Stamppot

Stamppot, eent traditionellt nidderländischt Ässen.

Stamppot besteht aus enger Mëschung, aus Gromperenpürée an enger oder mi Geméisszorten. Heinsdo as o na Speck mat dran.

Geméiss as traditionell, sauert Mouss, Eskarole, gréine Kappes oder eng Mëschung aus Muurten an Ënnen, déi o als „Hutfleck“ bekannt as. Meestens jëtt eng gereechert Wuuscht oder Fleesch an enger Zooss dobäi gereecht.

Déi nidderländisch Këchen as net su bekannt wie die fransiisch oder die italienisch. All Mënsch kennt Bilder van „Van Gogh“ oder hir Tulpen. Iwert hir Këchen hiiert een net vill, watt äwer net heescht datt se net goud as. Sie as herzhaft, einfasch an rustikal. An engem kaalen grojien Wanterdaag brengt Stamppot Wiärmet an Gemütlichkeet.

Et jiänn 2 Manéiren fir den Stamppot ze kooschen:

  • Gromperen an Geméiss eenzel kooschen, dann mëschen, püréiren, würzen an mat Mëlich an Botter färdeg maan.
  • Gromperen an Geméiss zesaammen kooschen, aafschëdden, dann püréiren, würzen an mat Mëlich an Botter mëschen.

Ech han verschidden Rezepter durichgeliäsen, ech han mir mengt Rezept su zesaammen gesatt wie ech denken datt et schmëscht, an et wo o su 😉 .

Dofir brausch ech.

  • Gromperen, fir Pürée
  • Kappes (ech han Wirsing gehollt, well ech deen na doheem haat)
  • gereecherten Speck
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Zitrounensaaft, ech wees an all Rezept datt ech geliäsen han kënnt bëssen Essig dran, ech wollt et äwer su probéiren.
  • Botter
  • Mëlich
  • Peffer, Salz & Muskot

Gekooscht jëtt.

Ech fänken aan mam Geméiss schnibbelen. Gromperen schiälen an kleng schnégden, den Kappes kleng schnégden. Ënnen an den Knuawléck fein hacken. De Speck würfelen.

Gromperen setzen ech mat vill kaalem Salzwaasser op an kooschen se mëll.

Iwerdeems Gromperen kooschen, erhëtzen ech an engem waarmen Dëppen bëssen Botter an brooden d’Ënnen an den Knuawléck op mëttel Hëtzt glasig aan. Dann mëschen ech den Speck drënner an brooden deen o mat aan.

No 5-6 Min. mëschen ech den Kappes drënner, würzen bëssen mat Salz an Peffer, mëschen Saaft van enger halwer Zitroun drënner an schëdden ongeféier eng halef Tass Waasser drop. Dann leen ech den Deckel drop an loossen den Kappes op niddreger Hëtzt mëll dënsten.

An enger Kasserolle erhëtzten ech Mëlich an schmëlzen den Botter do dran.

Subal Gromperen mëll sen, schëdden ech se aaf an mëschen se ënnert den Kappes. Mam Püréestampfer stampfen ech alles kleng an mëschen no an no Mëlich mat där geschmolzener Botter drënner, bis ech déi gewënschte Konsistenz ereecht han. Datt Ganzt würzen ech mat Salz, Peffer an Muskot.

Dobäi han ech einfasch Wiischtercher gemaat.

Stamppot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

2

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 500 g Gromperen fir Pürée

  • 200 g kleng geschniddene Kappes

  • 100 g gewürfelten gerreecherten Speck

  • 1 gehackten Ënn

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 50 g Botter

  • 70 ml Mëlich

  • Salz, Peffer & Muskot

Zoubereedung

  • Gromperen mat kaalem Salzwaasser opsetzen an mëll kooschen.
  • Iwerdeems an engem waarmen Dëppen bëssen Botter erhëtzten, d’Ënnen an de Knauwléck op mëttel Hëtzt aanbrooden bis sen glasig sen.
  • De Speck drënner mëschen an mat aanbrooden.
  • No 5-6 Min. den Kappes ënnermëschen, würzen an Zitrounensaaft ënnermëschen. Ongeféier eng halef Tass Waasser drop schëdden an mat Deckel op niddreger Hëtzt mëll dënsten,
  • Mëlich erwiärmen an den Botter do dran schmëlzen.
  • Subaal Gromperen mëll sen, aafschëdden an ënnert den Kappes mëschen an mam Püréestampfer püréiren.
  • Mëlich mat der Botter no an no ënnerréiren bis die gewënschte Konsistenz erreecht as. Mat Salz, Peffer an Muskoot würzen.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*