Juli 2022

Mein Foodblog

De November 2021 sen ech mat mengem Foodblog online jiangen. Eng ganz Partie Rezepter han ech ëmgeschriwen su datt se fonktionéiren. Vill nogeliäss, vill recherchéiert, an ech muss soen et as mir net langweilig dobäi jiänn.

Ech han well mengt ganz Beroufsliäwen mat Liäwensmëttel ze doen, ech han mech äwer na ni su domatt auserneen gesatt wie die letzt 7 Meent. Watt an verschidden Fiärdegprodukter dran as, an watt fir een Dreck een Joerlang gäss hat.

Wie sech verschidden Krégder an Liäwensmëttel iwer die ganz Welt ausgebreet han, datt eng Saasch durich Zoufall entstannen as, eng Anner durich probéiren an draan feilen.

Den Ënnerscheed zwëschen Geschmaasch an Aroma. Ech hätt nie gedeit, datt eng einfasch Boulette mat Cannelle suvill besser schmëscht. Oder Würzreis mat Sternanis su herrlich schmëscht. An datt well et 2 Gewürzer sen die ech gar net su jiären han. De Cannelle schmëscht mir op alle Fall besser am Fleesch wie op der Taart 😉

Indischt Currypolwer hat een vill besseren an ronnen Geschmaasch wie datt Currypolwer watt een hei am Buttik ze koofen krëtt.

Den Tellycherrypeffer, een schwarze Pefferkär deen rischt ganz spéit gepléckt jëtt an su een waarmen, scharefen Aroma krett.

Meng ischt Pizza mat Sauerdeeg, do han ech wirklich vill probéiert bis ech endlich een Sauerdeeg haat deen geliäft hat. Ëmmer rëm probéiert, jétt gebaasch watt dann als Brikett aus dem Schiäffchen kommen as.

Datt watt fir mech am komplizéiersten wor an na as, fir Mengenangaben an meng Rezepter ze schreiwen, oder Virbereedungszéckt an Kooschzéckt. Ech vergässen Zéckt wann ech am kooschen an am probéiren sen. Bei den Mengenangaben passen ech bëssen op, bei verschidden Rezepter as et besser et hällt een sech draan, an bei anneren as et egal.

Wie beim Pelati deen ech angekooscht han. Han mech aant Angaben gehalen, datt Rezept watt ech haat op 1 KG Tomaten 2 EL Salz, an watt as geschéit et wor versalzen. Et wor net su schlëmm, well et just Basis van enger Bolo oder Tomatenzooss as, mais déi han ech net mi brauschen ze salzen. Ech han Rezept du ëmgeschriwen an verbessert.

Datt wichtigst, an watt ëmmer mi wichtig fir mech jëtt, koof Regional, mir han suvill goud Produkter hei zu Lëtzebuerg. Probéier die kleng „Epicerien“ déi ëmmer mi entstinn ze ënnerstëtzen, sie maan sech all ganz vill Aarbicht fir eis jétt goudes, frëches an Regionales ze béiden.

