- 500 g rugd Rommelen
- pro Glas 1 Schalott
- pro Glas 1 Neelcheskapp
- pro Glas 1 Lorbeerblaad
- 250 ml Geméissbréit oder Waasser
- 1/2 TL Salz
- 125 ml wäisse Wéngessig (5%) alternative Äppelessig
Wie jëtt gekooscht?
Proper an ausgekooschten Gläser, Gummiréng oder Deckeln o aafkooschen.
Rommelen grëndlich ënner fleissendem kaalen Waasser wäschen. Währendeem goud gesalzent Waasser opkooschen loossen. Rommelen an datt kooschend Waasser leen an se mëll kooschen.
Wann Rommelen mëll sen, schiälen, an dënn Scheiwen, Würflen… schnegden.
Schalotten schiälen an dënn Ronselen schnegden.
An all Glas 1 Neelcheskapp, 1 Lorbeerblaad leen. Wëlls du Rommelen mi scharef kanns du zousätzlich an all Glas 3-4 schwarz Pefferkären, 2 Pimentkären mat dran maan.
Gläser halef mat deene geschniddene Rommelen fëllen, dann Schalotten drop verdeelen, an dann rëmm Rommelen drop.
Waasser, Salz an den Essig opkooschen loossen. Die kooschend Flëssigkeet op Rommelen schëdden, Gläser direkt zou maan. Op den Kapp stellen an su auskéilen loossen. Wanns du bei där Methoud net su secher bas, kanns du se o am Schiäffchen ankooschen.
Am besten as et dann äwer du koochs Rommelen net ganz mëll, du fëlls deng Gläser wie uawen beschriwen. Dann setz du se op eng Plaque op die ënnescht Schinn an deen kaalen Schiäffchen. Op Plaque schëdds du ongféier 2cm hii kooschen Waasser. Den Schiäffchen op 175°C anstellen an su lang erwiärmen bis Bloosen an den Gläser rop kommen. Dono den Schiäffchen ausschalten an Gläser op mannst na 30 Min. am zouene Schiäffchen stoen loossen. Oppassen, Gläser duarefen sech net beréiren an o Wand vam Schiäffchen net beréiren.
Op enger kéiler donkler Platz op mannst 2 Wooschen durich zéihen loossen.
Du kanns Gewürzer o änneren, su as z.B. eng goud Mëschung o Dill, Kiärwel, Péitersilisch an Bratzelen. Oder du mëschs Kümmel, Neelchskäpp an Meerrettich mat dran. Wëlls du et mi exotisch kanns du Ingwer an Kardamon ënnermëschen.
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten