Herzhaft Baurenpann mat Gehacktes an Geméiss

Probéier dëst einfascht Rezept fir eng Baurenpann mat Gehacktes an Geméiss. Mat enger einfascher Zoubereedung zauberst du eent richtigt Comfort Food op dein Teller. Su eng Pann voll Aroma, ass ganz siier gekooscht, du kanns se ganz einfasch dengem Iddi aanpassen oder dech aan saisonalt Geméiss halen.

Eng Baurenpann ass een Klassiker aus der ländlicher Këchen, Dëst Ässen hat sein Ursprong an deen traditionellen Baurenkëchen van Europa, wu dachs, datt watt vam Feld kënnt an engem frëschen Eintopf verschafft jëtt. Eent Rezept datt, ouni vill Opwand entstannen ass fir d’Familjen satt ze kreien an näist ze verschwenden. Hogt ass d’Baurenpann deen Hit an egal watt ech recherchéiren ech treffen ëmmer op dëst rustikalt Ässen. Et jëtt et wirklich: datt perfekt Rezept, datt jidferengem schmëscht an o na zimlich einfasch ze kooschen ass, an deen meesten Fäll brauchst du nämlich nëmmen eent Dëppen.

Hokt kooschen ech eng Variant mat Gehacktes, Gromperen, Muurten, Brokkoli an Iärbessen, verfeinert mat mengem angekooschten Pelati an gewürzt mat menger Geméisspast an menger Gewürzmëschung fir Gehacktes.

Zutaten fir meng herzhaft Baurenpann mat Gehacktes an Geméiss

1. Gehacktes

  • Gehacktes ass Grondlaag van villen herzhaften Menüer. Entweder vam Kalef, vam Rand, vam Schwéng oder gemëscht, et ass eent flexibelt Protein, datt sech ganz besonnig einfasch brooden liist. Bei su engem Ässen wie menger rustikaler Baurenpann suarigt Gehacktes fir deen herzhaften Goût. Durich seng Struktur bënnt et d’Aromen perfekt an bleift trotzdeem saaftig. Du kanns Varianten mat Gefligel- oder Lammhack ausprobéiren, deemno die kräftig datts du den Goût han wëlls.

2. Hausgmaaten Gewürzmëschung fir Fleesch

  • Dës Mëschung jëtt dësem Ässen sein Charakter. Sie enthält eng Kombinatioun aus Paprikapolwer, schwarze Peffer, Koriander, Chili, Dill an Fenchel, déi perfekt mam Gehacktes harmonéiert. Sie brengt eng liit Schiäreft an Würzigkeet an suarigt dofir, datt Gehacktes net langweilig schmëscht. Alternativ kanns du dengt Gehacktes äwer o mat Salz, Peffer, Paprikapolwer evtl, bëssen Chili würzen, oder du has selwer eng Gewürzmëschung déi dir goud schmëscht.

3. Ënnen

  • Ënnen sen Fundament fir den Goût van villen Menüer. Sie jänn menger Baurenpann een mëllen séissen Aroma. Beim Brooden karameliséiren sie liit, watt dem Menü een zousätzlichen herzhaften Aroma jëtt. Sie passen perfekt zum Gehacktes an verstiäriken den Goût na.

4. Knuawléck

  • De Knuawléck ass een würzigen “Alleskönner” an brengt een kräftigen, liit scharefen Aroma an meng Baurenpann. De Knuawléck ergänzt d’Gehacktes an Tomaten perfekt an suarigt dofir datt den Menü na mi würzig jëtt.

5. Brokkoli

  • Brokkoli ass net nemmen richtig gesond, mais en brengt eng sching gréin Faaref an d’Pann. Reich aan Vitamin C, Ballaststoffer an Mineralstoffer suarigt den Brokkoli fir eeng frësch, liit noossig Komponent am Ässen. Mat sengem mëllen Goût harmonéiert den Brokkoli goud mat deen herzahften Aromen vam Gehacktes.

6. Gromperen

  • Gromperen sen den Star van villen rustikalen Menüer an sie gehiiren an eng Baurenpann, sie maan satt an brengen Struktur. Festkooschend Gromperen eegnen sech besonnig goud, ob se gebrooden jänn oder an der Zooss mat gekooscht, sie behaalen hir Form. D’Gromperen hualen d’Aromen van all deen anneren Zutaten an Gewürzer op an suarigen dofir, datt de Menü richtig goud schmëscht.

7. Muurten

  • D’Muurten brengen een liit séisslichen Goût mat. Sie sen reich aan Vitamin A an Ballaststoffer an suarigen fir een schingen faarwigen Kontrast. Beim kooschen jänn sie angenehm mëll ouni hiren Biss ze verléiren.

8. Pelati

  • Pelati oder Tomate pelée, sen geschiälten Tomaten, déi een séissen, fruuchtigen Aroma an d’Pann brengen. Sie bannen datt Ganzt liit an suarigen fir een harmonischen Aroma. Mein Pelati ass natiirlich selwer angekooscht an brengt deen besten Goût mat. Den Pelati jëtt der Baurenpann eng liit Tomatenzooss déi perfekt zum Gehacktes an den Gromperen passt. Alternativ kanns du Tomaten aus der Bëchs hualen.

