Aromatisch Putenbrost mat Basilikum-Geméiss

Eent Ässen, datt saaftig Putenbroststreifen, knackig Muurten an Zellerie, mëll Courgetten an séiss Tomaten mat deem frëschen Goût vam Basilikum vereent. Inspiréiert van der mediterraner Këchen, béid dëst Rezept eent gesond an aromatischt Ässen, datt sech perfekt fir een liiten Menü eegent. Technik, Fleesch an Geméiss am Sëlwerpapaier ze garen ass net nëmmen praktisch, mais den Goût an d’Nährstoffer bleiwen erhaalen. Besonnig an der fransiischer an italienischer Këchen, ass “en Papillote”-Verfahren (garen am Sëlwerpapeier oder Baaschpapaier) traditionell, an gehiiert zu den Geheimnisser fir besonnig saaftig Zoubereedungen.

Zutaten fir meng aromatisch Putenbrost mat Basilikum-Geméiss

1. Putenbrost

  • Putenbrost ass reich aan Eiwäiss an sie ass fettaarem, sie hat een mëllen Goût an eng zaart Textur, déi durich die schounend Zoubereedung am Schiäffchen besonnig saaftig bleift. Putenbrost ass eng ausgezeechent Wiäll fir gesond ze kooschen, well sie winig Kalorien hat an satt mëcht. Besonnig an der mediterraner Këchen jëtt Gefligel jären mat frëschem Geméiss an Kregder kombinéiert.

2. Knuawléck

  • De Knuawléck brengt een würzigen, liiten scharefen Goût an d’Spill, déi sech besonnig goud mat der Putenbrost an dem Geméiss verbënnt. En jëtt an villen mediterranen Këchen als Basisgewürz verschafft an brengt een herzhaften Aroma.

3. Olivenualeg

  • Hiiwiärtigen Olivenualeg, ass een wesentlichen Bestandeel van der mediterraner Këchen, en jëtt dem Ässen een reichen, fruuchtigen Goût.

4. Zitrounensaaft

  • Zitrounensaaft brengt eng erfrëschend Säier an dëst Ässen, déi d’Aromen van den Zutaten hiäft. En jëtt an der Marinade verschafft fir d’Putenbrost zaart ze maan an den Goût ze intensivéiren.

5. Salz an Peffer

  • Dës klassisch Gewürzer sen an bal all Menü onverzichtbar. D’Salz hiäft die natiirlech Aromen an den Peffer suarigt fir bëssen Schiäreft. Zesaammen suarigen sie dofir datt d’Ässen net fad schmëscht.

6. Gedrëchent italienisch Kregder

  • Die italienisch Kregder jänn dem Ässen een mediterranen Aroma. Meng Mëschung ass kräftig an aromatisch an passen ausgezeechent zu deen frëschen Zutaten wie Tomaten an Cougetten. Gedrëchent sen dës Kregder mi Kräftig am Goût wie frëscher an suarigen fir eng rustikal Würzigkeet, sie hëlefen dem Goût van der Marinade ze intensivéieren.

7. Ënnen

  • Ënnen sen eng aromatisch Basiszutat, déi an villen Menüer als Verstiäriker déinen. Beim Brooden kreien d’Ënnen een séissen mëllen Goût, watt zu enger schinger Balance, zur Frëscheet van den Tomaten an den Kregder béid. Sie jänn deem Ganzen een herzhaften, liit séisslichen Goût an harmonéiren goud mat der saaftiger Putenbrost.

8. Tomaten

  • Tomaten jänn dësem Menü een frëschen, saaftigen Aroma. Sie enthalen vill Waasser, datt während dem Kooschen frei gesatt jëtt an d’Fleesch an d’Geméiss na mi saaftig maan. Hiren séiss-saierlichen Goût harmonéieren perfekt mat deen anneren Zutaten.

9. Muurten

  • Muurten brengen een angenehm natiirlichen séissen Aroma an eng knusperig Textur an d’Ässen. Durich kooschen jänn d’Muurten mëll, verléiren äwer net hirren séissen Aroma an suarigen fir deen perfekten Ausgläich zu deen anneren herzhaften Zutaten.

10. Knollenzellerie

  • De Knollenzellerie hat een intensiven, liit nossigen Goût an jëtt dem Ässen een erdigen Aroma. Beim Garen jëtt en zaart an aromatisch. Zellerie ass eent traditionellt Geméiss, datt an villen europäischen Menüer verschafft jëtt, fir een komplexen an würzigen Goût ze kreien.

