Die beléifsten Menuer
D’Welt verännert sech stännig, an Hogt mat Internet geht et na vill mi siier. Su ännert sech o eist Ässen. Durich den Weltmaart stinn eis baal all Diren op an mir han ganz Joer zougrëff op all miileg Liäwensmëttel.
Watt lo die beléifsten Menuer sen lisst sech net einfasch su feststellen. Fest Griissten jiänn et ëmmer, an die wärten o bestoen bleiwen.
An deene letzten 2 Joer as ëmmer mi Online bestallt jiänn. Bedingt o durich Coronapandemie, do lisst sech natiirlech een Trend feststellen.
Ah jo “Big Brother is watching you” 😉 .
Su spillen Hogt ënner annerem Avocado an Bowls eng gruuss Roll, genausu jëtt vegetarisch oder vegan ëmmer mi beléift.
Datt beléifsten Ässen as mat 30 Millarden verkooften Menuer na ëmmer Pizza. An op 2ter Platz as direkt Pasta, su han d’Italiener Naas vir bei deene beléifsten Menuer weltwegt. Äwer o die asiatisch Këchen as beléift. Et fällt op wie starik Beléiftheet an Fast Food Qualitéit zesaammenhängt. Pizza, Sushi, Tacos an Co. … kann een o ouni Besteck ässen. “Beléift” as net nëmmen “lecker”, mais o “einfasch”. Genausu gehiiren Burger an Pommes frites mat zu deene beléiftsten Ässen weltwegt.
Den Trend beweegt sech ëmmer mi zum “Fast Food” watt wahrscheinlich o an eis siier Zéckt gehiiert. Ech schwetzen äwer net van deenen 2 gruussen amerikanischen Ketten. Iwersatt heescht et “siiert Ässen” allerdings soll/muss et o Gesond sen. An do hat fir mech “Streetfood” oder “Foodtrucks” déi sech wirklich Aarbicht maan, mat hiren Produkter, eindeutig Naass fir.
Wie et allerdings die nächst Joeren viran geht, wees na keen, villäicht kommen mir allegar rem mi zereck op eis Regional an Saisonal Produkter, an mir entwecklen oder erfannen do raus nei Menuer. Déi mat Sëcherheet o an eis siier Zéckt passen.
De September an Rezepter
De Moont September wor genausu ruhig wie den August, Congée sen all riwer an lo kann rem gestart jiänn. Loossen mir eis mol iwerraschen watt den Oktober brengt.