Liäwensmëttel, kooschen, brooden, dämpen, dënsten
Den Aprëll han ech zwar vill gekooscht, mais all die Saaschen han et na net op mein Blog gepackt, sie sen na an der Testphase. Su han ech z.B. Randsbouletten gemaat, no engem Aalen Rezept. Vam Goût hiär sen se richtisch goud jiän, si halen o beineen, mais sie sen äwer irgendwie labberig, bëssen wie Kannerbräi. Et hat een Virdeel du brauchst net ze bäissen 😉 .
Ech kënnt jo o mol neies an mi “modernes” ausprobéiren, datt stëmmt, ech weess äwer net op et sënnvoll as. Ech han mech ëmmer well, just op datt wesentlich konzentréiert beim kooschen. Ech erfannen kooschen jo o net nei, datt jëtt et well dausende Joeren an firwaatt sech net op datt Bewärt konzentréiren. Datt traditionellt kooschen beruht dodrop, datt et well segt Uurzéckten bewärt hat, et as Ergebnis van eiser kulturellen Evolution.
Et jiänn suvill Rezepter, déi ech gar net an engem Liäwen kooschen kann. Mais et as ëmmer rëm sching wie een aus paar winegen Zoutaten jätt goudes op den Teller zauberen kann.
Kooschen bedeit Zéckt ze investéiren, Zéckt déi di meest Mënschen leider net mi investéiren wëllen. Ech sen zimlech secher, datt et vill Allergien gar net jiff jiänn. Leider hat Liäwensmëttelernergie die richtisch Strategien entweckelt eis ëmmer rëm van Convenience ze iwerzeegen, et geht jo suvills mi siier. An eis Geschmacksknospen sen well su aan datt alles gewiännt, datt se jätt normal gekooschtes als fad an langweileg empfannen.
Mein Zoossenfong han ech komplett ouni Salz an Peffer gekooscht. Wanns du deen schmëchst an du liss en op der Zong zergoen, schmëchst du all Komponent raus. Et schmëscht een Fleesch, Schanken, Muurten, Ënnen an dann Krégder die dran sen, de Péitersillich, Thymian de Lorbeer, sugar die eenzig kleng Ziif Knuawléck, well se sech durich die 15 Stonnen kooschen komplett opliist. Du has deen puuren Goût van deene Liäwensmëttel die dran sen, ouni datt se durich eent Gewürz verfälscht jiänn sen.
Ech verstinn et o net, du has dengt Geméiss, dengt Fleesch, deng Krégder an Gewürzer fir eng rischtich goud Bréit ze kooschen. An dann gesehen ech ëmmer rëm ob Bilder am Social Media, datt Cube van M… an K… dobäi legt. Du has all gesond Saaschen do leien fir Goût an deng Bréit ze kreien, an dann muss äwer na su een Dreck dran geworf jiänn?
Eng Studie aus den USA hat gewissen, datt déi Zéckt déi den Mënsch investéiert fir ze kooschen sech ënnerhalb van 50 Joer ëm 50% reduzéiert hat. Hat de Mënsch an den 70er, 80er Joeren am durichschnëtt eng Stonn an der Këschen gestannen fir ze kooschen su as et hogt na 30 Min. Et as jo o vill mi einfasch, een Pack opräissen, an Mikrowell wiärmen an well as färdeg gekooscht, dauert keng 10 Min.
Wann ech ankoofen gin, liäsen ech ganz dachs Inhaltslëst, van deene Saaschen déi ech koofen. An ganz vill hualen ech dann net mat. Een gréine Smoothie z.B. Liäwensmëttelindustrie versprëcht eis datt blooscht vam Himmel, drénkst du eng Cola has du manner Zocker wie am gréine Smoothie.
Geméiss an Obst vam Aprëll
- Artichoke, eng hart Schaal an een mëllen Kär, datt trefft op Artischoke zou. Well sie net datt ganzt Joer Saison hat, hei lo een Tipp, wie een Artischoke anfréiren kann. Sie muss op jiddefall blanchéiert jiänn. Virtischt den Still rausbrechen, net schnegden, durich brechen zéist du ongenéissbar Faseren mat raus. Dann die Hart Bläder ronderem raaf hualen bis just na die hell gréin Bläder iwereg sen. Am Normalfall brausch Artischoke 3-4 Min. sen se lo mi gruuss dann bis zu 8 Min. Kaal aafschrecken an su kann een Artischoke anfréiren.
