Poretten au gratin

D’Welt van den kulinarischen Köstlichkeeten hällt onbegrenzt Iwerraschungen bereet. Hogt hualen ech dech mat, fir eng ganz besonnech Versioun van “Poretten au gratin” ze kooschen. Dës kleng Konstwiärker vereenen deen gouden Goût van der Hamm, an deen mëllen Aroma van den Poretten. Eng Delikatesse déi sech wonnerbar als Entrée oder Hauptplat eegent.

Während deen kaalen Méint vam Joer, muss et heinsdo mol eppes herzhaftes sen. An fir net ëmmer eng Zopp ze maan, han ech mech entscheed “Poretten au gratin” ze maan. Poretten sen eent Wantergeméiss an sie spillen Hauptroll an dësem Menü. Sie jänn dësem Ässen net nëmmen een herzhaften Geschmaasch, mais si brengen o déi Quantitéit aan Gemütlichkeet, déi een brausch wann Natur luas an luas an den Wanterschloof iwergeht.

Zutaten

  • Poretten
  • gekooscht Hamm
  • Stoffi
  • Olivenualeg
  • Knuawléck
  • Salz an Peffer
  • geraspelten Kiiss, Gruyère oder Emmenthaler
  • bëssen gehackten Péitersilich

Zoubereedung

Van den Poretten Wuurzel aafschnégden an die baussecht Blädder raaf hualen, su datt just datt hellgréint an wäisst iwerig bleift. Poretten grëndlich ënner fléissendem Waasser wäschen an a Stecker van ongeféier 5 cm bis 6 cm schnégden.

Am kooschenden nëmmen liit gesalzenem Waasser Poretten bëssfest garen. Aafschëdden an goud aafdrëppsen loossen.

De Knuawléck fein hacken, an enger Schossel mam Stoffi, Olivenualeg an bëssen Peffer goud vermëschen.

De Schiäffchen op 180°C virwiärmen.

D’Hamm op der Aarbichtsplaque auserneen leen, an bëssen van der Stoffimëschung drop verdeelen. Als nächst Poretten drop leen an datt Ganzt anrullen. An eng gebottert feierfest Form leen. Wann na Stoffi iwerig as, driwer verdeelen an deen geraspelten Kiiss driwer streien.

Am waarmen Schiäffchen 30 Min. bis 35 Min. baaschen.

Viraam zervéiren bëssen gehackten Péitersilich driwer verdeelen.

Dobäi passt Gromperenpürée, Salzgromperen, gebrooden Gromperen, Reis, Nuddelen…

Tipps

  1. Hual frësch an hiiwärtig Zutaten, fir deen besten Geschmaasch ze kreien.
  2. Suarig dofir datt Poretten grëndlich gewäsch sen, dachs as Sand oder Buadem zwëschen den Bläder, an du wëlls jo net datt et während dem ässen knirscht.
  3. Kuck datts du nëmmen deen zarten bannëchten Deel van den Poretten hëlls, deen lisst sech am besten anwécklen.
  4. Ech han just Waasser an deenen ech Poretten gekooscht han liit gesalzen an soss wegder keen Salz gehollt, ganz siier as dësen Menü versalzen, well d’Hamm zimlech salzig as.

Varianten

Du kanns fir dësen Menü verschidden Zorten Frëschkiiss hualen, wie z. B. Philadelphia mat Krégder. Ech hualen am léifsten natur Frëschkiiss oder Cottag-Cheese an würzen en selwer. Frësch Krégder sen ëmmer besser wie eppes watt well färdeg gemëscht as.

Hual verschidden Zorten Kiiss vir Poretten ze iwerbaaschen, z. B. Geesekiiss, Gorgonzola oder Parmesan.

Mësch kleng gehacktent Geméiss, wie Paprika, gedrëchent Tomaten oder Kooschelen mat ënnert den Stoffi, fir zousätzlich Textur an Geschmaasch ze kreien.

Probéier mat verschidden Zorten Hamm, wie z. B. gereechert fir een rauchigen Aroma ze kreien.

Experimentéier mat enger séisser Variant, andeems du Hunnig an Cannelle mat ënnert den Stoffi mëchs, an zousätzlich an Bläderdeeg anrulls.

Ganz klassisch kanns du Poretten au Gratin mat enger Béchamel maan. Oder mat enger Zooss Mornay (Kiiszooss)

D’Villfalt aan Zutaten an Geschmaaschsrichtungen béiden dir die Miilegkeet, dein “Poretten au Gratin” ganz denger Virléift aanzepassen. Bas kréativ an experimentéier, fir nei Varianten van dësem Menü ze entdecken.

Poretten au gratin

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 3 gruuss Poretten

  • 12 Scheiwen gekooscht Hamm

  • 250 g Stoffi

  • 1 EL Olivenualeg

  • 1 Ziif Knuawléck, gehackt

  • 150 g geraspelten Kiiss (Emmenthaler oder Gruyère)

  • Peffer & Salz no Geschmaasch

  • Péitersilich, gehackt fir Garnitur

Zoubereedung

  • Van den Poretten Wuurzel aafschnégden an die baussecht Blädder raaf hualen su datt just datt hellgréint an wäisst iwerig bleift. Poretten grëndlich ënner fliessendem Waasser wäschen an a Stecker van ongeféier 5 cm bis 6 cm schnégden.
  • An kooschenden liit gesalzene Waasser kooschen bis se Bëssfest sen. Aafschëdden an goud aafdrëppsen loossen.
  • An enger Schossel de Stoffi, Olivenualeg, Knuawléck an bëssen Peffer goud mateneen vermëschen.
  • De Schiäffchen op 180°C virwiärmen.
  • D’Hamm op der Aarbichtsplaque auserneen leen, an op all Scheif bëssen van der Stoffimëschung verdeelen.
  • Porettenstecker drop leen, anrullen an eng gebottert feierfest Form leen.
  • Wann na Stoffi iwerig as, deen Rest iwert den Röllercher verdeelen.
  • Deen geraspelten Kiiss driwer streien an am waarmen Schiäffchen ongeféier 30 Min. bis 35 Min. baaschen.
  • Viraam zervéiren bëssen gehackten Péitersilich driwer streien.
  • Dobäi passt Gromperenpürée, Salzgromperen, gebrooden Gromperen, Reis, Nuddelen…

Notiz

  • Pass op mam salzen, ech han just Waasser an deenen ech Poretten gekooscht han gesalz. D’Hamm as salzig genou.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*