Äppel

… oder Biren

Konservéiren van Äppel oder Biren durich ankooschen

  • Sching fest Äppel oder Biren, jiän geschiällt, an véirel geschnidden an Käre rausgeschnidden.
  • An Waasser mat bëssen Zirtounensaaft leen, fir datt se net oxidéiren.
  • D’Äppel ode Biren jiänn an Zockerwaasser (500 g Zocker op 1 L Waasser) bal ganz mëll gekooscht.
  • Dann jiänn sie waarem an proper Gläser gefëllt, an datt waaremt Zockerwaasser jëtt an Gläser verdeelt. Hei as opzepassen datt Flëssigekeet datt ganzt Obst bedecken muss. Datt déint dozou datt Obst sech beim ankooschen net verfiäreft. Kann een Gläser noom anfëllen, ouni datt se fest zou sen, just den Deckel drop leen, 10-12 Stonnen stoen loossen, su datt sech alles setzt.
  • Gläser fest verschléissen.
  • 20 Min. bei 80° Grad ankooschen.

Konservéiren van Äppelkompot oder Birekompott durich ankooschen

  • Kompott kooschen.
  • Deen waarmen Kompott a proper Gläser fëllen, fest verschléissen an 25-30 Min. bei 80° Grad ankooschen.
Äppelkompott

Konservéiren van ganzen Äppel oder Biren durich ankooschen

  • Äppel an Biren schiälen an se an Zitrounenwaasser leen fir datt se net oxidéiren.
  • Eng Zockerliesung mat 200g Zocker op 1 L Waasser kooschen.
  • Äppel oder Biren an proper Gläser fëllen.
  • Die waarem Zockerliesung drop schëdden, oppassen datt Flëssigekeet iwert dem Obst steht.
  • Ankooschzéckt as hei 30 Min. bei 90° Grad fir mi mëll Äppel an Biren. An 40 Min. bei 90° Grad fir mi hart Äppel an Biren.

INFO: ze soen bleift na, datt een dest Obst o ganz ouni Zocker ankooschen kann. Et kann een o Séisstoff hualen wann een et léiwer mi séiss hat, äwer op Zocker verzichten wëll. Genausu kann een verschidden Gewürzer mat ankooschen, wie z.B. fir Chrëstdaag, Canelle an Sternanis.

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fleesch Gefligel Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Krégder Muurten Olivenualeg Pasta Peffer Pesto Pizza Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Spargelen Speck Tomaten Wuuscht Zaloot Zitroun Zocker Zooss Zoossenfond Zopp

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*