Bifteki

Bifteki, datt herhaft Ässen, datt dachs als Séil van der mediterraner Këchen bezeechent jëtt. Et ass bëssen mi wie nëmmen eng einfasch Boulette. Et ass eent Stéck Geschicht, datt op den Dëcher van Griechenland zervéiert jëtt! D’Wuurzelen van der griechischer Këschen reechen wégt zeréck, an Bifteki ass eent perfekt Beispill dofir, wie einfasch Zutaten an einfasch Zoubereedung zu engem köstlichen Ergebnis féiren kanne.

Boulette, Hacksteak oder Bifteki – op griechisch – ass wahrscheinlich op der ganzer Welt durich seng Schlësselroll am amerikanischen Hamburger bekannt. Sein Ursporng reecht äwer Joerhonnerten zeréck an zwar hei an Europa, wu den Bifteki keen Fast Food, mais eng Delikatesse, déi vir die besser Gesellschaft reservéiert, wor.

Watt brausch ech fir meng Bifteki ze maan?

Bifteki ass eng Zoubereedung aus Randsgehacktes, gemëscht mat Salz, Peffer an zousätzlich na Péitersilich an Oregano, watt dem Bifteki sein eenzigartigen Geschmaasch jëtt. Wégder Zutaten, wie an Mëlich angeweechtent Brigdchen oder Panéiermiähl, fein gehackt Ënnen an Knuawléck, Eier ronnen datt Ganzt na aaf. Fir bëssen Frëscheet mëschen ech na bëssen Zitrounenzesten van enger Bio-Zitroun mat drënner. An dann na bëssen Olivenualeg fir ze brooden.

Zousätzlich kanns du deng Bifteki na mat Feta-Kiss fëllen, well ech äwer net su een gruussen Fan van Feta sen, sen meng net gefëllt.

Ausserdeem brauchs du fir Zoubereedung na, eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eng Schossel, eng Pann oder Grillpann an eng Zang oder een Läffel fir Bifteki an der Pann ze driien.

Tipps fir selwergemaaten Bifteki

  1. Ënnen, de Knuawléck an Krégder wirklich ganz fein hacken, den Geschmaasch van dësen Zutaten soll sech am ganzen Fleesch verdeelen an wanns du dran bäiss sollen keng ze gruuss Stécker am Mond sen.
  2. Griisst van den Bifteki soll su ëm 70 g bis 80 g leien. Form se gläichmässig, fir datt se an der Pann gläichmässig garen.
  3. Wanns du Feta mat dran mëchs, zerbrösel deen ganz kleng an pass do drop op dann en komplett am Fleesch angeschloss ass, fir datt beim brooden den Kiiss net ausloofen kann.
  4. Bifteki bei mëttel Hëtzt brooden, bis se glächmässig brong an liit knusperig sen.

Zoubereedung

D’Ënnen an den Knuawléck schiälen ech an hacken alles wirklich ganz fein. Genausu maan ech mam Péitersilich. Hëlls du frëschen Oregano deen natiirlich o ganz fein hacken, ech han fir mengt Rezept gedrëchenten gehollt.

Fir mengt Rezept han ech Panéiermiähl gehollt, well ech keent aalt Brigdchen mi am Haus haat. Hëlls du Brigdchen, weech et goud an bëssen Mëlich an an dreck et ganz fest aus ärs du et ënnert Gehacktes mëchs.

An enger Schossel mëschen ech Gehacktes mat den Ënnen, dem Knuawléck, den Krégder, Peffer, Salz, Eier an Panéiermiähl, datt kniädden ech just su lang durich bis alles goud vermëscht as. Kniädds du Gehacktes mi lang kann et zii jänn.

Wann alles goud vermëscht ass formen ech Bifteki van ongeféier 70 g bis 80 g, ech formen se bëssen länglich an drecken se dann liit platt.

Een klengen Tipp: wanns du Feta mat dran mëchs, dreck se su Platt wie wanns du Hamburger maan jiffs, verdeel dann ant Mëtt bëssen vam zerbröselten Feta, klapp dann Bouletten zesaammen an dréck d’Ränner fest beineen, su as den Kiiss an der mëtt an kann d’Ausloofen verhënneren.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualeg an brooden do dran Bifteki bis sching brong an liit knusperig sen.

Watt passt bei Bifteki?

Et jänn ganz vill Iddien, déis mam Bifteki kombinéiren kanns. Entdeck einfasch dein perséinlichen Favorit!

Keen anneren Dip passt besser bei Bifteki wie Tzatziki, deen erfrëschenden Dip mat Cornichon ass die perfekt Ergänzung zu deen würzigen Bifteki. Ech denken äwer o, datt meng Ranchzooss ganz goud dobäi passt. Datt Ganzt Begleet mat Zaloot an Fladenbrugt an du has dein Sandwich färdig.

Richtig gou passt natiirlech o eng gemëschten Zaloot, oder/an gebrooden Gromperen.

An wanns du Fritten dobäi zervéiers mëchst du Gruuss an Kleng domatt fruh.

Bifteki

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 500 g Randsgehacktes

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 2-3 EL Panéiermiähl, oder eent an Mëlich angeweechtent Brigdchen

  • Zesten van enger halwer Zitroun

  • Olivenualeg fir ze brooden

  • Gewürzer an Krégder
  • 2 EL Péitersilich, fein gehackt

  • 1 EL gedrëchenten Oregano

  • 2 TL Salz

  • 1 TL Peffer

Zoubereedung

  • An enger Schossel Gehacktes, mam Panéiermiähl, Ei, Ënnen, Knauwléck, den Zitrounezesten an den ganzen Gewüzer an Krégder goud vermëschen.
  • Bifteki van ongeféier 70 g bis 80 g formen.
  • An enger waarmer Pann bëssen Olivenualeg op mëttel Hëtzt erwiärmen an Biftekt do dran sching brong an liit knusperig brooden.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*