Butter

Vam Botter zum Botterschmalz

Botterschmalz, Botterfett, bei den Inder ass et Ghee obwohl et bei der Zoubereedung vam Ghee ënnerscheeder jänn. Ass eent Brootfett datt all Ässen een liiten botterigen Geschmaasch jëtt.

Durich erhëtzen jëtt dem Botter d’Eiwäiss an d’Waasser entzujien an et bleift datt rengt Fett iwerig. Datt een hiien Rauchpunkt hat an fir ze brooden an fir ze frittéiren genotzt kann jänn.

Ech weisen dir hei anhand van Bilder wie genau die verschidden Etappen verloofen bis et Botterschmalz ass. Datt Ganzt dauert bei engem Pond Botter ongeféier 30 Min.

Butter

Et fänkt natiirlech alles aan mat der Botter, déi schnégden ech bëssen durich.

Déi leen ech an eng Casserole an loossen se op mëttel Hëtzt schmëlzen.

Butter
Butter
Butter

Hei gesegt een well, wie d’Eiwäiss aafänkt sech uawendrop aafzesetzen.

Eiwäiss scheffen ech mat engem Läffel aaf an entsuarigen et.

Butter
Butter

No an no gesegt een, datt de Botter ëmmer mi kloer jëtt, et hiiert een et sugar am blubberen.

Ech kontrolléieren lo ëmmer rëm op datt Eiwäiss datt sech om Buadem aafgesatt hat net ze brong jëtt. Ganz siier ass datt nämlich verbrannt.

Butter

Wann et bis déi Faaref errecht hat, kann den Botterschmalz geflitert jänn.

Du kanns den Botter duirch Këchenpapeier filteren oder wanns du eent Dousch has, dodurich

Su gesegt dann deen färdigen äwer na waarmen Botterschmalz aus, deen jëtt dann na hart an kann dann verschafft jänn.

Datt do setzt sech ënnen an der Casserolle aaf, watt datt mi brong ass, watt den Botterschmalz mi een nossigen Geschmaasch krëtt. Pass äwer op et verbrennt ganz siier.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*