Mostert Kotletten

An mengem Blogartikel van Hogtdrigt sech alles ëm die köstlich Welt van den Mostert Kotletten – een herzhaften an einfaschen Menü, aus enger harmonischer Mëschung aus zartem Fleesch an würzigem Mostert.

Eent traditionellt Rezept aus der ländlischer Këchen, wu den Mostert als Würzmëttel eng zentral Roll spillt. Am loof van der Zéckt hat dësen Menü verschidden regional Varianten aangeholt. Hogt deelen ech mat dir meng eegen Interpretatioun van dësem Klassiker.

fir dëst Ässen ze kooschen brauschst du:

  • eent Baaschblech mat Baaschpapeier
  • een Pinsel
  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett
  • den Schiäffchen

Zoubereedung

An enger Schossel mëschen ech gehackten Knauwléck mat Mostert, Salz an Peffer, ech mëschen evtl. bëssen Olivenualeg mat drënner, datt hängt äwer dovaan aaf watt fir een Mostert gehollt jëtt, ech han eng Mëschung aus Kärenmostert an normalen Mostert gehollt an d’Mëschung wor einfasch bëssen ze fest. Ech han just suvill Ualeg dran gemaat, datt Marinade sech goud mam Pinsel verdeelen lisst. Kotletten setzen ech su zougedeckt iwert Nait an den Frigo.

Has du déi Zéckt net dann loss Kotletten op mannst 30 Min. bei Raumtemperatur durichzéihen.

Den Daag drop, den Schiäffchen op 180°C virwiärmen.

Kotlette am Miähl driien an op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech leen.

Am waarmen Schiäffchen ongeféier 45 Min. brooden.

Bei mir ass et Bottergeméiss an Gromperenpürée dobäi jänn.

Ankoofslëst

  • Schwéngskotletten
  • Mostert
  • Knuawléck

Gewürzer

  • Salz
  • Peffer
  • optional: gedrëchenten Rosmarin oder/an Thymian

Tipps an Varianten

  1. Du kanns verschidden Zorten Mostert hualen, jiällen, brongen, mat Kären, Dijon oder sugar Hunnig-Mostert, ech han eng Mëschung aus Jiälem- an Kären-Mostert gehollt.
  2. Ënnert Marinade kanns du na gedrëchent Krégder wie z.B. Thymian oder Rosmarin mëschen.
  3. Wëlls du eent glutenfräit Ässem kuck am Buttik fir eng alternativ vir normalt Miähl ze fannen, wie z.B. Reismiähl, Buchweizen-, Hirse- oder Hafermiähl.
  4. Bei den Kotletten has du o Wiäll, entweder mat Schank oder ouni, goud passen o Fiärkelskotletten, pass dann just op datts du Garzéckt bëssen aanpass.

Mostert Kotletten

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

45

Minuten

Zutaten

  • 4 Kotletten

  • 2 EL Kären-Mostert

  • 2 EL jiällen Mostert

  • optional: bëssen Olivenualeg

  • Salz & Peffer, no geschmaasch

  • Péitersilich fir Garnitur, gehackt

Zoubereedung

  • Die 2 Zorten Mostert, mam Salz an Peffer goud vermëschen, wann Marinade ze fest ass bëssen Olivenualeg drënner mëschen su datt sech goud verdeelen lisst.
  • Kotletten domatt anpinselen an op mannst 30 Min. durichzéihen loossen. Am besten iwert nait am Frigo.
  • De Schiäffchen op 180°C virwiärmen.
  • Kotletten am Miähl driien an fir ongeféier 45 Min. am waarmen Schiäffchen brooden.
  • Mat gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.
  • Bei mir ass et Bottergeméiss an Gromperenpürée dobaï jänn.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*