geréistert Geméiss

Hokt hualen ech dech mat ant d’Welt vam geréisterten Geméiss. Eent Ässen, datt ganz einfasch zouzebreeden ass an datt all Herz van Vegetarier mi hii schloen lisst. Geréistert Geméiss aus dem Schiäffchen hat seng Wuurzelen an deen ländlichen Këchen van Europa, wu frëscht Geméiss direkt vam Feld mat einfaschen Methouden an eent köstlicht Ässen verwandelt jänn ass.

Marinéiert an enger herzhafter Marinade, zervéiert op Tomatenhummus an mat Knuawléckbaguette, krëtt dësen Menü een modernen mediterranen Twist.

Zutaten fir mengt geréistert Geméiss

D’Staren van Hokt sen Auberginen, Courgetten, Muurten, Gromperen, Paprika an Kiischtentomaten! Aus Olivenualeg, Ënnen, Knuawléck, Balsamicoessig, gedrëchenten Tomaten, Oregano, Basilikum, Salz an Peffer zauberen ech eng herzhaft Marinade. Zervéiert han ech mengt geréistert Geméiss op Tomatenhummus an mat Knuawklécksbaguette.

Zoubereedung

D’Auberginen, Courgetten, de Paprika an Gromperen wäschen ech grëndlich ënner kaalem Waasser, d’Muurten schiälen ech an dann schnégden ech datt ganzt Geméiss an ongeféier gleich gruuss Stécker an leen et an eng gruuss Schossel. Kiischtentomaten loossen ech ganz an leen se bei d’Geméiss an d’Schossel.

Am Blender oder Mixer püréiren ech Ënnen, Knuawkléck, gedrëchent Tomaten, Oregano, Basilikum, de Balsamicoessig mat Olivenualeg bis eng deckflëssig Marinade entsteht, déi würzen ech mat Salz an Peffer. Dann schëdden ech déi op d’Geméiss, vermëschen alles goud mateneen an lossen datt Ganzt ongeféier 10 Min. durich zéien.

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Ëmloft fir.

Op engem gruussen Baaschblech verdeelen ech d’Geméiss, su datt et net zevill openeen légt. Datt setzen ech dann fir ongeféier 40 Min. an deen waarmen Schiäffchen. Zwëschendurich d’Geméiss mol mëschen su datt et van deen 2 Ségten réistert.

No deen 40 Min. verdeelen ech den Tomatenhummus op Telleren an leen datt geréistert Geméiss uawen drop, datt garnéiren ech mat frësch gehacktem Péitersilich an zervéiren et mat Knuawléckbaguette.

Fir d’Knuawléckbaguette han ech Knuawlécksbotter gemaat, Baguette angeschnidden an den Botter ant Baguette geschmiärt, 10 Min. är d’Geméiss färdig ass han ech een Grill iwert die Schinn vam Geméiss gesatt an d’Baguett su gebaasch.

Tipps

Eent Messer datt richtig scharef ass erliitert d’Schnégden an mëcht et mi sëcher.

Den Baaschblech kanns du mat Baaschpapeir ausleen, Geméiss bleift su net am Blech pëschen an et ass mi siier geschpoult.

Kuck datt Geméiss gläichmässig geschnidden ass, fir datt et glächmässig gart. An pass do drop op datt et om Blech net zevill openeen légt.

Varianten

Bei dësem Rezept sen der Fantasie keng Grenzen gesatt, du kanns van Geméiss genau datt hualen watt dir am besten schmëscht. Durich den Tomatenhummus jëtt dësen Menü zu engem Vollwiärtigen Ässen.

Fir bëssen Aafzewiässelen kanns du z.B na Oliven an Kaperen mat ënnert Geméiss mëschen, goud schmëscht et bestëmmt o wanns du Parmsean driwer verdeels, ob mat gebaasch oder zum Schluss als Topping. Fir mi eng orientalisch Variant kanns du den Marinade mat Cumin, Kurkuma an Harissa würzen.

geréistert Geméiss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 2 Aubergine, an Würfel geschnidden

  • 2 mëttelgruuss Courgette, an Würfel geschnidden

  • 2-3 Muurten, geschält an a Würfel geschnidden

  • 500 g Gromperen, gewürfelt

  • 3 Paprika, an Stécker geschnidden

  • 200 g Kiischtentomaten

  • Fir d’Marinade
  • 90 g gedrëchent Tomaten

  • 1 Ënn, geschiält an gevéirelt

  • 2 Ziiwen Knuawkléck, geschiält

  • 1,5 TL Salz

  • 1 TL Peffer

  • 60 ml Balsamicoessig

  • 1 TL gedrëchenten Oregano

  • 1 Tl gedrëchenten Baslikum

  • Olivenualeg

  • Knuawlécksbaguette
  • 1 Baguette

  • Knuawlécksbotter

  • Zervéiren
  • Tomatenhummus

  • gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • Am Blender mixen ech sämtlich Zutaten fir d’Marinade, mixen no an no Olivenualeg mat drënner bis eng deckflëssig Marinade entstannen ass.
  • Datt ganzt kéeng geschniddent Geméiss leen ech an eng gruuss Schossel an schëdden d’Marinade driwer, dann vermëschen ech alles goud an loossen et 10 Min. durich zéien.
  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Ëmloft fir.
  • D’Geméiss verdeelen ech op engem Baaschblech su datt et net zevill openeen légt an ech setzen et fir ongeféier 40 MIn. an deen waarmen Schiäffchen. Zwëschendurich mol eng kéier am Geméiss réiren fir datt et van deen 2 Ségten réistert.
  • D’Baguette schnégden ech an, an schmiären Knuawklécksbotter ant Baguette. 10 Min, är d’Geméiss färdig ass, setzen ech een Grill an die Schinn iwert dem Geméiss an baaschen Baguette su mat.
  • Zervéiren
  • Op Telleren verdeelen ech den Tomatenhummes an leen datt geréistert Geméiss drop, datt garnéiren ech mat frësch gehacktem Péitersilich an reechen Knuawlécksbaguette dobäi.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*