Balsamico-Gromperen

Balsamico-Gromperen sen eng kreativ Variant van der klassischer Gromper aus dem Schiäffchen, déi durich den Asatz van Balsamico eng extra Portioun Goût kreien.

Eent Rezept vam Jamie Oliver mat sengen “Balsamic potatoes“, datt ech well ëmmer eng kéier ausprobéiren wollt. Jamie Oliver ass bekannt dofir einfaschen Menüer een besonnigen Kick ze jänn, su wie hei mat der Gromper déi heen op eng Réis an Italien schéckt.

De Balsamico-Essig kënt Ursprünglich aus der Regioun Modena an Italien, hei ass en ségt Joerhonnerten festen Bestanddeel an den Këchen an brengt een séiss-sauren Aroma mat. Mat dësem Rezept brengs du bëssen italienischen Flair op dein Teller – an datt Best: Et ass ganz einfasch no ze kooschen an o fir Aafänger geegent.

Zutaten fir meng Balsamico-Grompere

1. Gromperen

  • Fir dëst Rezept eegnen sech am besten festkooschend Gromperen, sie han eng fest Textur an behaalen beim Kooschen hir Form. Sie sen ideal fir am Schiäffchen ze brooden well sie net auserneenfällen.

2. Balsamico-Essig

  • Balsamico-Essig ass een donklen aromatischen Essig aus Druawenmost, deen an Italien, an der Region Modena, produzéiert jëtt. En hat een séiss sauren Goût an jëtt all Menü een intensiven, komplexen Aroma. Hiiwiärtigen Balsamico as mi deckflëssig an hat een intensiven Goût. Fir deen alldäglichen Gebrausch ass den Balsamico di Modena IGP eng goud Wiäll.

3. Olivenualeg

  • Olivenualge extra virgine ass hiiwiärtigen Olivenualeg, deen aus der ischter Pressung ouni Wiäremt oder Chemisch Behandlungen gewonnen jëtt. En hat een fruuchtigen liit batteren Aroma an ass ideal fir ze würzen an ze brooden. Den Olivenualeg brengt net nëmmen gesond Fetter mat en suarigt o fir eng knusperig Textur.

4. Italienisch Krégdermëschung

  • Die italienisch Krégder brengen een würzigen mediterranen Aroma an d’Gromperen. Dës Mëschung besteht bei mir aus Thymian, Basilikum, Oregano, Rosmarin, Salbei, an bëssen Lavendel. Bis op den Lavendel alles Krégder déi ech am Gaart han, an o zum Deel selwer drëchnen an verschaffen.

5. Ënnen

  • Beim Baaschen entwécklen d’Ënnen een natiirlich séissen Aroma an karamelsiéiren wonnerbar. Datt jëtt den Gromperen een angenehm séissen Goût, déi wonnerbar zur Säier vam Balsamico an dem Knuawléck passt.
  • Du kanns normal jiäll Ënnen hualen, sie béiden eng sching Balance zwëschen séiss an Würzigkeet. Die Rugd brengen zousätzlich Faaref an sen bëssen mi mëll am Goût. Fir mi eng edel an zart Variant kanns du o Schalotten hualen.

6. Knuawléck

  • De Knuawléck hat een kräftigen würzigen Goût, deen während dem Kooschen mi mëll an mi séiss jëtt. En jëtt den Gromperen zousätzlichen Aroma. Du kanns hei Ziiwen nëmmen liit aandrecken an se am Ganzen mat baaschen an zum Schluss raus hualen, su has du nëmmen den Aroma, oder du hacks en kleng an mëchs en mat ënnert Gromperen.

7. Salz

  • Salz ass eent van deen Gewürzer datt néirens fehlen duaref, et brengt nët nëmmen Goût, mais déint o als Verstäriker deen sämtlich Aromen vam Menü hiäft an ënnerstëtzt.

8. Peffer

  • Am besten ass ëmmer frësch gemahlene Peffer aus der Millen, en brengt eng angenehm Schiäreft an ronnt den Goût van den Gromperen aaf. Frësch gemahlene Peffer hat mi een intensiven Goût wie well gemahlene.

9. Botter

  • Botter suarigt fir bëssen Cremigkeet an harmonéiert wonnerbar mat deem natiirlichen Goût van den Gromperen an deem kräftigen Aroma vam Balsamico. Ausserdeem suarigt d’Botter fir eeng schingen appetitlichen Glanz. Well den Balsamico eng kräftig Saier hat ass den Botter perfekt fir Saier bëssen zeréck ze hualen an suarigt su fir een Ausgläich.

