Sauerrahmkartoffeln

Gefëllten Gromperen

Gefëllten Gromperen mat enger Speck-Ënnen-Sauerrahmmëschung an mat enger Broccoli-Chouxfleurs-Sauerrahmmëschung as eent herzhaft an köstlicht Ässen. Gromperen jänn an der Schaal gekooscht, halbéiert an mat engem Läffel datt Bannëcht raus gehollt, doraus jëtt een Gromperenpürée gemaat an een Deel mat knusperig gebroodenem Speck, karameliséiert Ënnen gemëscht. Die anner Halschent han ech mat kleng gehacktem Broccoli an Chouxfleurs gemëscht. Am Platz datt ech een klassischen Gromperenpürée mat Mëlich maan, maan ech en mat Sauerrahm.

Op Gromperenhalschenten jëtt dann na bëssen Raclettekiiss oder een anneren Kiiss verdeelt an am waarmen Schiäffchen iwerbaasch. Eent wonnerbart Ässen, datt als Hauptplat oder als Beilaag zervéiert kann jänn.

Zoubereedung

Gromperen wäschen ech grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser. Mat kaalem Salzwaasser setzen ech Gromperen dann op an kooschen se bis se mëll sen.

Iwerdeems Gromperen kooschen, hacken ech d’Ënnen an den Knuawléck kleng. De Speck würfelen ech. An enger waarmer Pann brooden ech den Speck ouni Fett op mëttel Hëtzt aan. Kuck hei watt fir een Speck datts du has, wanns du fette Speck hëlls brauchs du keent zousätzlicht Fett, as en Durichwaas, dann evtl. bëssen Botterschmalz dobäi maan. Subal Fett vam Speck austrëtt mëschen ech die gehackten Ënnen an Knuawléck drënner an brooden datt Ganzt bis de Speck knusperig an d’Ënnen an de Knuawléck karameliséiert sën.

Speckkartoffeln

Fir die vergetarisch Variant, blanchéiren ech Broccoli an Chouxfleurs fir paar Minuten am kooschenden Salzwaasser. Subal deen färdeg as hacken ech en kleng.

Broccolikartoffeln

De Schiäffchen wiärmen ech op 220 °C fir.

Wann Gromperen mëll sen, halbéiren ech se, an mat engerm Läffel hualen ech datt Bannëcht raus. Doraus maan ech een Gromperenpürée mat bëssen Botter, Salz, Muskot an am Platz van der Mëlich hualen ech Sauerrahm. Eng Halschent vam Pürée mëschen ech mat der Speck-Ënnen-Mëschung an die anner Halschent mat der Broccoli-Couxfleurs-Mëschung.

Die halbéiert Gromperen leen ech an eng feierfest Form an würzen se liit mat bëssen Salz. Déi fëllen ech dann mat deem gemeschten Pürée. Op den Pürée leen ech dann Raclettekiss, du kanns natiirlech all anneren Kiiss hualen deen dir schmëscht, wie z.B. Parmesan, Gruyère… Dann setzen ech Gromperen ongeféier fir 15-20 Min. an deen waarmen Schiäffchen bis den Kiiss goldbrong as.

Varianten

  1. Mat Ham, am Platz vam Speck kanns du Ham hualen.
  2. Vegetarisch, du kanns anner Zorten Geméiss ënnermëschen, wie z.B. Muurten, Iärbessen, Spinat..
  3. Kiiss, een Deel vam Kiiss kanns du kleng würfelen oder raspelen an mat ënnert den Pürée mëschen, su jëtt en na mi crémig.
  4. Kooschelen, gebrooden Kooschelen, wie Champignon, Steinpilze, suarigen fir een eerdigen Geschmaasch.
  5. Gewürzer, würz den Pürée mat Muskot, schwarze Peffer oder Paprikapolwer.
  6. frësch Krégder, hual frësch Krégder wie Péitersilich, Bratzelen, Rosmarin an Thymian an du krëss na zousätzlichen Geschmaasch an dein Pürée.

Du kanns sämtlich Zutaten ganz dengem Geschmaasch no kombinéiren, fir dein Gromperenpürée individuell aanzepassen. Experimentéier mat verschidden Variatiounen, fir raus ze fannen watt fir een dir am besten schmëscht.

Gefëllten Gromperen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

40

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 8 mëttelgruuss Gromperen, (vorwiegend festkooschend)

  • 100 g gewürfelten Speck

  • 1 Ënn, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 100 g Broccoli, blanchéiert an gehackt

  • 100 g Chouxfleurs, blanchéiert an gehackt

  • Salz & Peffer no Geschmaasch

  • 8 Scheiwen Raclettekiiss

  • Fir den Pürée
  • 30 g Botter

  • 150 g Sauerrahm

  • Salz & Muskot

Zoubereedung

  • Gromperen grëndlich wäschen, an der Schaal mat kaalem Salzwaasser opsetzen an mëll kooschen.
  • Iwerdeems Gromperen kooschen, an enger waarmer Pann den Speck ouni Fett op mëttel Hëtzt aanbrooden, subal aafänkt Fett auszetrëdden d’Ënnen an de Knuawléck ënnermëschen an su lang brooden bis den Speck knusperig an d’Ënnen karameliséiert sen.
  • De Schiäffchen op 220°C virwiämen.
  • Wann Gromperen mëll sen, halbéiren an datt Bannëscht mat engem Läffel raus hualen. Datt mam Püréestampfer püréiren an de Botter, Sauerrahm, Salz an Muskot ënnermëschen, schmaaschen.
  • Halschent vam Püréé mat deem gebroodene Speck mëschen an die anner Halschent mat dem gehackten Broccoli an Chouxfleurs
  • Gromperenhalschente an eng feierfest Form leen, liit salzen an mat deen 2 Fëllung befëllen, op all Gromper eng halef Scheif Raclettkiiss leen an am waarmen Schiäffchen fir ongeféier 15 Min. bis 20 Min baaschen, bis den Kiiss goldbrong as.

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*