An der traditioneller Këchen, sen Brootgromperen, an Scheiwen oder Würfel geschnidden Gromperen, déi rii oder gekooscht am Schmalz, Botter oder Ualeg gebrooden jiänn, bis se knusperig sen.
De Genoss van Brootgromperen fängt domatt aan datt et Knistert wanns du an die knusperig Krust bäiss, fir an datt zart, crémigt Bannëcht ze kommen. De Geschmaasch as herzhaft an liit würzige, durich Gewürzer wie Salz, Peffer, evtl. Paprikapolwer. Richtig goud an würzig jiänn se mat menger Bacon-Salz-Mëschung. Fir deen richtigen Aroma suarigen frësch oder gedrëchent Krégder, wie Rosmarin, Thymian, Majoran, Krégder aus der Provence, oder Kümmel. Heinsdo jëtt o na Speck, Ënnen oder Schalotten drënner gemëscht, fir den Geschmaasch na mi intensiv ze maan. Brootgromperen sen variabel an passen goud zu verschiddene Menüer. Sie kannen als Beilaag bei engem saaftigen Steak, bei Spéijeleier oder sugar als Hauptplat mat engem Komp Zaloot zervéiert jiänn. Hirren onverwiässelbaren Geschmaasch an Textur maan sie zu engem Genoss fir all Sënner.
Hogt ass den Hauptdarsteller:
D’Gromper, natiirlech kucken ech ëmmer fir se regional ze koofen, fir dësen Plat mussen et natiirlech festkooschender sen. Ausserdeem brausch ech na Botterschmalz, well alles mat Botter besser schmëscht, viraan allem gebrooden Gromperen. Salz an evtl. Peffer duarefen natiirlech o net fehlen. Jo, ech halen meng Gromperen ganz einfasch, meestens maan ech mol keen Peffer dobäi, D’Gromperen, d’Röstaromen, de Botter an bëssen Salz mi muss et fir mech net sen.
Zoubereedung
Gromperen schiälen ech, an schnégden se an ischter kleng Würfelen. Datt hat deen Grond, ech brooden meng Gromperen rii. Natiilrech kanns du gekooschter genausu zoubereeden.
An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz.
- Wanns du Speck mat dran wëlls maan, dann brood deen firtischt aan, hual en dann raus an mëschen en 10 Min. är Gromperen gar sen rëm mat drënner.
Gromperen tuppen ech mat engem properen Handdousch bëssen drëchen an schëdden se dann an di waarem Pann. Pass hei bëssen op, well et knistert an et sprutzt. ausserdeem wann Pann net richtig waarem ass, pëschen dir die rii Gromperen fest, ausser du notz eng beschicht Pann.
Gromperen mëschen ech goud an loossen se op hiier Hëtzt brooden bie se aafänken liit Faaref ze kreien, dann driien ech Hëtzt op niddirg bis mëttel, salzen Gromperen an loossen se brooden bis se durich gar sen. Vergeess net heinsdo dran ze réiren su datt se all rondrëm knusperig an brong jänn.
- Wëlls du eng gehackten Ënn oder Schalott an Krégder mat drënner mëschen, maan datt 10 Min. är Gromperen gar sen.
Kooschzéckt kann variéiren deemno wie déck datts du Gromperen geschnidden has.
Gebrooden Gromperen
Schwierigkeit: einfasch2
10
Minuten40
MinutenZutaten
600 g Gromperen
Botterschmalz
Salz
optional: Peffer
Zoubereedung
- Gromperen, schiälen, ënner fléissendem Waasser wäschen, an Würfel, Scheiwen oder Spalten schnégden.
- An enger waarmer Pann Botterschmalz erhëtzen an Gromperen dorann aanbrooden bis se Faaref kreien.
- Salzen, Hëtzt raaf op niddrig bis mëttel driien an Gromperen sulang brooden bis se mëll sen.
- Kooschzéckt kann variéiren, deemno wie déck datts du Gromperen geschnidden has.