Kartofelen, Sauerrahmdip

Gromperen aus dem Schiäffchen

Ech han jo mi Rezepter van Gromperen op mengem Blog. Well datt Geméiss äwer su villfältig as an et 1000 verschidden Arten jëtt Gromper zouzebreeden. Hei eent Rezept van am ganzen gebaaschen Gromperen.

Ganz Gromperen aus dem Schiäffchen sen een Genoss. Gromperen grëndlich wäschen, anschnégden et kann een se mat Olivenualeg anreiwen, datt han ech hei äwer net gemaat, an dann bei 190°C fir 2 Stonnen an de Schiäffchen. Resultat hei soll sen, datt se van baussen knusperig jiänn an bannen fluffig bleiwen. Den Geroosch van geréisterten Gromperen verbreet sech an der Këchen an mëcht den Mond wässerig.

Et jiänn paar Methouden op déi een oppassen kann fir Gromperen aus dem Schiäffchen besser ze maan.

  1. Vill Rezepter déi een am Internet fënnt, schreiwen, datt een Gromper fir datt se während dem baaschen net opplatzt mat enger Forschett anpicken soll. Schnég se einfasch well firaam baaschen direkt ann äwer ouni se auserneen ze drecken. Su kann den Damp o aus der Gromperen auszéihen, an sie platz dir net op. An et hat deen Virdeel wann se su waarem aus dem Schiäffchen kënnt jëtt et keng verbrannten Fanger wells de irgendwie probéiers Gromper ordentlich opzeschnégden.
  2. Baasch se mi lang. Vill Rezepter schreiwen, Gromper bei 220°C ongeféier 1 Stonn ze baaschen. Probéier mol fir se bei 190°C, 2 Stonnen ze baaschen. Sie verbrennt net bei dëser Temperatur, mais Schaal jëtt su richtig knusperig.
  3. Subal Gromper färdeg as, hual se aus dem Schiäffchen an dreck se mat enger Forschette liit auserneen, du kanns datt Bannecht o na bëssen looss kratzen, datt as äwer keen muss. Setz se su na eng kéier fir 10 Min. an deen waarmen Schiäffchen, su kann o deen Rest Fiitechkeet auszéien.

Subal se dann färdeg as, kanns du se ganz auserneen drecken, een klengen Schnatt Botter drop, genou Salz an bëssen schwarze Peffer. Su as eng ganz simpel Gromper een Highlight op dengem Dësch.

Zutaten

  • Gromperen
  • Botter
  • Salz
  • schwarze Peffer

Zoubereedung

De Schiäffchen op 190°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Gromperen grëndlich ënner fléissendem Waasser schruppen an wäschen.

Du kanns Gromper bis op Halschent anschnégden.

Kartoffeln

Gromper op eent Blech an deen waarmen Schiäffchen stellen, ouni irgendeppes dobäi, an se ongeféier 2 Stonnen baaschen loossen.

No deen 2 Stonnen Gromperen aus dem Schiäffchen hualen. mat hëlef van engem Messer oder Forschette, Gromper auserneen drecken. Dann na eng kéier fir 10 Min. zereck an de Schiäffchen stellen, fir datt deen Rest Flëssigkeet auszéihen kann.

No deen 10 Minuten een klenge Schnatt Botter ant Gromper leen, goud Salzen an bessen schwarze Peffer driwer streien.

Een würzigen Dip dobäi an zervéiren.

Varianten:

  1. Gewürzer an Aromen: Du kanns verschidden Gewürzer an Aromen ausprobéiren. Ganz beléift Optiounen sen z.B. Knuawléck, Paprikapolwer, Rosmarin, Thymian oder Parmesankiiss. Experimentéier mat verschidden Kombinatiounen fir dein eegenen eenzigartigen Geschmaasch ze fannen.
  2. Den Dip fir dobäi: O hei as du wiäll. Du kanns se alleng als Beilaag mat gehacktem Péitersilich oder/an Bratzelen zervéiren oder als Hauptplat oder Snack mat engem Dip, wie z.B. Ranchzooss, Ketchup, Guacamole, Tzatziki oder eng Aioli-Zooss genéissen.
  3. Kreativ Variatiounen: Du kanns Gromperen mat verschidden anner Zutaten kombinéiren, mat Ënnen, Paprika, Kiischtentomaten oder Speck, fir ënnerscheedlich Geschmaaschsrichtungen ze erhaalen.

Gebaaschen Gromperen sen variabel, einfasch zouzebreeden an eng köstlich Beilaag oder Snackoptioun. Du kanns se ganz dengem perséinlichen Geschmaasch aanpassen an genéissen.

Gebaaschen Gromperen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

10

Minuten
Kooschzéckt

2

Stunden 

Zutaten

  • Gromperen

  • Botter

  • Salz

  • schwarze Peffer

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 190°C virwiärmen
  • Gromperen grëndlich ëner fléissendem Waasser schruppen an wäschen
  • Ongeféier bis op Halschent anschnégden.
  • Gromperen op eent Blech leen, am besten mam Schnatt no uawen, an se ongeféier 2 Stonnen baaschen.
  • Raus hualen an mat hëllef van enger Forschette oder engem Messer Gromper auserneen drecken.
  • Na eng kéier fir 10 Min. zereck an deen waarmen Schiäffchen stellen, su kann deen rest Fiitechkeet auszéihen.
  • Gromper raus hualen, een klenge Schnatt Botter drop leen, goud salzen an bëssen schwarze Peffer driwer streien.
  • Een würzigen Dip dobäi stellen an su zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*