Schwéngsgulasch an enger Ënnen-Mostert-Zooss

An menger Këchen zauberen ech Hogt eent köstlicht Ässen – Schwéngsgulasch an enger Ënnen-Mostert-Zooss. Eng Kombinatioun aus zarten Fleeschstécker, saaftigen Ënnen an deem onverwiässelbaren Aroma vam Mostert. An dësem Blogartikel erklären ech Schratt fir Schratt wie ech dësen wonnerbaren Gulasch gekooscht han. Loss eis gemeinsam n Welt van den Aromen antauchen an Geheimniss van dëser köstlicher Ënnen-Mostert-Zooss lëften!

Wat as Geheimnis van dëser Zooss?

  1. Brooden van den Ënnen, fir dës Zooss sollen d’Ënnen op niddriger Hëtzt am Botterschmalz su lang brooden bis se karameliséiren, rischt dann kënnt deen séissen intensiven Geschmaasch ant Zooss
  2. Gouden Mostert, D’Wiäll vam Mostert as entscheedend. Een gouden Dijon-Mostert oder een Mostert mat grawen Kären jänn der Zooss eng angenehm schiäreft.
  3. Richtig würzen, den Mostert brengt well Gewürzer mat, pass also op mam salzen. Peffer an anner Gewürzer kannen je no perséinlichem Geschmaasch ënnergemëscht jänn.
  4. Flëssigkeet, du kanns Bréit, Wéng oder Rahm hualen, ech han die 3 Saaschen gehollt.
  5. Zéckt, looss der Zooss Zéckt fir ze kooschen an op die gewënschten Konsitenz ze reduzéiren. Ech han dësen Gulasch komplett ouni Maizena oder soss eent Mëttel gemaat fir ze décksen.
  6. An natiirlech watt all Rezept brausch, as ganz vill Léift an Gedold, fir datt d’Aromen mateneen harmonéiren kannen.

Zutaten

  • Schwéngsgulasch
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Botterschmalz
  • wäisse Wéng
  • Houhnerbréit
  • Rahm
  • Dijon Mostert
  • Mostert mat grawen Kären
  • Salz & Peffer
  • gehackte Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

Fleesch han ech mat menger All-Zweck-Gewürzmëschung gewürzt, du kanns äwer o herbes de Provence, Peffer an Salz hualen, an ongeféier 30 Min. durich zéien geloss.

D’Ënnen han ech geschiält an graff gehackt. De Knauwléck han ech o geschiält an fein gehackt.

An enger waarmer Gossenpann han ech bëssen Botterschmalz erhëtzt an Fleesch all rondrëm kräftig aangebrooden. Datt han ech dann raus gehollt an op Ségt gestallt.

An der selwischter Pann han ech d’Ënnen an den Knuawléck op mëttel Hëtzt gebrooden bis alles goldbrong as. Hëtzt han ech dann rop gedrigt an datt Ganzt mam wäisse Wéng aafgeläscht, deen han ech ganz ankooschen geloss. Als nächst han ech Bréit drop geschott, opkooschen geloss an d’Hëtzt dann raaf gedrigt.

Fleesch leen ech lo rem dran, an mat Deckel loossen ech datt Ganzt op niddriger Hëtzt ongeféier 1 Stonn schmoren.

No der Stonn, schëdden ech Rahm drop an lossen den Gulasch op niddirger Hëtzt ouni Deckel ongeféier 20 Min. kooschen oder su lang bis die gewënschte Konsistenz erreecht as.

Rischt ganz zum Schluss, Zooss duaref dann net mi kooschen, liesen ech mat bëssen Zooss die 2 Zorten Mostert op an schëdden deen ant Zooss.

Tipps

  1. Koof hiiwiärtigt Fleesch, aus der Schëller oder dem Genéck. Dëst Fleesch as mi saaftig an eegent sech goud fir Gulasch.
  2. Subal den Mostert dran as, duaref Zooss net mi kooschen, den Geschmaasch vam Mostert verfléit soss zimlich siier.
  3. Pass mam Salzen op, Bréit as well gesalzen, an de Mostert brengt o na Gewürz mat.
  4. Zervéier dein Gulasch mat Beilaagen wie Nudelen, Gromperen oder Reis, jätt watt die goud Zooss ophualen kann.

Varianten

Du kanns na zousätzlicht Geméiss wie Kooschelen, Muurten… ënnermëschen fir na mi Geschmaasch an verschidden Texturen ze kreien.

Am Platz vam wäisse Wéng, kannst du o rugde Wéng hualen, Zooss jëtt su mi donkel an krëtt mi een déiwen Geschmaasch.

Je no Geschmaasch, kanns du vill oder winig Mostert dran maan, du kanns o een richtig scharefen Mostert hualen. Fir ze kooschen as den Dijon Mostert deen besten, well deen Hëtzt zimlich goud aushällt.

Schwéngsgulasch an enger Ënnen-Mostert-Zooss

Rezept von Josiane
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

30

Minuten

Zutaten

  • 800 g Schwéngsgulasch

  • All-Zweck-Gewürzmëschung oder Herbes de Provence

  • Peffer & Salz

  • Botterschmalz

  • 800 g Ënnen, graff gehackt

  • 3-4 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 125 ml wäisse Wéng

  • 500 ml Houhnerbréit

  • 150 ml Rahm

  • 2 TL Dijon Mostert

  • 2 TL Mostert mat grawen Kären

  • gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • Fleesch mat Peffer, Salz an deen gedrëchenten Krégder würzen an ongeféier 30 Min. durich zéien loossen.
  • An enger waarmer Gossenpann Botterschmalz erhëtzen an Fleesch kräftig all rondrëm aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann d’Ënnen an den Knuawléck op mëttel Hëtzt goldbrong brooden. Liit salzen.
  • Mam wäissen Wéng aafläschen an deen ganz ankooschen loossen.
  • Bréit drop schëdden, opkooschen loossen, dann Hëtzt raaf driien, Fleesch dran leen an mat Deckel op niddriger Hëtzt ongeféier 1 Stonn schmoren loossen.
  • Den Deckel raaf hualen an Rahm drop schëdden. Ouni Deckel su lang reduzéiren loossen bis die gewënschten Konsitenz van der Zooss erreecht as.
  • Bëssen Zooss raus hualen an do dran die 2 Zorten Mostert opliesen, dann datt Ganzt bei den Gulasch schëdden an goud mëschen. Zooss duaref lo net mi kooschen. Schmaaschen an evtl, na no würzen.
  • Dobäi passen Nuddelen, Gromperen oder Reis.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*