Nuddelpann mat Kappes

Meng Nuddelpann mat Kappes ass eent simpelt an su richtig köstlicht Ässen. Perfekt fir eent siiert an leckert Owesässen. Dës Nuddelpann kombinéiert deen mëllen Geschmaasch vam Spitzkappes mat karameliséierten Ënnen an al dente gekooschten Nuddelen.

Zutaten fir meng Nuddelpann mat Kappes

Dës Nuddelpann ass eent einfascht vegetarischt Ässen an du brauchs nëmmen paar Zutaten. Datt ass Spitzkappes an Nuddelen, datt kann deng Lieblingszort sen, Penne, Fussili, Riatoni, Maccheroni… Fir deen richtigen Geschmaasch brausch ech na Ënnen, Knuawléck an Zitrounensaaft natiirlech duarefen Salz an Peffer net fehlen. Zousätzlich han ech na bëssen Cumin mat drënner gemëscht, du kanns äwer o einfaschen Kümmel hualen. An ech brausch na Botterschmalz oder Olivenualeg fir ze brooden.

Fir datt den Menü gelengt brausch ech dann an eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eent Dëppen fir Nuddelen ze kooschen an eng Pann fir alles ze brooden.

Zoubereedung

Befirs du den Spitzkappes ant Dëppen, Pann oder den Schiäffchen schmäiss, soll en firtischt grëndlich gebotzt an gewäsch jänn.

  1. Die bausegt wiällisch Bläder plécken ech aaf, bis ech een fest zouenen Kapp han.
  2. Ënner fléissendem kaalen Waasser wäschen ech deen ganzen Kapp aaf.
  3. Mat Këchenpapeier tuppen ech en drëchen.

Die bannëcht Bläder leien fest openeen an sen am normalen frei van Dreck an Sand.

Den Kappes schnégden ech dann an véirel an schnégden den Stronk raus. Dann schnégden ech den Kappes an dënn Streifen an leen en an eng Schossel bis ech en brausch.

D’Ënnen an den Knuawléck schiälen ech an hacken alles fein.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Ënnen an loossen se su richtig karamleiséiren. Die karameliséiert Ënnen brengen een séissen zwibbelartigen Aroma mat an dein Menü deen goud mat deem mëllen Geschmaasch vam Kappes harmonéiert.

Iwerdeems d’Ënnen brooden setzen ech eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op an kooschen Nuddelen do dran al dente.

INFO: Bedenk ëmmer, datt Zooss op Nuddelen waart, kuck do selwer wie’s du mat der Zéckt auskënns an setz den Nuddelen villächt bëssen mi spéit op.

Subal d’Ënnen sching brong sen, mëschen ech den Knuawléck drënner an subal deen aafänkt mat rauschen mëschen ech den Kappes drënner. Würzen mat Salz, Peffer, Cumin an Zitrouensaaft. Op mëttel Hëtzt an vill réiren loossen ech den Kappes brooden bis en mëll ass an aafänkt Faaref ze kreien.

Nudelen aafschëdden an bëssen Nuddelwaasser haalen. D’Nuddelen ënner den Kappes mëschen, an ongeféier eng halef Lousch Nuddelwaasser mat ënnerréiren. Datt maan ech, fir datt sech d’Röstaromen déi sech om Buadem van der Pann geblid han liesen, watt na zousätzlichen Geschmaasch an den Nuddelpann brengt. Schmaaschen an evtl, na noowürzen.

Fir bëssen Faaref an mein Menü ze kreien han ech viraam zervéiren na gehackten Péitersilich driwer gestreit.

Varianten

Fir na zousätzlich Geschmaasch an deng Nuddelpann ze kreien kanns du gebrooden Speckwürfel oder gebrooden Hammewürfel mat ënnermëschen.

Zousätzlich zum gehackten Péitersilich kanns du o na bëssen Dill driwer streien.

Nuddelpann mat Kappes

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 1 Spitzkappes, an dënn Streifen geschnidden

  • 500 g Nuddelen

  • 1 deck Ënn, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • Salz

  • Peffer

  • 0,5 TL Cumin

  • Botterschmalz oder Olivenualeg fir ze brooden

  • gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz, do dran brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan an loossen se su richtig karameliséiren.
  • Iwerdeems d’Ënnen brooden setzen ech eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op an kooschen do dran Nuddelen al dente.
  • Subal d’Ënnen sching brong sen an goud rauschen mëschen ech den Knuawléck drënner an subal deen aafänkt mat rauschen mëschen ech den Kappes drënner.
  • Datt würzen ech mat Salz, Peffer an Cumin an schëdden Zitrounsaaft dobäi.
  • Ënner vill réiren loossen ech den Kappes brooden bis en mëll ass an aafänkt Faaref ze kreien.
  • Nuddelen schëdden ech aaf, haalen äwer bëssen vam Nuddelwaasser, an mëschen déi ënnert den Kappes, ech schëdden ongeféier eng halef Lousch Nuddelwaaser mat dobäi an vermëschen alles goud. Schmaaschen evtl. na nowürzen.
  • Viraam zervéiren mat bëssen gehacktem Péitersilich ganréiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*