Virbereedungszéckt: 30 Min.
Kooschzéckt: 30 Min.
Gréin Bungen
Fir 5 portiounen brauchst du?
- 600 g gréin Bungen
- 1 TL graft Salz
- 50 g Botter
- Peffer & Salz
Wie jëtt gekooscht?
Bungen botzen an wäschen, am kooschende Salzwaasser 10 Min. kooschen. Ënner kaalem Waasser afschrecken.
Botter an engem waarmen Dëppen erhëtzen an Bungen do dran op mëttler Hëtzt wiärmen, ëmmer rëm dran réiren. Würzen an schmaaschen.
Gefëllten Tomaten
Fir 5 Portiounen brauchst du?
- 15 Kiischtentomaten
- 200 g Duxelles
- 1 Ziif gehackten Knuawléck
Wie jëtt gekooscht?
Tomaten opschnegden an aushualen, datt Bannescht an Decklen haalen.
De Knuawléck an bëssen Botter op mëttler Hëtzt andënsten. datt Bannescht van den Tomaten drënner mëschen an ankooschen loossen bis Flëssigkeet ganz fort as. Duxelles dobäi jiänn alles goud mëschen. Würzen an schmaaschen.
Tomaten domatt fëllen an den Deckel rëm drop setzen.
Bungen an eng feierfest Schossel leen, an Tomaten drop setzen.
Am virgewiärmten Schiäffchen bei 180° ongeféier 15 Min. brooden.
Hëlls du lo mi deck Tomaten brauschen déi o bëssen mi lang am Schiäffchen bis se durich waarem sen.

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fleesch Gefligel Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Krégder Muurten Olivenualeg Paprika Pasta Peffer Pesto Pizza Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Spargelen Speck Tomaten Wuuscht Zaloot Zocker Zooss Zoossenfond Zopp