Boeuf Bourguignonne

Ech han jo well verschidden “Gulasch”Rezepter op mengem Blog, den Boeuf Bourguignonne duaref do net fehlen.

Een deen no Boeuf Bourguignonne séicht, séicht no Aroma, saaftigt Fleesch, Saier vam rugde Wéng an datt séisst van den Ënnen. Boeuf Bourguignonne as een Klassiker aus der fransiischer Këchen. Randfleesch an Burgunderwéng sen Hauptbestandeeler van desem Gulasch. Den Ursprong van desem Klassiker seet et well “Bourguignon” heescht suvill wie “aus dem Burgund”. Do fënnt een die renoméierst Wénger, an déi Regioun as Heemischt vam Charolais-Rand.

Fir Fleesch na mi aromatisch ze kreien kann een et iwert Nait am rugde Wéng mat engem Glas Cognac, Lorbeer, Neelcheskapp, Thymian, Ënnen an paar Pefferkären anleen.

De Boeuf Bourguignonne jëtt am rugde Wéng gedämpt datt as ganz Charakteristisch fir déi Zouberredung “à la Bourguignonne”. Bei der Wahl vam Wéng, hual ëmmer een deens du selwer o drénks, een deen dir schmëscht. Hei béid sech natiirlech een Pinot Noir aan. Die klassisch Garnitur fir den Bourguignon as, Speck, Perl-Ënnen an Kooschelen.

Boeuf Bourguignonne

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portionen

4

Portionen
Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

3

Stunden 

Zutaten

  • 500 g Randsgulasch

  • Botterschmalz

  • 400 ml rugde Wéng Pinot Noir

  • 400 ml Kalefsfond

  • 1 Bouquet garni (Thymian, Péitersilisch, Lorbeerblaad, 1 Ënn gespickt mat 2 Neelcheskäpp)

  • 125 g Perl-Ënnen oder anner kleng Ënnen

  • 100 g gewürfelten Speck

  • 250 g an Kooscheln

Zoubereedung

  • Datt richtischt Fleesch as natiirlech o entscheedend op den Menü goud jëtt oder net, et soll goud durichwaasen sen, an eng sching marmoréirung opweisen.
  • Fleesch an Würfel schnegden an am waarmen Botterschmalz kräftig aanbrooden, raushualen an Dëppen mat ongeféier 100 ml rugde Wéng aafläschen. Mat Hëlef van engem Holzschaaber Röstaromen vam Buadem liesen. Bëssen ankooschen loossen an na eng kéier 100 ml Wéng drop schëdden an rëm reduzéiren lossen.
  • Fleesch rëm ant Dëppen leen, de Rest Wéng an de Kalefsfond drop schëdden. Bouquet garni dobäi leen. Hei kann een lo 1-2 EL Miähl an bëssen Fond opliesen an datt ënneréiren. Kann een äwer o zum Schluss mat, an kaalem Waasser opgeliestem Maizena bannen. Zooss soll net ze deckflëssig jiänn nëmmen liit bannen fir datt se crémig bleift.
  • Kuurz opkooschen loossen, dann Hëtzt raaf driien, den Deckel drop, an 1 bis 1,5 Stonnen op niddreger Hëtzt schmoren lossen.
  • No deen 1,5 Stonnen, de Bouquet garni aus der Zooss hualen, Zooss passéiren.
  • Garnitur dobäi leen an na eng kéier Zougedeckt 1 bis 1,5 Stonnen op niddreger Hëtzt schmoren loossen.
  • Genausu kann een o een Broot schmoren, et muss keen Gulasch sen. Et kann een den Bouguignon na bëssen opeppen, wie z.B. mat Orangenzesten an engem Schlupp Grand Marnier, goud schmëscht en o mat gedrëchent Friischten wie Prommen, Feigen an Aprikosen.

An frësch Tagliatelle dobäi.

Tagliatelle

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*