Die Italienisch Tomatenzooss jëtt net graad su opwendig gemaat wie die Fransiisch.
Et fënnt een vill verschidden Rezepter fir eng italienisch Tomatenzooss, datt kënnt dodurich; die italienisch Këschen as Regional, an all “Nonna” hatt hirt eegent Rezept, watt an de Familjen viran veriäreft an verfeinert jëtt.
Fir meng Tomatenzooss hualen ech:
- frësch Tomaten oder Pelati
- Muurten
- Zellerie
- Ënnen
- Knuawléck
- (Waasser)
- Bëssen Baslikum
- Olivenualeg
- Salz & Peffer
Gekooscht jëtt:
Wann ech frësch Tomaten hualen, déi mol firtisch schiälen, dann an graff Stecker schnegden an eng Schossel leen op Segt stellen bis se gebrauscht jiänn.
Muurten, den Zellerie an Ënnen schnegden ech ganz kleng.
De Knuawléck zereiwen ech mat paar Kären Salz zu engem feine Pürée.
An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech dann Olivenualeg, do brooden ech dann, op mëttel Hëtzt, firtischt Ënnen aan, bis se glasig sen. Dann mëschen ech Muurten, den Zelleri an de Knuawléck drënner. An datt Ganzt loossen ech dann op niddreger Hëtzt ongeféier 40-45 Min. dënsten. Schmaaschen, evtl. bëssen würzen.
Als nächst schëdden ech Tomaten drop, driien Hëtzt rop, an loossen alles opkooschen. Op niddreger Hëtzt loossen ech Zooss dann ongeféier 1 Stonn kooschen. Fir datt se net ze deck jëtt schëdden ech paar mol dozwëchent bëssen Waasser mat dran. Wanns du Tomaten mat vill Saaft has, brauchst du wahrscheinlech keent Waasser.
Zum Schluss, schmaaschen evtl. noowürzen, dann kanns du se na püréiren oder steckig loossen. De Basilikum mat den Fanger zerplécken an ënnerréiren.
Salsa di pomodoro
Schwierigkeit: einfasch1.5
Liter1
Stunde1
StundeZutaten
1 kg frësch Tomaten oder 2 L Pelati
1 kleng gewürfelt Muurt
1 kleng geschnidden Stang Zellerie
1 gehackten Ënn
1 fein gehackt an zeriwen Ziif Knuawléck
Olivenualeg
(Waasser)
Peffer & Salz
Basilikum
Zoubereedung
- Tomaten schiälen an graff Würfel schnegden.
- An engem waarmen Dëppen Ualeg erhëtzen an Ënnen glasig aandënsten, dann Muurten, den Zellerie an den Knuawkléck ënnermëschen an alles op niddreger Hëtzt ongeféier 40-45 Min. dënsten loossen. Schmaaschen an würzen.
- Tomaten drop schëdden, Hëtzt rop driien an alles opkooschen loossen. Dann Hëtzt rëm raaf driien an Zooss 1 Stonn kooschen loossen. Schmaaschen evtl. nowürzen.
- Wann Zooss ze deck jëtt, bëssen Waasser dobäi schëdden.
- Du kanns Zooss lo na püréiren oder steckig loossen.
- Zum Schluss, de Basilikum zerplécken an ënnerréiren.