11. Courgetten

  • D’Courgetten ass eent liit, waasserreicht Geméiss, datt sech durich een mëllen, liit séissen Goût auszeechent. Beim garen jëtt sie mëll, behällt äwer eng angenehm Konsistenz, wann se net ze lang gekooscht jëtt. D’Courgetten passen zu vill anneren Zutaten an ass een wichtigen Bestandeel van der mediterraner Këchen.

12. Basilikum

  • Frëschen Basilikum ass een zentralen Bestandeel van der mediterraner Këchen. Et hat een séissen, liit pefferigen Aroma an jëtt dem Ässen Frëscheet. De Basilikum jëtt dachs an der italienischer Këchem verschafft, an harmonéiert perfekt mat den Tomaten an dem Olivenualeg.

Dës Zutaten sen net nëmmen typisch fir die mediterran Këchen, sie sen gesond, an liit mat anneren Zutaten ze kombinéieren, su datt sie sech perfekt fir dëst Ässen aus dem Schiäffchen eegnen.

Zoubereedung

  • D’Putenbrost schnegden ech an dënn Streifen.
  • De Knuawléck schälen ech an hacken en fein.
  • D’Ënnen schiälen ech an schnegden se an dënn Streifen.
  • Tomaten wäschen ech an schnegden sen an Würfel.
  • D’Muurten schiälen ech an schnegden se an kleng Stecker.
  • Den Zellerie schiälen ech en schnegden en an kleng Stecker
  • Courgetten wäschen ech grëndlich, halbéieren se längs an schnegden se op der Mandoline an dënn Haleftscheiwen.

An enger Schossel mëschen ech den Olivenualeg, mam Zitrounensaaft, dem gehackten Knuawléck, Salz, Peffer an deen italienischen Kregder. Do drann leen ech Fleesch an vermëschen alles goud mateneen, su loossen ech d’Fleesch ongeféier 2 Stonnen am Frigo durichuzéihen, am besten natiirlech ëmmer iwert Nait.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden do dran d’Ënnen goldbong aan. Déi loossen ech dann aafkéilen.

Courgetten leen ech an Sei, salzen se liit an loossen se ongeféier 30 Min. durichzéien, fir datt iwerschëssigt Waasser auszéihen kann an su evtl. Battertoffer miniméiert kanne jänn. No der halwer Stonn wäschen ech Courgetten ënner kaalem Waasser aaf.

D’Muurten an den Zellerie blanchéieren ech am kooschenden Salzwaasser fir ongeféier 5 Min. Déi schëdden ech aaf an schrecken se ënner kaalem Waasser aaf. Domatt ënnerbreechen ech den Kooschprozess, d’Geméiss soll knackig bleiwen.

De Schiäffchen wiärmen ech op 200° Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

De Basilikum hacken ech graff oder zerzupfen en mat den Hänn, paar sching Bläder haalen ech äwer fir hanneno ze garnéiren. Bei d’Fleesch an d’Schossel leen ech Tomaten, d’Ënnen, den Zellerie, d’Muurten, d’Courgetten de gehackten Basilikum an vermëschen alles goud mateneen su datt sech d’Marinade iwerall verdeelt.

An eng feierfest Schossel leen ech eent gruust Steck Sëlwerpapeier, do drop schëdden ech meng Fleesch-Geméiss-Mëschung an decken se mam Sëlwerpapeier, su datt se fest verschloss ass, zou.

Su setzen ech datt Ganzt fir ongeféier 45 Min. bis 50 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

Ech han Knuawlécksbaguette dobaï gemaat, goud passt äwer o Reis oder Risotto, hausgemaaten Nuddelen oder Gromperen.

D’Baguette han ech an deck Scheiwen geschnidden, Knuawlécksbotter drop verdeelen, déi han ech op eent mat Baaschpapeir ausgeleitent Blech geleit an ongeféier 10 Min. viraan Schluss van der Baaschzéckt, bei d’Fleesch an den Schiäffchen gestallt fir datt se goldbong réisteren.

Op Telleren verdeelen an mam frëschen Baslikum garnéiert an der Baguette zervéiren.

Tipps

  1. Fir datt alles glächmässig gart, alles an gläichmässig Stecker schnegden. D’ Muurten an den Zellerie brauschen mi lang bis se gar sen, aus deem Grond blanchéiren ech se kuurz, aafschrecken dono déint, datt den Kooschprozess ënnerbossch jëtt an datt Geméiss o no deen 50 Min. am Schiäffchen mëll an äwer na knackig ass. Ech han dësen Menü well zoubereet ouni d’Geméiss ze blanchéiren et ass no deen 50 Min. net mëll.
  2. D’Zitrounensaaft jëtt dësem Ässen een angenehm frëschen Aroma an betount sämtlich Aromen.
  3. Vergees net ze würzen, Well d’Fleesch an d’Geméiss an der Folie dämpen, kann et sen datt et net genou gewürzt ass. D’Angaben an mengem Rezept han dofir gesuarigt datt bei der Quantitéit alles goud gewürzt ass. Äwer all Goût ass annëcht.

Varianten

Du kanns den Zitrounensaaft durich Balsamico-Essig ersetzen an am Platz van deen gedrëchenten italienischen Kregder frëschen Thymian an frëschen Oregano mat ant Schossel leen. Viraam zervéiren kanns du dësen Menü na zousätzlich mat Pecorino oder Parimgiano garnéiren.

Fir bëssen mi eng fransiisch Variant kanns du die italienisch Kregder durich Kregder aus der Provence ersetzen, an du kanns z.B. mat frëschem Estragon an Rosmarin schaffen.

Eng griechisch Variant kann z.B. zousätzlich mat Feta an Oliven gebaasch jänn, fir na mi mediterran Aromen.

Aromatisch Putenbrost mat Basilikum-Geméiss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portionen
Virbereeungszéckt

2

Stunden 
Kooschzéckt

50

Minuten

Zutaten

  • 600 g Putenbrost, an dënn Streifen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 3-4 EL Olivenualeg

  • 1,5 TL Salz

  • 1 TL Peffer

  • 1 TL italienisch Krégdermëschung

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 1 Ënn, an dënn Streifen geschnidden

  • 2-3 Tomaten, gewürfelt

  • 1 kleng Courgetten, an dënn Halefscheiwen geschnidden

  • 2 Muurten, kleng gewürfelt

  • eent Steck Knollenzellerie, (ca. 100g) kleng gewürfelt

  • 1 Bott Basilikum, zerzupft oder graff gehackt, paar sching Bläder fir Garnitur behaalen

Zoubereedung

  • An enger Schossel mëschen ech den Knuawléck, Olivenualeg, Salz, Peffer, Zitrounensaaft an die Italienisch Krégder. Do leen ech d’Fleesch dran, vermëschen alles goud mateneen an setzen et zougedeckt for 2 Stonnen an den Frigo.
  • D’Ënnen brooden ech am waarmen Olivenualeg goldbrong aan. Aafkéilen loossen
  • Courgetten leen ech an eng Sei, salzen se liit an loosse se 30 Min. durich zéien. No der halwer Stonne wäschen ech d’Courgetten ënner fléissendem kaalen Waasser aaf.
  • Den Zellerie an d’Muurten blanchéiren ech fir ongeféier 5 Min. am kooschenden Salzwaasser, déi schëdden ech aaf, an ech schrecken se ënner kaalem Waasser aaf, fir den Kooschprozess ze ënnerbreechen, an well alles kaal soll sen, wann et ënnert d’Fleesch gemëscht jëtt.
  • De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • An enge feierfest Schossel leen ech een gruust Steck Sëlwerpapeier.
  • Bei d’Fleesch an d’Schossl leen ech Tomaten, d’Ënnen, den Zellerie, d’Muurten, d’Courgetten an deen gehackten Basilikum an vermëschen alles goud mateneen su datt sech d’Marinade iwerall verdeelt. Datt schëdden ech an die feierfest Form an decken alles mam Sëlwerpapeir zou, su datt et fest verschloss ass.
  • Datt Ganzt setzen ech dann fir ongeféier 45 Min. bis 50 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
  • Op Telleren verdeelen an mam frëschen Basilikum ganéiert an, bei mir ass et Knuawlécksbaguette dobäi jänn, zervéiren.
  • D’Baguette han ech an deck Scheiwen geschnidden, Knuawlécksbotter drop verdeelen, déi han ech op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech geleit an ongeféier 10 Min. viraan Schluss van der Baaschzéckt, bei d’Fleesch an den Schiäffchen gestallt fir datt se goldbong réisteren.

Notiz

  • Wëlls du keen Sëlwerpapeier hualen, kanns du o su een Brootschlausch hualen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*