Dës Zutaten zesaammen erjänn eent harmonischt Ganzt, datt einfasch zouzebreeden ass, an kann den Alldaag, äwer o een besonnigen Daag beräicheren.

Zoubereedung

D’Gromperen wäschen ech grëndlich. Du kanns se mat der Schal oder ouni zoubereeden. d’Gromperen jänn mat kaalem Salzwaasser opgesatt an fir ongeféier 10-15 Min. gekooscht. Déi schëdden ech aaf an loossen se goud ausdämpen.

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt fir.

Gromperen schnégden ech an Spalten an verdeelen se op engem Blech su datt se net zevill openeen leien. Do driwer verdeelen 2-3 EL Olivenualeg, bëssen Salz an Peffer. Su setzen ech Gromperen fir ongeféier 35 Min. an deen waarmen Schiäffchen. Zwëschendurich eng kéier an den Gromperen réiren.

Iwerdeems schiälen ech d’Ënnen an den Knuawléck. D’Ënnen schnégden ech an dënn Streifen an den Knuawléck hacken ech fein.

Gromperen hualen ech aus dem Schiäffchen an mëschen d’Ënnen mam Knuawléck drënner, dann schëdden ech den Balsamico-Essig drop, vermëschen alles goud an setzen datt Ganzt na eng kéier fir 50 Min, an deen waarmen Schiäffchen. Dozwëschen Gromperen ëmmer mol rëm vermëschen.

10 Min. viraan Schluss van der Garzéckt mëschen ech den Botter an Krégder drënner.

Tipps:

  1. Gromperenzort: Festkooschend Gromperen sen ideal, sie behaalen d’From an zerfällen net
  2. Essig: Greif am besten op die Variant “Balsamico di Modena IGP” zeréck, et muss keen hiiwiärtigen sen fir dësen Menü ze kooschen, an bei dësem has du een gouden Kompromëss zwëschen Qualitéit an Präis.
  3. Virwiärmen: Fir datt Gromperen sching goldbrong jänn, denk draan den Schiäffchen vir ze wiärmen.
  4. Restverwiärtung: Sollten Rester bleiwen, kanns du dës Gromperen als Grondlaag an enger Zaloot verschaffen.

Varianten

Du kanns dës Gromperen, am Platz vam Balsamico-Essig, mat rugdem Wéng zoubereeden, Krégder kanns du durich Krégder aus der Provence ersetzen.

Fir mi eng würzigen an “rauchig” Variant kanns du Paprikapolwer an am Platz vam Balsamico-Essig, Sherryessig hualen.

An fir mi eng mëll an äwer aromatisch Variant kanns du z.B. Äppelessig hualen an Gromperen viraam zervéiren mat Bratzelen garnéiren.

Fazit

Gromperen schmaaschen richtig goud, sollt ech se äwer na eng kéier kooschen, schiälen ech d’Gromperen an ech wärt d’Ënnen mam Knuawléck an Balsamico separat an enger Pann op niddriger Hëtzt reduzéiren loossen an se rischt 10 Min. viraan Schluss mam Botter ënnert Gromperen mëschen. Trotz der langer Baaschzéckt han Gromperen den Goût vam Balsamico net aangehollt an just d’Ënnen han no Balsamico geschmaascht.

Balsamico-Gromperen

Schwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

25

Minuten

Zutaten

  • 1 kg Gromperen

  • Salz

  • Peffer

  • 2-3 EL Olivenualeg

  • 2 Ënnen, an dënn Streifen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 100 ml Balsamico-Essig

  • 1-2 TL italienisch Krégdermëschung

  • 50 g Botter

Zoubereedung

  • Gromperen han ech mat kaalem Salzwaasser opgesatt an subal datt kooscht 10-15 Min. kooschen gelooss, déi han ech aafgeschott an goud ausdämpen geloss.
  • De Schiäffchen op 180° Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Gromperen schnégden ech an Spalten leen se op eent Baaschblech, do driwer verdeelen ech den Olivenualeg, Salz an Peffer, vermëschen se goud su datt se net zevill openeen leien an setzen se fir ongfeféier 30-35 Min. an deen waarmen Schiäffchen. Gromperen dozwëschent eng kéier mëschen.
  • No der Baaschzéckt hualen ech Gromperen aus dem Schiäffchen an mëschen d’Ënnen, de Knuawléck an den Balsamico drënner, su setzen ech Gromperen dann na eng kéier fir 50 Min. an deen waarmen Schiäffchen. Gromperen ëmmer mol rëm mëschen.
  • 10 Min. viraan Schluss van der Baaschzéckt mëschen ech den Botter an die italienisch Krégder drënner.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*