- Spargel, o den Spargel kann een ganz einfasch anfréiren. Am kooschende Salz-Zitrounenwaasser 3-5 Min. blanchéieren.
- rugd Rommelen, Rommel kann halen sech bis zu 3 Wooschen am Geméissfach am Frigo. Anfréirem kann een se o, sie sollen dann äwer mëll gekooscht an geschiällt sen.
- Muurten, Muurten blanchéieren ech o ëmmer 4-5 Min. am kooschende Salzwaasser an fréiren se dann an.
- Knollensellerie, schiällen, an Scheiwen oder Würfelen schnegden, dann 4-5 Min. blanchéiren an dann kann een deen o anfréiren.
- Kiärwel, de Kiärwel hacken ech kleng, an fréiren en dann rii an.
- Choufleur, de Choufleur zerdeelen ech an Rusen, blanchéiren en 3-4 Min. am Salz-Zitrounewaasser, an dann kënnt en an Truh.
- Kappes, beim Kappes as et selwischt, deen äwer o firtischt kleng schnegden dann blanchéiren.
- Romanesco, behandelen ech selwischt wie den Choufleur
- Bratzelen, schngden ech kleng an fréiren se rii an.
- Kress, déi soll een net afréiren, sie verléiert den Goût, kann sugar batter jiänn, an jëtt ganz matschhich.
- Schalotten, déi fréiren ech net an, han ech logter am Gebrausch an sie halen sech jo o su eng lang Zéckt.
- Spinat, Spinat as eent van deene Liäwensmëttel, bei deem ech op datt gefruarent Produkt aus dem Buttik zereckgräifen. Ausser ech maan eng Zaloot, dann notzen ech o mol frëschen Spinat.
- Kiwi, fréiren ech o net an, et kann een se zwar anfréiren, mais sie han dono net mi di selwischt Konsitenz wi eng frësch Kiwi. Dann ischter een Pürée draus maan, an deen anfréiren.
- Zaloot, deen jëtt net angfruaren
- Navet, proper maan, an Stecker schnegden an déi dann 5-6 Min. am Salzwaasser blanchéiren. Sie han noom anfréiren net mi die selwischt Konsitenz, an jiänn dann am besten an enger Zopp oder Eintopf verschafft.
- Ënnen, déi fréiren ech net an, genau wie Schalott brausch ech déi lokter.
- Sauerrampel, kleng gschnidden kann een deen wie Krégder anfréiren.
- Péitersillich, kleng gehackt, kann een deen ouni Problem rii anfréiren.
- Poretten, Poretten kann een rii oder blanchéiert anfréiren. Goud botzen an wäschen, an Stecker schnegden. Su an Portiounen anfréiren oder 2-3 Min. am Salzwaasser blanchéiren
- Iärbessen, datt as o eng van deene Saaschen bei deenen ech sugar op datt gefruarent Produkt aus dem Buttik zereckgräifen.
- Äppel, am besten su afréiren wie een en brausch, am ganzen kann een den Appel net afréiren, en brauschh ze lang bis en durichgefruaren as.
- Gromperen, soll een net afréiren, kann een zwar. mais wann dann just am gekooschten Zoustand, sie sen dann allerdings just nat goud fir ant Zopp oder Pürée.
- rugd Radiesercher, botzen wäschen, am besten aafdrëchnen an dann su afréiren.
- Rhubarbe, deen kann du o rii oder blanchéiert anfréiren, am besten su verpackt an geschnidden wie’s du en brauschs.
Rezepter vam Aprëll
Wie geht et viraan
Ech sen am testen fir mat Sauerdeeg ze baaschen. Firtischt heescht et dann mol een Sauerdeeg aansetzen, et as net komplizéiert, datt eenzischt watts du brauchs as Waasser, Miähl an Zéckt. Mais irgendwie wollt datt Ganzt net su wie ech, mais ech jiänn net op, ech well an Zukunft mein Pizzadeeg mat Sauerdeeg maan.
Ech han o well probéiert een Focaccia aus Sauerdeeg ze baaschen, mais et as mir net gerooden an déi Brikett hat just den Weech ant Drecksdëppen fonnt. “Learning by doing” soen ech do nëmmen.
Ech han vill recherchéiert an geliäsen, vill van den Rezepter klappen leider net, ech well hei äwer Rezepter schreiwen déi o fonktionéiren.
Gedold an Ruh an dann kucken ech mol watt draus jëtt. 🙂