Zaloot mat Spargelen

Datt goud Stangengeméiss schmëcht net nëmmen goud gekooscht mat enger Hollandaise. Mais op mannst graad su goud wann net sugar besser aus dem Schiäffchen. Zemools deen gréine Spargel schmëcht besser gebrooden oder gebaasch.

Hei eent vegetarischt Rezept, mat Réimerzaloot, Spargel, Gromperen, Kiischtentomaten an Eiertriwwel.

Dofir brausch ech:

  • gréine Spargel
  • Réimerzaloot
  • Patatas Bravas
  • Kiischtentomaten
  • Olivenualeg
  • Peffer & Salz
  • Schalotten

Fir Vinägrette:

  • Aceto Balsamico
  • Waasser
  • Knuawléck
  • Olivenualeg, alternativ kanns du o neutralen Ualeg hualen.
  • Rosmarin
  • Oregano
  • Peffer & Salz

Zoubereedung:

Firtischt bereeden ech Patatas Bravas fir, an setzen déi an de Schiäffchen

Vam Spargel schnégden oder bréchen ech die holzig Enner aaf an leen se an eng feierfest Form.

Kiischtentomaten halbéiren ech an leen se bei den Spargel.

Do verdeelen ech dann bëssen Olivenualeg driwer an würzen alles mat Salz an Peffer.

Wann Gromperen 30 Min. gebaasch han, driien ech den Schiäffchen raaf op 200°C an setzen Tomaten an Spargel dobäi, déi brauschen ongeféier 10 Min. bis 15 Min.

Iwerdeems botzen ech Zaloot, wäschen se an schleideren se drëchen. Dovaan leen ech dann ongeféier 2 Handvoll an déif Telleren.

Dann leen ech Tomaten drop, Gromperen doniäwent an de Spargel uawen drop.

Fir Vinäigrette: Aceto Balsamico, Waasser, Gewürzer, Krégder an Knuawléck goud mateneen vermëschen. Mam Olivenualeg eng crèmig Vinäigrette réiren.

Déi schëdden ech dann iwert die ganz Zaloot.

Eier schloen ech op, mëchen se mat bëssen Rahm, würzen mat Peffer an Salz. An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botter an brooden Eiertriwwel. Subal déi färdeg as leen ech se op den Zaloot.

Streien dann na an fein Streifen geschnidden Schalott driwer.

Zaloot mat Spargelen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

45

Minuten

Zutaten

  • 800 g gréine Spargel (5-6 Stangen op den Kapp)

  • 2 Réimerzaloot

  • 800 g Patatas Bravas

  • 20 Kiischentomaten

  • 3-4 EL Olivenualeg

  • 8 Eier

  • 150 ml Rahm

  • Peffer & Salz

  • Botter

  • 2 an dënn Streifen geschnidden Schalotten

  • Vinägrette
  • 6 EL Aceto Balsamico

  • 4 EL Waasser

  • 6 EL Olivenualeg, alternativ kanns du o neutralen Ualeg hualen.

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 0,5 TL Salz

  • 0,5 TL gedrëchenten Rosmarin

  • 0,5 TL gedrëchenten Oregano

  • Peffer

Zoubereedung

  • Patatas Bravas virbereeden an déi an den Schiäffchen stellen.
  • Vam Spargel die holzig Enner aaf-schnégden oder -bréchen. An eng feierfest Form leen.
  • Kiischtentomaten halbéiren an bei den Spargel leen.
  • Olivenualeg driwer verdeelen an alles mat Salz an Peffer würzen.
  • Réimerzaloot botzen, wäschen an drëchen schleideren. An déif Telleren vedeelen.
  • Wann Gromperen 30 Min. am Schiäffchen sen, Hëtzt op 200°C raaf setzen. Spargel an Tomaten dobäi setzen, déi brauschen ongeféier 10 Min. bis 15 Min.
  • Tomaten op den Zaloot leen, Gromperen dobaï leen, an den Spargel uawen drop.
  • Fir Vinägrette
  • Aceto Balsamico, Waasser, Gewürzer, Krégder an Knuawléck goud mateneen vermëschen. Mam Olivenualeg eng crèmig Vinäigrette réiren.
  • Vinägrette iwert der ganzer Zaloot verdeelen.
  • Eier opschloen, Rahm, Salz an Peffer ënnermëschen.
  • An enger waarmer Pann bëssen Botter erhëtzen an Eiertriwel brooden. Subal déi färdeg as leen ech se op Zaloot.
  • zum Schluss streien ech Schalotten na driwer

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Poulet Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*