Curryzooss

Curry – eent Wuort, datt direkt Bilder van goud rauschenden Gewürzer an köstlichen Zossen entstoen lisst. Dobäi ass den Begrëff “Curry” eent Wuort datt Briten erfond han. An Indien selwer jëtt et deen Begrëff an dëser Form gar net; do schwetzt een van veschiddene Masalas – Gewürzmëschungen.

Eng Curryzooss ass eent Multitalent, van séiss, fruuchtig bis scharef, op waarem oder kaal, mat Rahm oder Kokosmëlich, jänn et ganz vill Variatiounen. Bei eis an der Regioun ass die Scharef oder die Fruuchtig-pikant am beléifsten. Vill Frittenbudebesëtzer héiden hirt Rezept fir Curryzooss wie een Schatz. Ech sen ëmmer dofir Rezepter ze notéiren, o wann se net veröffentlicht jänn an, an der Familjen bleiwen, entwécklen sech Rezepter viraan an jänn verfeinert an aangepasst.

Curry ass mi wie eent Gewürzt

Die indisch Gewürzmëschungen jänn bei eis dachs zimlich ongenau als Curry bezeechent. Curry ass eigentlich Bezeechnung van engem Schmorässen an enger sämiger Zooss. Gewürzer déi dran kommen jänn als Masala bezeechent, dobäi hat all Hausfrau an Indien hirt eegent Rezept an déi variéiren, deemno watt fir eng Zutaten am Curry sen. Su eng Mëschung kann aus bis zu 36 verschidden Gewürzer an Krégder bestoen. Ëmmer dobäi sen Kurkuma, Koriander, Bockshornklee, Kreuzkümmel, schwarze Peffer an dann variéirend Gewürzer je no Regioun an Rezept.

Normalt Currypolwer an schwarzt Currypolwer

Durich die englisch Kolonialzéckt sen vill Gewürzer, exotisch Zutaten an Rezepter mat an Europa kommen, well den Kolonialhären die indisch Masals äwer ze scharef woren ass su eng Gewürzmëschung entstannnen – datt bei eis bekannten Currypolwer. Currypolwer krëss du an verschidden Schiäreften ze koofen. Madrascurry ass datt schiärefst, do ass na zousätzlich Chili mat verschafft. An der Këchen würzt Curry net nëmmen indisch Currys, mais et passt an Cremen an Dips oder anner Zoubereedungen.

Zutaten fir meng Curryzooss

Meng Curryzoos van Hogt ass eng Hommage aan die reich indisch Gewürzwelt, ouni dobäi ob den dachs verschafften Ketchup an Zocker zerëck ze greifen. Dofir hualen ech, Ghee (Botterschmalz) Ënnen, Knuawléck, Currypolwer, Cumin (Kreuzkümmel) Korianderpolwer, evtl, Chilipolwer fir Schiäreft. Tomatenpürée, Bréit, Salz an Peffer.

Fir datt Zooss gelengt brausch ech natiirlech na bëssen Handwiäriksgeschier, eent Schnégdbrett, eeng schareft Messer, verschidden Läffelen, fir ze moossen an ze schmaaschen an een Holzeläffel fir ze réiren.

Zoubereedung

D’Ënnen an den Knuawléck schiälen ech, d’Ënnen halbéiren ech an schnégden se an dënn Streifen, de Knuawléck hacken ech fein.

Den Tomatenpürée liesen ech an der Bréit op.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech op Mëttelhëtzt bëssen Ghee, do dran brooden ech d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann mëschen ech den Knuawléck an sämtlich Gewürzer mat drënner an réisteren déi mat aan. Pass hei op datt se net verbrennen, Hëtzt op mëttel bis niddrige haalen an mat der Bréit aafläschen.

Zooss loossen ech dann opkooschen driien Hëtzt raaf an op niddirger Hëtzt loossen ech Zooss ongeféier 20 Min. kooschen. Schmaaschen an würzen evtl na no. Sollt Zooss ze déckflëssig sen, bëssen Bréit oder Waasser dobäi schëdden.

Wanns du léiwer eng glatt Zooss has, kanns du se na durich eng Passette schëdden.

Tipps

  • Pass do drop op datt Gewürzer net verbrennen subals du jätt rëchs mat der Flëssigkeet aafläschen.
  • Vermësch alles goud fir datt sech d’Aromen richtig verdeelen.
  • Schmaasch Zooss während dem kooschen mi dachs aaf, an pass Gewürzer dengem Geschmaasch aan.

Curryzooss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • Ghee fir ze brooden

  • 1 Ënn, an dënn Streifen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein Gehackt

  • 1 EL Currypolwer

  • 1 TL Kurkuma

  • 1 TL Cumin

  • 1 TL Korianderpolwer

  • Optional: 0,5 TL Chilipolwer

  • 600 ml Bréit

  • 1-2 EL Tomatenpürée

  • Salz

  • Peffer

Zoubereedung

  • Den Tomatenpürée an der Bréit opliesen.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt den Ghee an brooden do dran d’Ënnen bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Dann mëschen ech den Knuawléck an die ganz Gewürzer mat drënner an brooden déi kuurz mat aan. Subal déi aafänken mat rauschen schëdden ech Bréit mam Tomatenpürée drop, an loossen Zooss opkooschen.
  • Hëtzt driien ech dann raaf an loossen Zooss ongeféier 20 Min. op niddriger Hëtzt kooschen. Schmaaschen an würzen evtl. na no. Sollt Zooss ze déckflëssig sen, bëssen Bréit oder Waaser dobäi schëdden.
  • Wanns du léiwer eng glatt Zooss has, kanns du se na durich eng Passette schëdden.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*