Gefëllte Paprika

Fir 2 Portiounen brauchst du?

  • 2 rugd Paprika
  • Ghee (Botterschmalz) fir ze brooden
  • 100 g Kiischtentomaten
  • 100 g Kooschelen
  • 1 rugd Spitzpaprika
  • 1 gehackten Ënn
  • Saaft van enger halwer Zitroun
  • 25 g an ganz dënn Streifen geschniddene Gaardenzaloot (Laitue)
  • 100 g Gewürzreis
  • Peffer & Salz
  • 30 g gerasplten schweizer Kiiss
  • 30 g geraspelten Parmesan

Gefëllte Paprika an Courgetten

Wie jëtt gekooscht?

Van der Paprika den Deckel raaf schnegden an Kären raus hualen, grëndlich ënner kaalem Waasser wäschen.

Kooschelen véirlen an se kräftig am waarmen Ghee brooden, sie sollen Faaref aanhualen. Op Ségt leen.

Tomaten véirlen an déi o aanbrooden. Op Ségt leen.

Spitzpaprika ganz kleng Würfelen an aanbrooden. Op Ségt leen.

D’Ënn aanbrooden an karameliséiren. Dat ganzt Geméiss ënnermëschen. Saaft van enger halwer Zitroun ënnerréiren. Würzen an schmaaschen.

De Schiäffchen op 180° virhetzen.

Vam Feier hualen an den Reis ënnermëschen. Den Gaardenzaloot ënnermëschen.

Paprika liit van bannen mat Salz an Peffer würzen. Mat der Reismëschung fëllen, Kiis driwer streien, den Deckel drop setzen. An enger feierfester Form am waarmen Schiäffchen 35-45 Min. baaschen.


Des Fëllung kanns du o ganz einfach mat Fleesch maan. Einfach van 2 Chipolatas datt Bannecht raus drecken, aanbrooden an ënnert den Reis mëschen.

Gefëllte Paprika vegetarisch
Gefëllte Paprika mat Fleesch

Su kann een des Fëllung fir verschidden Zorten Geméiss hualen, wie op den Bilder gefëllten Courgetten, oder Auberginen. Et kann een se einfach als Beilaag notzen oder als kompletten Menü.

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Curry Dip Essig Fett Fleesch Gefligel Gehacktes Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Kalef Knuawléck Kooschen Krégder Muurten Nuddelen Olivenualeg Paprika Pasta Peffer Pesto Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Speck Tomaten Wuuscht Zitroun Zocker Zooss Zoossenfond Zopp

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*