Josiane

Merci, fir är Ënnerstëtzung


Geméiss an Obst vam Juli

  • Aprikosen, Aprikosen sen well viran ronn 4000 Joer an China kultivéiert jiänn. Et jëtt angehollt, datt si van do an Persien geland an van den Réimer am Mëttelmiärraum verbreed jiänn sen. An Asien an am Orient as die gedrëchent Aprikos nët nëmmen als gesond an vitaminräicht Obst bekannt, sie jëtt o gehollt fir ze würzen.
  • Artichaud
  • Auberginen
  • Basilikum, Basilikum jëtt et an vill verschidden Zorten, an sie han all hiren ganz eegenen Aroma. Den indischen Basilikum (Tulsi) gëllt sugar als helleg.
  • Mangold
  • Muurten
  • Cassis, de Cassis kënnt aus der selwischter Familijen wie Johannisbeere. Den Aroma as liit saierlich, spritzig herb an äwer o no Biär.
  • Kiärwel, de Kiärwel erënnert, wann een e bekuckt, aan Péitersilich oder Koriander. Datt séisslich an waarem-würzigt Krogt as well an der Antik geschätzt jiänn. An Däitschland jëtt et segt dem Mëttelalter aagebaut an as als „fransiische Péitersillich“ bekannt.
  • Kiischten
  • Kappes
  • Bratzelen, Bratzel as segt dem Mëttelalter eent beléiften Gewürz, et as lang just an der ländlicher Këchen genotzt jiänn. Bartzel hat een frëschen mëllen Ënnenaroma an schmëscht liit scharef.
  • Koriander, Koriander liwert direkt 2 an Aawendung an Aroma ënnerscheedlich Gewürzer: de Soom an Krogt. Beim Krogt scheeden sech Geester. Viran allem an der vietnamesischer, thailännischer an südamerikanischer Këchen würzt datt frëscht Krogt baal alles, wie bei eis den Péitersilich jëtt do de Koriander angesatt. An mir hei an Europa reagéiren baal allergisch op den Geroosch vam Koriander. De Soom jëtt an Europa Hauptsächlich fir ze baaschen gehollt. Während am Orient de Koriandersoom an all Mëschung virkënnt an bal alles domat gewürzt jëtt.
  • Courgetten
  • Kresse, Kresse hat een liit scharefen Geroosch, deen aan Mostert oder Rettich erënnert.
  • Schalotten
  • Spinat
  • Estragon, deen wëllen Estragon stammt vermutlich aus Sibieren, dort wiist die Zort na Hogt. Am Mëttelalter as Estragon als Heelkrogt angesatt jiänn, an „Drachenkraut“ oder „Schlangenkraut“ genannt. Rischt die fransiisch Këchen hat die kulinarisch Miilechkeeten entdeckt déi den Estragon hat.
  • Fenchel, vill kennen den Fenchel just als Geméiss. Dobäi as den Fenchelsoom eent goud Gewürz fir z.B. Fësch. An o Krogt kann een als Gewürz, z.B. an enger Vinägrett ansetzen. Botanisch as de Fenchel mam Dill, Anis an Kümmel Familjien, datt rëscht an schmëscht een direkt.
  • Bungen
  • Feige, Feige jiänn o Paradisfruucht genannt, sie han een séisse, nossigen Aroma
  • Erdbiär
  • Hambiär
  • Johannisbeere
  • gréin Bungen
  • Gaardenzalot
  • Maïs
  • Mënz, Mënz gëllt asl typisch britisch. Datt krogt wirikt frësch an kéilend. Am besten verschafft een de Peffermënz frësch, dann kennt deen ganzen Aroma zur Geltung.
  • Moolbiär
  • Rübe
  • Ënnen
  • Oregano, Oregano watt soll ech iwer deen schreiwen. Deen Geroosch an et denkt een automatisch aan Pizza, Tomaten, Mëttelmiär, Sonn. Fréier wor datt Krogt als „wëllen Majoran“ bekannt oder „Dost“. Hogt as gedrëchent Oregano net mi aus der Këchen fort ze denken.
  • Sauerampfer, Sauerampfer hat an Europa eng lang Traditioun an as besonnëch an Frankreich beléift. De Sauerampfer hat keng ausgepr¨gten Krégderaromen. En hat een saierlichen liit batteren Geschmaasch.
  • Quetschen, Quetschen as eng Ënnerart van der Promm, sie as oval an as mi kleng wie die ronn Promm. Sie schmëscht séiss, mëll bis hin zu fein-saierlich. Quetschen han fest Fleesch, an sie halen hir Form beim erhëtzen.
  • Piischen
  • Péitersilich, Péitersilich as niäwent Peffer an Salz datt wichtichst Gewürz an der europäischer Këchen.
  • Poretten
  • Iärbessen
  • Äppel
  • Gromperen
  • Portulak, Portulak kënnt ursprünglich aus dem Mëetelmiärraum an Klengasien. En hat een efrëschend, saaftigen liit saierlichen Geschmaasch. E kann an Zalooten, Zoppen oder wie Spinat verschafft jiän.
  • Promme, Promm as ronn, bloosch an em Gegensatz zu der Quetsch mi gruss an saaftig. Promm as dofir, ischter gedeit fir Gebeets, Chutneys oder Muss zu kooschen.
  • rugd Radiesercher
  • Drauwen
  • Rucola
  • Bungenkrogt, Bungenkrogt (Sariette) aromatisch, an et erënnert aan Miär, Sonn, mediterran Këchen
  • Thymian, Thymian durich sein intensiven Aroma, op gedrëchent oder frësch, am besten rischt zum Enn van der Garzéckt ënnermëschen.
  • Tomaten

De Juli an Rezepter


2 Comments

  1. Corinne Flammang

    Hey Josiane,
    hun dech zufälleg fonnt, Chapeau fir dain Blog!
    Mir waren zu Diekrech an der Hôtelschoul an enger Klass.
    Weiderhin Viel Erfoleg an weider sou
    Corinne

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*