An well sen ech rëm an Italien. Pasta Alfredo eng Zoos déi just durich Emulsion vam Pastawaasser, Botter an Parmesan entsteht. Alfredo jëtt genau wie Carbonara ouni Rahm gemaat.
Befir ech äwer zum Rezept kommen firtischt mol na paar Tipps, wie een Pasta rischtich kooscht?
- Wanns du Nudelen keefs, koof ëmmer die beste Qualitéit. Eng goud Qualitéit erkennt een aan der Kooschzéckt déi om Pack aajiänn as, watt Zéckt mi lang as watt Pasta besser as. Eng goud Qualitéit erkennt een o aan der Faaref van der Pasta, watt se mi hell jiäll as, watt se besser as. Die Best as natiirlech ëmmer na die selwer gemaaten, mais dofir hat een net ëmmer Zéckt.
- Wanns du Pasta kooschs, brauchst du eent gruust Dëppen, Pasta brauch vill Platz an ganz vill Waasser.
- Kuck datt deng Zooss ëmmer färdeg as befirs du Pasta kooschs.
- Wann Waasser kooscht een goude EL Salz ant Waasser maan, oder o 2, datt meesten Salz land hanneno suwiesu am Aaflooss.
- Pasta ant kooschend Waasser! Om Pack steht genau wie lang datt Pasta kooschen soll, subal Pasta am kooschende Waasser as kuck op Zéckt, an koochs se genausu lang wie om Pack steht. Du mëchs naist falsch wanns du dech aan déi Zéckt om Pack hälls.
- No der halschent van der Kooschzéckt, hual der eng Tass Pastawaasser aus dem Dëppen.
- Wann Pasta färdeg as, aafschëdden oder am besten mat enger Zang aus dem Waasser hualen an direkt ant Zooss leen an mëschen. Ongeféier halschent vam Pastawaasser drop schëdden an Pann dann goud schwenken. Durich Stärke, déi durich Pasta kooschen am Waasser as, entsteht eng Emulsioun, an rischt dodurich ensteht deen goude Geschmaasch van der Pasta. Pasta muss/soll sech mat der Zooss verbannen.
- Op all färdeg Pasta gehiiert Parmigiano Reggiano oder Pecorino, an zwar deen rischtichten! Net deens du am Pack well färdeg geraspelt keefs 😉 .
- Pasta muss waarem zervéiert jiänn, waards du ze lang as et net mi datt selwischt.
- Deen letzten Tipp: Äss deng Pasta mat ganz vill Léift. Otem eng kéier déif durich maan een moment Auen zou, an konzentréier dech ganz op ässen van denger Pasta.
Pasta Alfredo
Schwierigkeit: mëttelPortionen
2
PortionenZubereitungszeit
30
MinutenKochzeit
40
MinutenZutaten
200 g Pasta (Spaghetti, Tagliatelle, Linguine…)
100 g Botter
100 g Parmigiano Reggiano oder Pecorino oder die 2 Zorten
- ech han an meng Alfredo na zousätzlich:
250 g Kooschelen
100 g gehackten blanchéierten Spinat, gemëscht.
Zoubereedung
- Kooschlen a véirel schnegden, an enger waarmer Pann bëssen Olivenualeg erhëtzt an Kooschelen do dran brong aanbrooden, würzen. Hëtzt raaf driien an se färdeg brooden. De gehackten Spinat ënnermëschen an kuurz mat aanbrooden.
- Eent gruust Dëppen mat Waasser opsetzen, an opkooschen loossen, 1 gouden EL Salz ant Waasser maan, et as egal wini datts du Salz dran mëchs direkt am Aafank oder wann Waasser kooscht. Pasta ant kooschend Waasser maan, réiren an no Packaaweisung kooschen.
- 1 Tass Pastawaasser aus dem Dëppen hualen.
- Subal Pasta färdeg as, aafschëdden an se direkt an Pann bei Kooschelen an den Spinat jiän. Hëtzt ausschalten Pann äwer op der waarmer Plaque stoen lossen.
- Botter ënnermëschen ënner stännigem réiren ongeféier eng halef Tass Pastawaasser drop schëdden, firaan réiren bis deen ganzen Botter geschmolz as. Dann den geraspelten Kiiss ënnermëschen Pann kräftig schwenken su datt eng crèmig Zooss entsteht.
- Direkt zervéiren an schmaaschen loossen. 🙂
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten