen Frëscheet an Faaref streien ech dann na gehackten Péiterislich driwer.