Gedënsten Chicorée mat Schalotten

Hogt deelen ech eent Rezept mat dir, datt einfasch zouzebreeden an äwer delikat ass. Gedënsten Chicroée mat Schalotten, getoppt mat bëssen Balsamico.

Den Chicorée ass bei verschidden Lékt eent Geméiss datt absolut gar net zässen ass oder wie bei mir, ech ässen den Chicorée an all Form, ob als Zaloot, gebrooden, gekooscht, gedënst oder als Gratin mat Ham ëmwéckelt, mir schmëscht en ëmmer.

Hei ass eent Rezept van gedënstem Chicorée mat Schalotten an Balsamico eng Mëschung mat engem eenzigartigen Aroma.

Handwiäriksgeschiier

  • eng Pann mat Deckel
  • een Holzeläffel
  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett

Zoubereedung

De Chicorée botzen ech, datt heescht ech schnégden d’Enner aaf, plécken evtl. baussigt wiällig Bläder aaf an halbéieren se. Dann schnégden ech den Stronk raus. Schalotten schiälen ech an halbéiren se.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualeg an brooden den Chicoréé an Schalotten mat der Schnëttségt no ënnen aan bis alles liit Faaref krëtt. Dann driien ech mat hëlef vam Holzeläffel alles ëm.

Würzen alles mat Salz an Peffer an verdeelen ongeéier 1 TL Balsamico op all Halschent. Evtl. eent haleft Glas Waasser dobäi schëdden su datt just den Buadem van der Pann bedeckt ass. Ech han ganz bëssen Waasser mat dran gemaat well den Chicorée su goud wie keent Waasser gezujien hat beim brooden. Has du Chicorée erwëscht deen vill Waasser zéiht kanns du dir zousätzlicht Waasser sparen.

Als nächst leen ech den Deckel drop an loossen den Chicorée mat den Schalotten ongeféier 5 Min. bis 7 Min. dënsten. Fir ze kucken op den Chicorée mëll ass picken ech mat engem spatzen Kneipchen dran.

Mat bëssen gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.

Zutaten

  • Chicorée
  • Schalotten
  • Olivenualeg
  • Balsamico
  • Salz & Peffer
  • evtl. bëssen Waasser
  • gehackte Péitersilich

Tipps

  1. Pass do drop op, den Chicorée net ze lang aanzebrooden, fir su die zart Textur ze erhalen.
  2. Experimentéier mat verschidden Balsamicozorten.

Varianten

An Italien jëtt dachs Radicchio di Treviso gehollt fir dës Beilaag ze kooschen.

Gedënsten Chicorée mat Schalotten

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portionen
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 6-8 Chicorée, verbotzt an halbéiert

  • 4 Schalotten, geschiält an halbéiert

  • Olivenauleg

  • Salz & Peffer

  • 150 ml Balsamico

  • evtl. bëssen Waasser

  • gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualeg erhëtzen.
  • Den Chicorée an d’Schalotten mat der Schnëttségt no ënnen aanbrooden bis se bëssen Faaref aangehollt han.
  • Ëmdriien, mat Salz an Peffer würzen an den Balsamico driwer verdeelen.
  • Evtl. bëssen Waasser dobäi schëdden, su datt just den Buadem van der Pann bedeckt ass.
  • Mat Deckel fir ongeféier 5 Min. bis 7 Min. op niddriger Hëtzt dënsten. Kontrolléier mat engem spatzen Kneipchen op den Chicorée mëll ass.
  • Mat gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.
  • An genéissen!

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*