Steak, Sandwich, Salat, Parmesan, Aïoli, Zwiebeln

Steak Sandwich mat Aïoli

Een gouden Sandwich kann een richtigen Genoss sen, an Hogt well ech dir eent Rezept virstellen datt wirklich een “Gaumenschmauss” as. Dësen saaftigen Steak Sandwich mat enger Kombinatioun aus zartem Randfleesch, séissem Hunnig, würzigem Balsamico an crémiger Aïoli as wirklich een Genoss. Een Sandwich deen ëmmer passt, wann et eppes herzhaftes an köstliches soll sen.

D’Inspiratioun fir dësen Sandwich haat ech wie ech op der séich no anneren Rezepter wor. Ech wollt eppes Besonnëches maan an su as dës Kreatioun entstannen. Zart Streifen Randfleesch, marinéiert mat Hunnig, Balsamico, Olivenualeg, Peffer an Salz, sen deen perfekten Kontrast zu der crémiger Aïoli. Dann na eeng geréistert Baguette, frësch Zaloot, karameliséiert Ënnen an Parmesan.

Zoubereedung

Randssteak schnégden ech an dënn Streifen an leen et an eng Schossel. An enger annerer Schossel mëschen ech den Hunnig mam Balsamico bis den Hunnig sech ganz opgelisst hat. Do mëschen ech dann na Peffer an Salz drënner an schëdden des Marinade iwert Fleesch, vermëschen alles goud leen een Deckel drop an loossen Fleesch ongeféier 30 Min. marinéieren. Du kanns Fleesch o deen Owend vridraan zoubereeden an iwert Nait am Frigo durichzéien loossen.

Den Zaloot schnégden, wäschen an der Zalootenschleider drëchnen, an op Ségt stellen.

Iwerdeems Fleesch marinéiert. Schiällen ech d’Ënnen an schnégden se op der Mandoline an dënn Ronselen. An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz an karamleséiren d’Ënnen. Déi hualen ech raus an setzen se op Ségt bis ech se brausch.

An der selwischter Pann mat deem selwischten Fett réisteren ech meng Baguette bis se bannen richtig knusperig as.

Dann brooden ech Fleesch aan, Hëtzt net ze hii driien soss verbrennt den Hunnig an et jëtt batter.

An meng Baguette schmiären ech op die 2 Ségten bëssen Aïoli, verdeelen den Zaloot driwer an leen datt waaremt Fleesch drop, dann die karameliséiert Ënnen, na bëssen Aïoli uawen drop, an de frësch geraspelten Parmesan.

Steak, Sandwich, Salat, Zwiebeln, Aïoli, Parmesan

Tipps:

  • Fleesch, wiäll hiiwertigt Randfleesch, datt dengem Geschmaach entsprëcht.
  • Marinéierzéckt, Loss Fleesch lang genou an der Marinade zéien, ideal fir op mannst 30 Min. am besten iwert Nait am Frigo.
  • Fleesch brooden, Du kanns den Steak am ganzen brooden an dann richt an dënn Streifen schnégden. Su kanns du den Garpunkt ganz dengem Geschmaasch aanpassen, van bloudig bis durich. Du kanns den Steak o grillen fir zousätzlich bëssen Raucharoma ze kreien.
  • Ënnen karameliséiren, Broot d’Ënnen op nidriger Hëtzt an bëssen Botter oder Botterschmalz, bis se goldbrong an karameliséiert sën, datt brengt een séissen Aroma.
  • Baguette réisteren, Ech han Baguette, nëmmen bannen, an der Pann geréiester an der ech d’Ënnen gebrooden han, su han ech den Aroma van den Ënnen direkt om Baguette. Du kanns se äwer o am Schiäffchen réisteren.

Varianten:

  1. Fleesch-Alternativ: Du kanns Randfleesch durich Poulet- oder Schwéngefleesch ersetzen.
  2. Vegetarisch Versioun: Fir eng vegetarisch Versioun kannst du gegrilltent Geméiss, wie Paprika an Courgetten am Platz vam Steak hualen
  3. Pikant Aïoli: Wanns du et léiwer mi würzig has, mësch deng Aïoli mat enger scharefer Zooss
  4. Kiiss: Experimentéier mat verschidden Zorten Kiiss, wie Cheddar, Roquefort oder Gorgonzola oder Geesekiiss fir dësem Sandwich een eenzigartigen Geschmaasch ze jänn.
  5. Frësch Krégder: Strei frësch Krégder wie Basilikum oder Koriander iwert den Sandwich, fir frëschen Geschmaasch ze kreien.
  6. Brugd: Am Platz van enger einfascher Baguette kanns du anner Brugdzorten wie Ciabatta, Vollkornbrugt, Foccaccia oder Fladenbrugt hualen.

Dës Varianten kannen dësen Steak-Sandwich aan verschidden Aromen aanpassen an fir Aafwiässelung suarigen.

An der Këchen ze stoen an dësen Steak-Sandwich ze maan, erënnert mech do draan, wie jären ech kooschen. D’Aromen an Textur die an all Maufel van dësem Steak-Sandwich stëcht, maan dës Rezept zu eppes ganz speziellem. Ech hoffen datts du o eng kéier Geleenheet has, et ze probéiren an ze genéissen.

Wanns du dëst Rezept ausprobéiers oder deng eegen Variatioun mëchs, jiff ech mech freien, dovaan ze hiiren oder ze liäsen. Loss mech an den Kommentaren wossen, wie et dir geschmaascht hat?

Merci datts du dir Zéckt gehollt has, fir mein Blog ze beséichen. Bon appétit!

Steak Sandwich mat Aïoli

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

2

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 2 Randssteak

  • 2 EL Hunnig

  • 3 EL Balsamico-Essig

  • 2 EL Olivenualeg

  • Salz & frësch gemahlene Peffer no Geschmaasch

  • 1 Baguette

  • 2 Handvoll Zaloot (Réimerzaloot, Rucola, Mausiierchen…)

  • 2 Ënnen, an dënn Ronselen geschnidden

  • bëssen Botterschmalz

  • frësch geraspelten Parmesan

  • Aïoli

Zoubereedung

  • Fleesch an dënn Streifen schnégden an eng Schossel leen.
  • An enger annerer Schossel den Hunnig mam Balsamico, Olivenualeg, Peffer an Salz gou mëschen su datt sech den Hunnig ganz opliesst. Marinade op Fleesch schëdden goud vermëschen an op mannst 30 Min. durich zéien loossen.
  • Den Zaloot schnégden, wäschen an der Zalootenschläider drëchnen an op Ségt stellen.
  • An enger waarmer Pann op niddrig bis mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz erwiärmen an d’Ënnen do dran karameliséiren. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann die opgeschnidden Baguette van bannen réisteren bis se knusperig as.
  • Dann brooden ech Fleesch op mëttel Hëtzt.
  • An meng Baguette schmiären ech op die 2 Ségten bëssen Aïoli, verdeelen den Zaloot driwer an leen datt waaremt Fleesch drop, dann die karameliséiert Ënnen, na bëssen Aïoli uawen drop, an de frësch geraspelten Parmesan.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*