9. Geméisspast

  • Meng hausgemaaten Geméisspast ass eent richtigt Multitalent. Sie ass eent Konzentrat aus verschiddene Geméisszorten an Salz. Datt würzt den Menü intensiv ouni datt ech vill zousätzlich Gewürzer notzen muss.

10. Iärbessen

  • Frësch oder aus der Truh sen sie deen gréinen I-Töppelchen an der Pann. Sie brengen eng angenehm séiss Knackigkeet an harmonéiert perfekt mat deen herzhaften Aromen.

11. Ualeg oder Botter

  • Ualeg oder Botter jëtt gebrauscht fir alles aanzebrooden. Ualeg jëtt dem Menü een neutralen Goût an verhënnert, datt Zutaten an der Pann pëschen bleiwen. De Botter brengt een zousätzlichen liit nossigen Aroma an mëcht dësen Menü na mi rustikal. Botter mëcht alles besser!

12. Salz & Peffer

  • O wann ech et villäicht net brausch, han ech dësen klassischen Duo ëmmer parat stoen.

Zoubereedung

  • Gromperen schiälen ech an schnégden se an Mondgerecht Stécker.
  • D’Muurten schiälen ech an schnégden se op der Mandoline an dënn Scheiwen
  • De Brokkoli zerdeelen ech an kleng Ruusen, an de Stronk würfelen ech kleng, dann wäschen ech alles grëndlich an loossen en goud aafdrëpsen.
  • D’Ënnen schiälen ech an hacken se kleng.
  • De Knuawléck jëtt geschiält an fein Gehackt.

TIPP: D’Muurten an den Brokkoli kanns du kuurz blanchéiren, genausu kanns du Gromperen 15 Min. kooschen. Ech han alles rii an menger Pann beineen gemëscht.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz, do dran brooden ech d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien.

Als nächst han ech Gehacktes drënner gemëscht an datt kräftig aangebrooden, gewürzt han ech mat menger Gewürzmëschung fir Fleesch, Salz, Peffer an Paprikapolwer deet et äwer o. Wann Gehacktes durich gar ass mëschen ech den Knuawléck drënner an brooden deen kuurz mat aan.

Do drënner han ech d’Muurten an d’Gromperen gemëscht an déi kuurz mat aangebrooden. Op niddriger Hëtzt han ech datt Ganzt mat Deckel ongeféier 10 Min. dënsten geloss.

Dann han ech den Brokkoli an den Pelati drënner gemëscht, datt han ech mat menger Geméisspast gewürzt an et mat Deckel an op niddriger Hëtzt ongeféier 30 Min. kooschen geloss, bis Gromperen an d’Muurten mëll sen.

Zum Schluss han ech Iärbessen drënner gemëscht an kuurz erwiäremt. Schmaaschen an evtl. na mat bëssen Salz an Peffer nowürzen.

D’Baurenpann han ech op Telleren verdeelt an als Garnitur na bëssen gehackten Péiersilich driwer gestreit.

Tipps

  • Gedold beim aanbrooden, deel dir d’Fleesch op wann’s du vill Fleesch has, bei zevill Fleesch kéilt Pann aaf, et soll brooden an net kooschen.
  • Kontrolléier op Gromperen an d’Muurten mëll sen, sie sollten na bëssen Biss han.

Herzhaft Baurenpann mat Gehacktes an Geméiss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 2 Ënnen, gehackt

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 500 g Gehacktes

  • 2 TL Gewürzmëschung fir Fleesch oder Salz, Peffer an Paprikaplower

  • 2 ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 500 g Gromperen, an mondgerecht Stécker geschnidden

  • 2 Muurten, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 1 Brokkoli, an kleng Ruusen zerdeelt

  • 400 ml Pelati

  • 2 EL Geméisspast

  • 100 g Iärbessen (TK)

  • Salz & Peffer

Zoubereedung

  • Datt ganzt Geméiss kanns du blanchéiren an et dann ënnert datt gebrooden Gehacktes mëschen. Brokkoli 5 Min. Gromperen an Muurten 15 Min. Ech han alles rii ënnert Gehacktes gemëscht.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Ënnen op mëttel Hëtzt aan bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Dann han ech Gehacktes drënner gemëscht an datt mat aangebrooden an gewürzt. Wann datt durich gar ass mëschen ech den Knuawléck drënner an brooden deen kuurz mat aan.
  • Als nächst mëschen ech d’Gromperen an d’Muurten drënner brooden déi kuurz mat aan an op niddriger Hëtzt loossen ech se mat Deckel ongeféier 10 Min. dënsten.
  • Dann mëschen ech den Brokkoli an den Pelati drënner würzen mat menger Geméisspast an mat Deckel loossen ech datt Ganzt ongeféier 30 Min. op niddriger Hëtzt kooschen, bis Gromperen an d’Muurten mëll sen.
  • Zum Schluss mëschen ech Iärbessen drënner, erhëtzen déi kuurz mat, schmaaschen an würzen evtl. na mat Salz an Peffer no.
  • Ech verdeelen alles op Telleren an viraam zervéiren han ech na gehackten Péitersilich driwer gestreit.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*