Stromboli

Stromboli ass den Naam van enger Vulkaninsel an Italien, äwer o den Naam van enger gefëllten Deeprodukt, datt no dëser Insel benannt ass. Als Ässen bezéiht sech Stromboli op een gefëllten Pizzadeeg, deen mat Zutaten wie Tomatenzooss, Kiiss, Fleesch an Geméiss gefëllt ass. Datt jëtt dann angrullt an gebaasch, fir su eng lecker Pizzaroulade ze kreien.

Op d’Réis Hogt an Italien geht oder iwert datt gruuss Waasser an Amerika ass net genau noozeséichen.

Stromboli! Dës gefëllten Deegrull vereent d’Aromen van Tomatenzooss, herzhaftem Kiiss, saaftigem Fleesch an frëschem Geméiss zu engem köstlichen Genoss. Begleet mech ant Welt van den mediterranen Aromen, während mir gemeinsam, Schratt fir Schratt dës eenzigartigt Ässen, zoubereeden. Loss eis gemeinsam den Schiäffchen an Brand setzen an den Zauber van Stromboli an eiser eegener Këchen erliäwen.

Iwert Stromboli

Su wie Vulkaninsel bei Sizilien hat dëst Ässen deen selwischten Naam. D’Insel ass bekannt fir hir stännig vulkanisch Aktivitéit. Den kulinarischen Ursprong van Stromboli ass net eendeitig festgeleit an hat mi Geschichten. Eng Theorie seet, datt italienisch Anwanderer an den USA dëst Ässen erfond han. Een anneren Aansatz seet, datt Stromboli an den 50er Joeren an den USA bekannt jänn ass.

Onaafhängig van der Entstehungsgeschicht bleift Stromboli eent beléift Ässen, datt durich seng gefëllten Deegrull an die vill verschidden Fëllungen bekannt ass.

Zutaten

  • Pizzadeeg
  • Tomatenzoss
  • geriwwene Mozzarellakiiss
  • frësch Tomaten
  • frëschen Basilikum
  • italienisch Krégder
  • Eier

Zoubereedung

De Schiäffchen op 250°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

De Pizzadeeg op enger bemiählter Fläsch, dënn zu engem Rechteck ausrullen an op Baaschpapeier leen.

Tomatenzoss om Deeg verdeelen, dobäi een Rand loossen van ongeféier 1,5 cm.

De Kiss driwer verdeelen, dann die an dënn Scheiwen geschnidden Tomaten, zerzupften Basilikum, evtl na bëssen Pizzakrégder.

Dann jëtt datt Ganzt angerullt, firtischt Ségten anklappen, an dann virsichtig oprullen, du kanns dir do mat Baaschpapeier hëlefen, datt hat deen Virdeel, du krëss en su angerullt datt dir den Deeg net räisst, an du hass en direkt om Baaschpapier leien an krëss d’Rull su ouni Schwierigkeet op Baaschblech geleit.

Ei opschloen an Rull domatt anpinselen. Du kanns Rull lo na mat engem scharefen Messer anschnégden su datt een Fëllung geségt.

Dann kanns du na italienisch Krégder driwer streien an en dann am waarmen Schiäffchen ongeféier 20 Min. baaschen bis es sching goldbrong as. Wanns du dir net ganz sëcher bas op Rull durich gebaasch ass, kanns du een Thermometer an Mëtt steechen, Kärtemperatur soll 75°C han.

Tipps

  1. Wanns du dein Deeg selwer mëchs, pass do drop op datt den Deeg die richtig Konsitenz hat. Du kanns allerdings o een färdigen aus dem Buttik hualen.
  2. Glächmässig dënn ausrullen an am besten ass eng rechteckig Form.
  3. Verdeel Fëllung gläichmässig an loss een klenge Rand, fir datts du Rull besser angrullt krëss.

Varianten

Die klassisch Rull ass gefëllt mat, Tomatenzooss, Kiiss, Salami, gedwürfelten Paprika an Ënnen.

Fir Vegetarier kanns du wie ech hei am Margherita-Stil oder du hëlls na Geméiss wie Courgetten, Paprika, Tomaten oder Spinat.

Tex-Mex ass eng Fëllung mat Taco-Gewürz, gewürztent Gehacktes, schwarz Bungen, Maïs an Cheddar.

Mat gegrilltem oder gebroodenem Poulet, Pesto an Kiischtentomaten.

Verschidden Zorten Kiiss, wie Mozzarella, Cheddar, Gouda oder Blauschimmelkäse an evtl. enger Kiisszooss.

Am Platz vam Ei kanns du Rull o mat geschmolzenem Krégder-, Knuawlécksbotter anpinselen.

Stromboli

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

2

Portiounen
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 1 Pizzadeeg

  • 125 ml Tomatenzooss

  • 150 g geriwwene Mozzarella

  • 1 frësch Tomat, an dënn Scheiwen

  • 1 Handvoll zerzupften Basilikumbläder

  • italienisch Krégder

  • 1 Ei

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 250°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • De Pizzadeeg rechteckig, dënn ausrullen, an op een Baaschpapeier leen.
  • Tomatenzooss driwer verdeelen an dobäi een Rand von ongeféier 1,5 cm loossen.
  • De Kiiss driwer Verdeelen.
  • Dann den Belaag drop leen, bei mir woren datt dënn Tomatenscheiwen.
  • De Basilikum driwer verdeelen, evtl. na bëssen Pizzakrégder.
  • Dann arullen, firtischt Ségten anklappen an dann mat Hëlef vam Baaschpapier oprullen an op eent Baaschblech leen.
  • Ei opschloen an d’Rull domatt anpinselen. Italienisch Krégder driwer streien an fir ongeféier 20 Min. am waarmen Schiäffchen goldbrong baaschen.
  • Wanns du dir net ganz sëcher bas op Rull durich gebaasch ass, kanns du een Thermometer an Mëtt steechen, Kärtemperatur soll 75°C han.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*