Kotlette Milanese Art

Hogt hualen ech dech mat an die italienisch Këchen mat engem klassischen Ässen. Typisch fir Milanese ass panéierten Kalefschnitzel: Piccata Milanese.

Ursprünglich ass den Piccata Milanese eng Variant vam Wiener Schnitzel. Den Piccata hat sech zu engem beléiften Ässen entwéckelt, datt net nëmmen an Italien beléift ass, mais op der ganzer Welt. Genau wie beim Wiener Schnitzel hat o beim Piccata sech verschidden Arten entweckelt, su datt ech hei eng Kotlette Milanese Art zoubereeden. Traditionell jëtt den Piccata Milanese mat enger Tomatenzooss zervéiert. Ech han hei Spaghetti mat Tomatenzooss dobäi gemaat.

Handwiäriksgeschiier

  • eng Pann
  • eng mi breet Palette fir Kotlette ze driien
  • 2 Telleren fir panéieren

Zoubereedung

Kotletten salzen ech, an loossen se eng Stonn bei Raumtemperatur durichzéien.

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

Op engem Teller verdeelen ech bëssen Miähl.

Op deem anneren Teller klappen ech d’Eier op an vermëschen se mat deem frësch geraspelten Parmesan.

No der Stonn pefferen ech Kotlette an driien se virtischt am Miähl, an dann an der Ei-Parmesan-Mëschung.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech vill Ualeg. Pann muss goud waarem sen, soss pëscht dir Panade fest. Hual am besten eng beschicht Pann.

Als nächst leen ech Kotletten dran an loossen se ouni draan wibbelen ze goen 4 Min. bis 5 Min. firtischt van der enger Ségt brooden. Mat Hëlef van enger Palette driien ech Kotletten virsichtig ëm an dann van der annerer Ségt brooden.

Brood Kotletten eenzel oder maximal 2 mateneen, Pann kéilt soss zevill aaf an Panade kann dir an der Pann fest pëschen.

Subal Kotletten aangebrooden sen kanns du se zesaammen an eng Pann leen an am waarmen Schiäffchen fir ongeféier 15 Min. durich zéien loossen.

Na een klengen Tipp: egal watt fir een Fleesch datts du mëchs, panéier et rischt kuurz viraam brooden. Je länger Panade aam Fleesch as, desto mi Fiitechkeet hëlt se op. Dann geht se beim brooden looss an sie pëscht dir an der Pann fest.

Zutaten

  • Kotletten
  • Miähl
  • Eier
  • frësch geraspelten Parmesan
  • vill Ualeg
  • bëssen Salz
  • Peffer

Kotlette Milanese Art

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

25

Minuten

Zutaten

  • 4 Kotletten

  • 80 g Miähl

  • 200 g frësch geriwene Parmesan

  • 4 Eier

  • Olivenualeg

  • bëssen Salz

  • Peffer

Zoubereedung

  • Kotletten liit salzen an zougedeckt 1 Stonne bei Raumtemperatur durich zéien loossen.
  • De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Iwerdeems, den Parmesan raspelen an mat den Eier mëschen. Kotletten pefferen an dann firtischt am Miähl driien, dann an der Parmesan-Ei-Mëschung.
  • An enger waarmer Pann vill Ualg erhëtzen.
  • Kotletten drann leen an van all Segt ongeféier 4-5 Min. aanbrooden. Mat Hëlef van enger Palette driien.
  • Am waarmen Schiäffchen ongeféier 15 Min. durich zéien loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*