Alles watt geschmort jëtt as goud. Ganz beléift fir z’ässen, wann et äwer ëmt kooschen geht as et net mi su beléift. Datt legt wahrscheinlich dodraan well et zimlech vill Zéckt brausch. Ganz besonnech bei Kooschanfänger as datt Kuurzgebroodend mi beléift.
Schmoren.
Et stin ëmmer verschidden Entscheedungen aan wann een afänkt mat kooschen, die wichtigst Entscheedung, as, op d’Ässen gemellig bei niddriger Hëtzt oder siier bei stariker Hëtzt zoubereed jëtt. Denk doriwer no watts du wëlls. Bei verschidden Liäwensmëttel besteht Ziel dodran se zart ze maan, an bei anneren die natiirlech Zartheet ze erhalen.
Beim schmoren jëtt Fleesch lang op niddreger Temperatur am eegene Saaft oder an enger Zooss mat Deckel gekooscht. Wie z.B. een Gulasch, deen ongeféier 2 Stonnen an der Zooss geschmort jëtt. Ziel vam Kooschen mat niddreger Hëtzt as ëmmer datt selwischt: mëll, zart an saaftig. Tatsächlich as datt verstreichen van der Zéckt, Geheimnis firwatt een Eintopf oder een Gulasch su goud jëtt.
Fir een Gulasch hat een meestens Fleesch datt mol bëssen mi zii as, et kann o mol die eng oder anner Fiäss dran sen, durich Zéckt an die niddreg Hëtzt verwandelt sech Bindegewebe an Gelatine an mëcht Fleesch zart an saaftig.
Schmoren van Fleesch mat Schank.
Een Klassiker – Poulet! Baussen sching brong an op der Schank na rii an bloudig, ween kennt et net? Een Grond datt su eppes geschéit as Temperatur vam Fleesch. Fleesch soll ëmmer Raumtemperatur han fir ze brooden, grillen oder schmoren.
Trotzdem lungt et sech Fleesch mat Schank ze schmoren. Durich Schanken bleift Fleesch na mi saaftig an krëtt na mi Aroma. Schanken sen porös an leeden Hëtzt schlecht firaan, datt as deen 2ten Grond wann Fleesch op der Schank na rii as. Well Schanken Hëtzt su schlecht leeden brausch et mi lang bis alles durichgegart as. Durich die mi lang Garzzéckt passéiert äwer na mi. Datt an den Schanken enthalent Kollagen jëtt zu Gelatine. An de Geschmaasch vam Schankenmark brengt na mi Geschmaasch mat.
Fir dëst Rezept brausch ech.
- deck Rëppercher
- Salz
- gedrëchenten Thymian
- gedrëchenten Rosmarin
- Peffer
- Tomatenzooss
Zoubereedung
Salz, den Peffer, Rosmarin an Thymian, han ech mateneen vermëscht an Fleesch domatt angeriwen. Du kanns Fleesch iwert Näit an de Frigo stellen, ech han datt dës kéier net gemaat.
De Schiäffchen op 150°C iäwischt an ënnischt Hëtzt virwiärmen.
Fleesch leen ech dann an eng feierfest Form, verschléissen di mat Sëlwerpapeier, an setzen se fir 2,5 Stonnen an deen virgewiäremten Schiäffchen. O wann hei gar keng Flëssigkeet dobäi as, schmoren Rëppercher an et trëtt vill Saaf aus dem Fleesch aus an su schmort et am eegen Saaft. Jëtt Geschmortes soll ëmmer mat Deckel gemaat jänn, die ganz Fiitegkeet, Flëssigkeet, Aromen an Nährstoffer sollen jo am Dëppen bleiwen.
Iwerdeems Rëppercher schmoren han ech eng Tomatenzooss fir dobäi gekooscht.
Wann Rëppercher färdeg sen leen schëdden ech Zooss driwer an setzen se dann na fir ongeféier 30 Min. ouni Deckel an de Schiäffchen.
Geschmorten deck Rëppercher
Schwierigkeit: mëttel4
15
Minuten2
Stunden30
MinutenZutaten
1,2 KG deck Rëppercher
1 EL Salz
0,5 EL gedrëchenten Thymian
1 TL gedrëchenten Rosmarin
1 TL Peffer
1 L Tomatenzooss
Zoubereedung
- Salz, Peffer, Thymian an Rosmari mateneen vermëschen an Fleesch domat anreiwen. Iwert Näit an de Frigo leen.
- De Schiäffchen op 150°C iäwischt an ënnischt Hëtzt virwiärmen.
- Fleesch an eng feierfest Form leen, mat Sëlwerpapeier zoudecken an fir 2,5 Stonnen an deen virgewiäremten Schiäffchen stellen.
- Wann Rëppercher färdeg sen, schëdden ech Tomatenzooss drop an setzen se dann fir ongeféier 30 Min. ouni Deckel an deen waarmen Schiäffchen.
Hallihallo an wee krit 1 dann ribnchen knusprig? As dat dann dèi letzt half stonn oder muss 1 de Schiffchen mie hoch stellen? LG jackel
Hallo
Sie jiänn net knusperig. Du kanns probéieren wanns du Temperatur rop setzt an Grillfunktioun mat Ëmloft aanschalts, sie kannen dann zwar och drëchen jiänn. Kann een o na probéieen wann een se mat enger Hunneg-Mostert-Mëschung anpinselt, oder eng Mëschung mat Soja an Hunneg oder Zocker, datt karameliséiert dann an sie drëchnen net su siier aus. Et as äwer net secher datt se dann knusperig jiänn, sie jiänn jo geschmoort an net gebrooden oder gebaaschen.
LG Josiane.