Quiche Lorraine

Hogt entféiren ech dech an die kulinarisch Welt van Frankreich mat engem Klassisker – der Quiche Lorraine. Quiche Lorraine stammt Ursprünglich aus der Lorraine. Begleet mech bëssen op der Réis durich Geschicht van dësem traditiounsräichen Ässen an loss dech van deem onvergläichlichen Aroma van der Quiche Lorraine verzauberen.

Et handelt sech em een herzhaften Mürbedeeg, mat enger würziger Oplaag, déi aus engem Gemësch van Speck, Ënnen, Eier an Rahm besteht, oder aus enger Royale mat Sauerrahm.

Deen fransiische Naam “Quiche” as aus dem Wuort “Kichel” bzw. “Kuechel” aafgeleet, watt suvill wie Kousch bedeit. Hogt jiänn vill Varianten aangebuaden, streng gehollt duarfen déi sech äwer net “Quiche” nennen, mais “Tarte”.

Zutaten

  • Miähl
  • mëllen Botter
  • Salz
  • kaalt Waasser
  • gerreecherten Speck
  • Ënnen
  • Rahm
  • Eier
  • Peffer & Muskot
  • gerasepelten schweizer Kiiss

Zoubereedeung

Miähl mat der mëller Botter goud vermëschen. Salz ënnermëschen an mam Waasser zu engem Deeg kniädden. Just su lang kniädden bis alles goud vermëscht as. Deemno watt fir eent Miähl datts du verschaffs, kann et sën datts du bëssen mi Waasser brauchs. Den Deeg soll sech goud van der Arbichtsplaque liiesen an net pëschich sen.

Den Deeg dann an Folie angeweckelt 30 Min. an den Frigo leen.

Quiche Lorraine

Gehackten Ënnen am waarmen Botterschmalz op mëttler Hëtzt dënsten, fir deen ganzen Goût aus den Ënnen raus ze hualen loss se karameliséiren. De Speck ënnermëschen an mat dënsten, deen o karameliséiren loossen. Aafkéilen loossen.

Rahm, Eier, Peffer an Muskot goud mateneen vermëschen.

Den Deeg ausrullen an en an eng Taartform leen. Mat enger Forschett paar mol anpicken.

Den Schiäffchen op 160°C Iäwischt an Ënnischt Hëtzt virwiärmen.

Speck-Ënnen-Mëschung drop verdeelen.

Quiche Lorraine

De Flan drop schëdden, an den geraspelten Kiiss driwer verdeelen. Du kanns de Kiss o mat ënnert den Flan mëschen.

Quiche Lorraine 30-35 Min. baaschen.

Aus der Form hualen an waarem zervéiren.

No dem Rezept van Escoffier, jëtt den Speck an Scheiwen liit angebrooden an karamelsiséiert, den Tartebuadem jëtt domatt beleit, dann kommen Scheiwen Emmenthaler drop, an dann de Flan. An dann 30-35 Min. am mässig waarmen Schiäffchen gebaasch. Seng Quiche Lorraine jëtt ganz ouni Ënnen gemaat. Et as jo eng Specktaart an keng Ënnentaart.

Tipps

  1. Den Deeg muss noom kniädden op mannst 30 Min. am Frigo ruhen, dodurich entspannt sech den Gluten an den Deeg lisst sech besser verschaffen
  2. De Speck soll knusperig aangebrooden an d’Ënnen sollen karameliséirt sen.
  3. Kuck datts du den Speck an d’Ënnen glaichmässig verdeels.
  4. Haal den Schiäffchen während dem Baaschen am Au, all Schiäffchen baasch annëcht, sie soll goldbrong.
  5. Jëff der Quich noom baaschen bëssen Ruhzéckt. Et verbessert den Geschmaasch an du krëss se besser geschnidden.

Varianten

  • Die Original Quiche Lorraine as mat Speck an Ënnen, all anner Zoubereedung as eng “Tarte”
  • Quiche mat Poretten an Gryuère, brood mat den Ënnen an Speck Poretten mat an am Platz schweizer Kiiss hëlls du Gruyère.
  • Ergänz Grondrezept mat Spinat, fir eng gréin Quich ze erhaalen.
  • Fir een mediterranen Arome kanns du bei d’Mëschung Tomaten an Basilikum maan.
  • Kombinéier Grondrezept mat gebroodenen Kooschelen, wie Champignons, Pfifferlinge oder sugar Steinpilze.
  • Ersetz een Deel vam Kiiss durich Geesekiss.
  • Am Platz vam Speck kanns du o gereecherten Saumon dobäi mëschen.

Quiche Lorraine

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel

1

Quiche
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

35

Minuten

Zutaten

  • Fir den Deeg
  • 125 g Miähl

  • 65 g mëllen Botter

  • 3 g Salz

  • 25 ml kaalt Waasser

  • Fir Garnitur
  • 80 g kleng gewürfelten gerreecherten Speck

  • 40 g gehackten Ënnen

  • Fir den Flan
  • 400 ml Rahm

  • 3 Eier

  • Peffer an Muskot

  • 40 g geraspelten schweizer Kiiss

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 160°C Grad virwiärmen.
  • Fir den Deeg
  • Miähl mat der mëller Botter goud vermëschen. Salz ënnermëschen an mam Waasser zu engem Deeg kniädden. Deemno watt fir eent Miähl datts du hëlls, kann et sen datts du bëssen mi Waasser brauchs. Den Deeg soll sech goud van der Aarbichtsplaque liiesen an net pëchig sen.
  • Den Deeg an Folie anweckelen an fir 30 Min. an den Frigo leen.
  • Den Deeg ausrullen an eng gebottert Taarteform leen an mat enger Forschette paar mol anpicken,
  • Garnitur
  • Ënnen am waarmen Botterschmalz op mëttel Hëtzt dënsten, bis se aanfänken Faaref ze kreien. Dan de Speck ënnermëschen an deen o karameliséiren loossen.
  • Ënnen-Speck-Mëschung om Deeg verdeelen.
  • Flan
  • Alles bis op den Kiiss goud mateneen vermëschen. .
  • De Flan driwer schëdden.
  • De geraspelten Kiiss driwer verdeelen
  • Am waarmen Schiäffchen 30-35 Min. baaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*